29/09/2025
Mir haten dëst Joer nees eisen traditionelle Pompjee-Ausfluch. Moies fréi si mir zesummen op Sinsheim gefuer, wou mir e ganzen Dag am Technik-Musée verbruecht hunn. Do hu mir vill spannend Saachen entdeckt: Oldtimer, Fligeren, Zich a souguer déi berüümten Concorde.
Nom interessante Musée hu mir eis nees op de Wee heem gemaach. Owes si mir nach op Useldeng gefuer, wou mir an de Restaurant Um Wier iesse gaange sinn. Bei guddem Iessen a flottem Gespréich hate mir zesummen e schéinen Owend.
Als Comité vun der Amicale wëlle mir dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci un all eis Memberen aussoen. Dir hutt iwwert d’Joer net nëmme vill fir d’Amicale gemaach, mee och vill Zäit a Kraaft an äert Engagement als Pompjee geluecht.
Eise Respekt geet un iech alleguer – sief et fir d’Stonnen, déi dir op Permanencë verbruecht hutt, oder d’Bereetschaft, bei all Asaz do ze sinn, wann een iech gebraucht huet. Är Disponibilitéit an äre Fräiwëllegen-Asaz maachen e groussen Ënnerscheed a si net selbstverständlech.
Vun eiser Säit: villmools Merci a mir zielen och an Zukunft op äre flotten Zesummenhalt!🫶