déi gréng

déi gréng Méi Léift. Manner Haass! A leschter Zäit ass den Toun op de soziale Medie méi rau ginn. Wann Dir kommentéiere wëllt, maacht dat w.e.g.

Dofir wëlle mer heimat nach eemol op d'Reegele verweisen, déi op eiser Facebook-Säit gëllen. Ausdrécklech erlaabt an erwënscht si kontrovers Diskussiounen an och konstruktiv Kritik. an engem sachlechen Toun, am géigesäitege Respekt an am Bezuch op de Sujet, ëm deen et geet. Net toleréiert sinn all Forme vun Diskriminéierung (Friemefeindlechkeet, Homophobie, Sexismus, etc.), Beleidegunge géint priv

at Persounen an och Gruppe vu Leit, Hetz an Haass, Spam, bewossten Offtopic, an d'Verbreede vu Falschinformatiounen. An deem Sënn behale mir eis d'Recht fir, Commentairen ze läschen an hir Auteuren ze blockéieren. Mir wëllen och drop opmierksam maachen, datt Beleidegungen, Opruff zu Haass oder Gewalt strofbar sinn, an entspriechend Beiträg un de Parquet weider geleet ginn. Eis Mataarbechter, déi eis sozial Medie moderéieren, schaffe keng 24/24h. Wann Iech eppes opfält, wat moderéiert misst ginn, hutt w.e.g. e bësse Gedold oder sot eis Bescheed, falls der mengt, et wier iwwersi ginn.Merci fir Äre Versteesdemech.

14/09/2026

Rise and shine, léif Regierung☀️

D’Klimakris ass längst do. Si waart net op besser Ëmfroen, de richtege Moment oder bis Klimaschutz kee méi „nervt“. Et gëtt Zäit, endlech erëm richteg Klimapolitik ze maachen!

10/09/2026

Um World Su***de Prevention Day wëlle mir drun erënneren, dass et zu Lëtzebuerg Plaze ginn, wou een dir nolauschtert a wou s du beroden an ënnerstëtzt gëss.

📞 SOS Détresse: 45 45 45
📞 Kanner-Jugendtelefon, fir Kanner a Jonker bis 25 Joer: 116 111

Wann et akut ass oder s du a Gefor bass: Ruff den 112 un oder géi direkt an déi nächst Urgence.

An och wann et net ëm dech selwer geet: Wann s du dir Suergen ëm eng Persoun méchs, schwätz se un. Eng éierlech Fro an en oppent Ouer kënnen en Ënnerscheed maachen 💚

09/09/2026

Nach näicht ze dinn e Samschden? Da komm eis op gréng Rentrée -Akademie & Summerfest! 🎉

Mellt iech iwwert dëse Link un, fir déi lescht Plazen an eise Workshops ze kréien. ➡️ greng.lu/formulaire-umellung-grengt-summerfest-13-09/

💚

08/09/2026

Braderie 2026 😍💚

07/09/2026

44 % dierfe kee kal loossen. Mee Angscht, Resignatioun an d'Gefill, d'AfD wier souwisou net méi ze stoppen, spillen de Rietsextremen just an d'Kaarten.

44 % sinn net 100 %. An eis Äntwert kann net sinn, d'Rhetorik an d'Fuerderunge vun der AfD ze kopéieren. Mir mussen do usetzen, wou Onzefriddenheet entsteet: de Leit nolauschteren, hir reell Suergen eescht huelen, sozial Ongerechtegkeete bekämpfen a Perspektive schafen.

Dat heescht eng Politik, déi do ass, wou d'Leit sech am Alldag eleng gelooss fillen. Déi dofir suergt, datt Aarbecht sech lount, Wunnen bezuelbar ass, den ëffentlechen Transport funktionéiert an d'Leit allgemeng erëm méi Bock op Zukunft hunn.

An et heescht gläichzäiteg, eng kloer Grenz ze zéien: Rassismus, Ausgrenzung an d'Siche vum Sündenbock léise keen eenzege vun dëse Problemer.

D'Demokratie verdeedege mer, andeems mer weisen, datt demokratesch Politik d'Liewe vun de Mënsche konkret besser maache kann.

44 % sinn alarméierend. Mee 44 % sinn net 100 %. An déi aner 56 % si Grond genuch, net opzeginn.

Mir gréng loosse net locker! ✊

🎡💚 Mir waren zesummen op d'Schueberfouer!E flotten Owend mat gudder Laun, vill flotte Gespréicher an enger gudder Zäit z...
06/09/2026

🎡💚 Mir waren zesummen op d'Schueberfouer!
E flotten Owend mat gudder Laun, vill flotte Gespréicher an enger gudder Zäit zesummen.✨

Merci un all déi, déi dobäi waren! 🌱🎠

31/08/2026

🎉 Den 12. September ass et esou wäit: eis gréng Rentrée – Summerfest & Akademie steet un! 🌻💚

Start de Moie mat engem Atelier, deen dech interesséiert – vu Sozialpolitik iwwer Geopolitik bis bei Schreif- a Presentatiounstechniken oder philosophesch Froen iwwert gesellschaftlecht Engagement.

Ab 12h30 geet et weider mam Summerfest: 🍔 Foodtrucks, 🍦 Glacen, 🎶 Live-Musek, 🎨 Face-Painting, 🏰 Sprangschlass, 📚 Geschichten, 👕 Kleedertausch, 🍺 Beerpong, 🌽 Corn-Hole a villes méi – fir Grouss a Kleng!

📍 Géisserei, Weimerskierch
🗓️ 12. September
🕤 9h30 – 17h

Egal ob s du scho Member bass oder einfach mol wëlls laanscht kucke kommen:
Jiddereen*t ass häerzlech wëllkomm! 💚

Umeldung: https://greng.lu/formulaire-umellung-grengt-summerfest-13-09/

A sengem Beitrag huet den Yves Steffen, Gemengeconseiller a Member vum Comité exécutif, sech mat enger Fro auserneegesat...
27/08/2026

A sengem Beitrag huet den Yves Steffen, Gemengeconseiller a Member vum Comité exécutif, sech mat enger Fro auserneegesat, déi eis all betrëfft: Wéi kënne mir d’Natur, d’Klima an eis Liewensqualitéit besser schützen?

Dréchent, Hëtzt, Versigelung an de Verloscht vu Gréngfläche sinn net méi nëmmen Zukunftsthemen. Si sinn elo Realitéit.

👉De ganzen Artikel liesen a matdiskutéieren: https://www.tageblatt.lu/Meinung/Och-de-Premier-brauch-e-gesonde-Besch-76504.html

Lëtzebuerg ass voller Damp. A wéi reagéiert d'Regierung? Wou ass d'Warnung? Wou sinn d'Informatiounen?💨Den Damp, deen ak...
17/08/2026

Lëtzebuerg ass voller Damp. A wéi reagéiert d'Regierung? Wou ass d'Warnung? Wou sinn d'Informatiounen?💨

Den Damp, deen aktuell iwwer Lëtzebuerg läit, ass net nëmmen "sténkeg", en ass och geféierlech. Déi héich Fäinstëbsbelaaschtung kann och Konsequenze fir eis Gesondheet hunn. Einfach just ze soen, d'Fënsteren an d'Dieren zouzemaachen, geet net duer.

Wiederstatiounen wéi Météo Réimech a Météo Boulaide hunn héich Feinstaubwäerter registréiert an d'Loftqualitéit gëtt op verschiddene Plazen als schlecht agestuuft.

Besonnesch PM2.5 ass problematesch, well dës ganz kleng Partikelen déif an d'Longe kënnen andréngen. Méiglech Konsequenze sinn Houscht, irritéiert Aen an Otemweeër, Otemproblemer oder eng Verschlechterung vun Asthma. Grad vulnerabel Leit musse sech ELO schützen.

An wat seet d'Regierung? Wou ass déi kloer an zentral Warnung vun hinnen?
Aktuell mussen d'Leit sech d'Informatiounen iwwer d'Loftqualitéit an déi néideg Schutzmoossnamen op verschiddene Säite selwer zesummesichen. Grad an esou enger Situatioun brauch et awer eng séier, zentral, séier a verständlech Kommunikatioun.

D'Leit missten ELO kloer informéiert ginn:
➡️ Aktivitéiten a Sport dobausse reduzéieren.
➡️ Kierperlech Ustrengung am Fräie limitéieren.
➡️ Fënsteren an Dieren zouhalen a Ventilatiounen ofschalten
➡️ Besonnesch Kanner, eeler Leit a vulnerabel Persoune schützen.
➡️ Bei Otemnout oder staarke Beschwerden medezinesch Hëllef sichen.

Mir fuerderen d'Regierung op, hir Verantwortung ze iwwerhuelen an d'Bevëlkerung kloer, zentral a séier ze informéieren.

A virun allem soe mir MERCI un all d'Pompjeeën, Secouristen, Baueren a Fräiwëlleger, déi aktuell géint d'Feier kämpfen an d'Leit schützen 🙏

13/08/2026

Wësst der, wat wierklech nervt? Eng Regierung, déi d’Klimakris nach ëmmer net eescht genuch hëlt. Während Europa een Hëtztrekord nom anere brécht, d’Felder an D’Flëss ausdréchnen a Bëschbränn apokalyptesch Dimensiounen unhuelen, bezuelen d’Leit längst de Präis vun der Klimakris.

Mir brauchen endlech neess eng Klimapolitik, déi hiren Numm och verdéngt, déi d’Klimaziler net just um Pabeier verzeidegt, mee och am Real life.

D’Klimakris mécht keng Paus, just well d’Regierung eng mécht.

Adresse

96, Rue Du Kiem
Strassen
8030

Téléphone

+3522748271

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque déi gréng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à déi gréng:

Raccourcis

Partager