ADR Walfer - Steesel

ADR Walfer - Steesel Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de ADR Walfer - Steesel, Organisation politique, Walferdange.

Nee zum Projet, deen d’Haaptstrooss nach méi komplizéiert mécht!D’Gemeng Walfer plangt de Reamenagement vun der N7 deen ...
27/05/2026

Nee zum Projet, deen d’Haaptstrooss nach méi komplizéiert mécht!

D’Gemeng Walfer plangt de Reamenagement vun der N7 deen glaich soll starten. Op Pabeier kléngt dat no „Liewensqualitéit“, „Begréngung“ a „mobilité douce“. An der Realitéit bedeit et awer virun allem: manner Parkplazen, méi Aschränkungen an nach méi Drock op eis lokal Geschäfter an hir Clienten.

Eis Commerçanten op der Haaptstrooss si schonn haut op gutt zougänglech Parkplazen ugewisen. Wien séier bei de Bäcker, an d’Apdikt, bei de Coiffer oder an aner Geschäfter wëll, brauch praktesch Parkméiglechkeeten. Wann dës Plazen elo ewechfalen oder duerch Beem, Vëlospisten an Ideologie ersat ginn, da bezuelen um Enn d’Geschäfter an d’Bierger de Präis.

Mir stellen eis och d’Fro: Brauche mir wierklech nach méi Vëlospisten op enger Haaptverkéiersachs, wou et ronderëm scho méi roueg Niewestroossen a Velosweeër gëtt? Muss ausgerechent d’Haaptstrooss nach méi verengt, ëmgebaut a mat grénge Symbolprojeten iwwerluede ginn?

Fir eis ass kloer: Eng Gemeng muss fir hir Bierger, hir Geschäfter an hir alldeeglech Realitéit plangen a net géint si. Liewensqualitéit heescht net, datt ee Parkplazen zerstéiert an de lokale Commerce schwächt.

Mir als ADR Sektioun Walfer si kategoresch géint dëse Projet an fuerderen, datt d’Gemeng d’Interesse vun de Bierger an de Commerçanten endlech eescht hëlt.

Kee Projet géint d’Leit. Kee Projet géint de lokale Commerce. Kee weidere grénge Symbolismus op Käschte vu Walfer.

18/05/2026

D’ADR-Sektioun Walfer/Steesel versteet d’Suerge vun den Awunner vu Walfer a fuerdert d’Gemengeverwaltung op, endlech konsequent Moossnamen ze huelen, fir déi ëmmer méi problematesch Verkéierssituatioun ze verbesseren.

Mir schwätze eis kloer géint déi onduerchduechte Stroossespären a Plastiksinselen an der Rue du Chemin de Fer aus. Amplaz de Verkéier sënnvoll ze berouegen, féieren dës Mesuren zu méi Stau, méi Onrou an enger däitlecher Verschlechterung vun der Liewensqualitéit fir d’Awunner. De konstante Kaméidi, d’Ëmweeër an déi schlecht Verkéiersféierung sinn op Dauer net méi akzeptabel.

Gläichzäiteg verlaange mir, datt zukünfteg Chantieren endlech besser koordinéiert a mat méi Virsiicht geplangt ginn. Et kann net sinn, datt een no deem anere Projet d’Verkéierslag verschäerft, ouni déi konkret Auswierkungen op d’Bierger seriö ze berücksichtegen.

Elo soll och nach d’Route de Diekirch an dëse Chaos mat eragezu ginn. Wéini hält dat endlech op?

Walfer brauch eng duerchduecht Verkéierspolitik a keng weider Experimenter op Käschte vun den Awunner.
Stopp mam Verkéierschaos. Elo!

-FR-

La section ADR Walfer/Steinsel comprend pleinement les inquiétudes des habitants de Walferdange et demande à l’administration communale de prendre enfin des mesures sérieuses et efficaces pour améliorer une situation de circulation devenue insupportable.

Nous nous opposons clairement aux fermetures de routes mal pensées et aux îlots en plastique installés dans la rue du Chemin de Fer. Loin d’apporter une solution durable, ces aménagements provoquent davantage de bouchons, de nuisances et une dégradation évidente de la qualité de vie des riverains. Le bruit permanent, les détours imposés et l’organisation chaotique du trafic ne sont plus acceptables.

Nous exigeons également que les futurs chantiers soient enfin mieux planifiés, mieux coordonnés et pensés en tenant réellement compte de leur impact sur les habitants. Il n’est pas admissible que projet après projet, la circulation soit encore davantage perturbée, sans vision globale ni considération suffisante pour les citoyens.

Et voilà qu’à présent, la route de Diekirch risque elle aussi d’être plongée dans le chaos. Jusqu’où ira-t-on ? Quand cela va-t-il enfin s’arrêter ?

Walferdange a besoin d’une politique de mobilité réfléchie, pas d’expérimentations imposées au détriment des habitants.
Stop au chaos routier. Maintenant !

Adresse

Walferdange

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque ADR Walfer - Steesel publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager