31/05/2026
E gelongene Weekend zu Steinheim (Westfalen) geet op en Enn.
D’Steinheimer Tage, déi dëst Joer bei de Pompjeeë vum nördlechste Steinheim am Kader vun hirem 150. Anniversaire stattfonnt hunn, hunn nees bal all déi verschidde Steenemer Pompjeeën zesummebruecht. Och vun eis huet eng Délégatioun vum CIS an der Amicale de Wee op sëch gehuel fir un der Feier deel ze huelen. D’Festivitéite ronderëm dëse Jubiläum goufen duerch e Volleksfest mat Live-Musek a ville Stänn an der Stad encadréiert.
Et war eng grouss Freed, nees esou vill bekannt Gesiichter erëmzegesinn an Zäit mateneen ze verbréngen: e gelongene Weekend, dee vill Spaass gemaach huet an nach laang a gudder Erënnerung bleiwe wäert.
E ganz besonnesche Merci geet u Steinheim (Westfalen) fir déi exzellent Organisatioun an natierlech fir d‘Aluedung.
Deelgeholl hunn:
Steinheim (Westfalen)
Steinheim (Allgäu)
Steinheim an der Murr
Steinheim (Hungen)
Steinheim (Hanau)
Steinheim (Neu-Ulm)
Steinheim (Dillingen)
Steinheim – Steenem (Lëtzebuerg)
Leider huet Steinheim am Albuch wéinst enger Pann um Wee dohinner missen kuerzfristeg ofsoen.
Mir freeën eis schonn elo drop, wann et nees heescht: Steinheimer Tage! 😊🚒