CIS Weiler-Putscheid

CIS Weiler-Putscheid Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de CIS Weiler-Putscheid, Caserne des pompiers, 10 Rue Principale, Weiler.

Gëschter krute mir eng Aweisung an enger Ambulanz. Dëst well mir dack bei Asätz enk zesumme schaffen; z.B. bei Autosacci...
05/05/2026

Gëschter krute mir eng Aweisung an enger Ambulanz. Dëst well mir dack bei Asätz enk zesumme schaffen; z.B. bei Autosaccidenter oder der Transporthëllef vu Patienten. Eng Ambulanz oder am Pompjeesjargon "RTW", ass am CIS Weiler-Putscheid keng stationéiert an dowéinst deene Meeschte manner geleefeg. Am Noutfall ass et awer wichteg, dass och mir d’Material dora fanne fir den Ambulancieren ze hëllefen, sou dass si sech op de Patient konzentréieren kënnen, wärend mir d‘"Logistik" vum Material iwwerhuele kënnen.

Gëschter hu mir ee Rappel a Saachen Absturzsicherung gemaach. An éischter Linn geet et dobäi ëm Eegesécherheet a Persoun...
10/04/2026

Gëschter hu mir ee Rappel a Saachen Absturzsicherung gemaach. An éischter Linn geet et dobäi ëm Eegesécherheet a Persounerettung.

Gëscht Owend ass bei eis am CIS den aktuellen Asazplang fir d’Veiner Schlass virgestallt ginn, fir dass all Pompjee besc...
17/03/2026

Gëscht Owend ass bei eis am CIS den aktuellen Asazplang fir d’Veiner Schlass virgestallt ginn, fir dass all Pompjee beschtméiglech op een eventuellen Asaz präparéiert ass. No der Theorie hu mir d'Handhabung vun FPNP Pompelen trainéiert, déi och am virgenannten Interventiounsplang eng wichteg Roll spillen.

De Samsde ware mir Deel vun enger gréisserer Übung am Veianer Schlass. Szenario war een Daachstullbrand. Et goung drëm e...
09/03/2026

De Samsde ware mir Deel vun enger gréisserer Übung am Veianer Schlass. Szenario war een Daachstullbrand. Et goung drëm en iwwerschafftenen Asazplang an der Praxis ze testen.

Gëschter hu mir ee wichtege Rappel a Saachen Tür- a Fensteröffnung gemaach. Außerdem gouf déi méi rabiat Variant vun der...
13/02/2026

Gëschter hu mir ee wichtege Rappel a Saachen Tür- a Fensteröffnung gemaach. Außerdem gouf déi méi rabiat Variant vun der Türöffnung trainéiert; et gouf mam Halligan-Tool geschafft. Béides musse mir am Asazfall séier a präzis uwende kënnen.

De Méinden Owend hu mir ee wichtege Rappel gemaach, den eis bei quasi all Asaz zugut ka kommen. Et goung ëm d’Kniet, déi...
18/12/2025

De Méinden Owend hu mir ee wichtege Rappel gemaach, den eis bei quasi all Asaz zugut ka kommen. Et goung ëm d’Kniet, déi de Pompjee kënne muss. Dës déngen z.B. der Ofsécherung oder Befestegung vu Material. Zousätzlech hu mir d’Opmaache vun Diere trainéiert. Dëst hëlleft eis an enger Noutsituatioun séier an ee Gebai ran ze kommen.

Gëschter Owend hu mir ee Rappel a Saache Reanimatioun a Spineboard gemaach. Béides kann een net oft genuch trainéieren. ...
18/11/2025

Gëschter Owend hu mir ee Rappel a Saache Reanimatioun a Spineboard gemaach. Béides kann een net oft genuch trainéieren. Am Eeschtfall kann dat Liewe retten an zu engem professionellen Oflaf bäidroen.

Gëscht Owend hu mir Standardasazreegel (SER) trainéiert. Et geet drëm dësen Oflaf aus dem FF ze beherrschen, fir am Eesc...
21/10/2025

Gëscht Owend hu mir Standardasazreegel (SER) trainéiert. Et geet drëm dësen Oflaf aus dem FF ze beherrschen, fir am Eeschtfall séier ze agéieren.

24/09/2025
Gëscht Owend hu mir ee klénge Rappel a Saache Pompele gemaach. Zumools bei dem aktuelle Wieder ass et wichteg, dass mir ...
26/08/2025

Gëscht Owend hu mir ee klénge Rappel a Saache Pompele gemaach. Zumools bei dem aktuelle Wieder ass et wichteg, dass mir net alt ze vill Drénkwaasser notzen an am Eeschtfall och wëssen, wéi mir eis Waasser aus engem Floss oder aus enger anerer Waasserquell besuergen.

Adresse

10 Rue Principale
Weiler
9466

Téléphone

+352497715200

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CIS Weiler-Putscheid publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager