Centre d'Incendie et de Secours Steinfort-Koerich

Centre d'Incendie et de Secours Steinfort-Koerich Einsatzzentrum Steinfort-Koerich

Centre d‘Incendie et de Secours Steinfort-Koerich Dies ist die offizielle Facebook-Seite vom Einsatzzentrum Steinfort.

Regelmässige Updates zu Übungen und sonstigen Veranstaltungen werden hier veröffentlicht.

31/05/2026

[ 🥾Marche Internationale de Diekirch 2026 🪖]

De Weekend waren ee puer vun eis zesumme mat de Kolleege vum op Dikrech op d'Marche internationale. Bei herrlechem Wieder hu si sech beid Deeg den 20 km gestallt. Mat Schong voller Féiss, der enger oder anerer Bloder a ganz vill Schweess, hu si dëse Challenge gemeeschtert 🌳⛅

09/05/2026

Mir si prett a waarden nëmmen op ären Besuch💪🏽🚨🚒🚑

[Dag bei den Pompjeeën - Parking 🅿️]Muer ass et sou wäit! Muer fënnt den Dag bei de Pompjeeën zu Stengefort beim Pompjee...
08/05/2026

[Dag bei den Pompjeeën - Parking 🅿️]

Muer ass et sou wäit! Muer fënnt den Dag bei de Pompjeeën zu Stengefort beim Pompjeeszenter statt! 🤩🚒

Wësst dir nach net wei dir bei eis kennt kommen oder wou dir sollt parken? Keen Problem! Hei fannt dir all neideg Informatiounen. 🅿️🚌

Parking: P+R Steinfort (19, route d'Arlon L-8410 Steinfort)
(Den Parking an der Rue Collart beim Pompjeesbau ass während eisem Event net accessibel.)

Buslinnen dei um "Steinfort, Um Quai" stoen bleiwen: 750, 802, 811, 831.

Mir freeën eis drop Iech muer bei eis kënnen ze begréissen! 🤩

#112

[Dag bei de Pompjeeën 09.05.2026 🚒🚑]Mir kënnen et kaum erwaarden dass endlech Weekend ass, well dann ass endlech eisen D...
04/05/2026

[Dag bei de Pompjeeën 09.05.2026 🚒🚑]

Mir kënnen et kaum erwaarden dass endlech Weekend ass, well dann ass endlech eisen Dag bei de Pompjeeën zu Stengefort! 🤩😎

Mir freeën eis Iech eisen Hobby kënnen virzestellen an hoffen Iech bei guddem Wieder an flotter Stëmmung kennen ze begréissen! ☀️

Fir Iessen an Gedrénks ass natierlech och gesuergt an mir hunn Iech och e puer Besonneschheeten unzebidden! 🍕🍹

Sieft gespaant an kommt en Samsden laanscht! 🥳

#112

26/04/2026

12 Gesiichter, 1 Hobby ❤️🔥

Kannst du dech mat de Wäerter aus dem Video identifizéieren? Teamgeescht, Engagement an Zesummenhalt sinn dir wichteg?

Da komm den 9. Mee bei eisen Daag bei de Pompjeeën 🚒 a loos dech selwer iwwerzeegen! Mir freeën eis op dech!

[BVEG - Übung 🚒🌳] Geschter Owend haaten mir zesummen mam CIS Habscht eng Vegetatiounsbrand Übung. Sou sinn dei 2 CIS‘en ...
25/04/2026

[BVEG - Übung 🚒🌳]

Geschter Owend haaten mir zesummen mam CIS Habscht eng Vegetatiounsbrand Übung. Sou sinn dei 2 CIS‘en elo gudd virbereed fir wann et am Summer rem waarm gëtt. 🥵☀️

Centre d'Incendie et de Secours Hobscheid

🚒 Dag bei de Pompjeeën 09.05.2026 🚑Dir Sidd interesséiert den 09. Mee bei eis op den "Dag bei den Pompjeeën" ze kommen m...
23/04/2026

🚒 Dag bei de Pompjeeën 09.05.2026 🚑

Dir Sidd interesséiert den 09. Mee bei eis op den "Dag bei den Pompjeeën" ze kommen mee Dir wësst nach net wat Iech erwaart? Kee Problem! Hei fannt dir all dei neideg Informationen dei Dir braucht. 😎

Mir freeën eis op Iech! 🤩

📅 Datum: 09.05.2026
📍 Plaz: 12, rue Collart L-8414 Steinfort - Beim Asazzenter Stengefort
⏰ Auerzäit: 10:00 - 17:00

Kommt laanscht a verbréngt e flotte Dag bei eis! 🚒🔥

Mir wellen awer och eisen Ënnerstëtzer e groussen Merci soen! Ouni sie wier dëst Event net meigleg.

Restaurant La Campagna
LUCAS

TeamWear Concept
Landschaftsgäertnerei Hilbert

20/04/2026

🚒 Dag bei de Pompjeeën 09.05.2026 🚑

Den 09. Mee 2026 ass et esou wäit! Mir maachen eis Dieren op a freeën eis, Iech bei eisem „Dag bei de Pompjeeën“ begréissen ze dierfen. 🤩

👨‍🚒 Entdeckt eis Aarbecht aus noer Distanz
🔥 Spannend Demonstratiounen vun verschiddenen Asazszenarien
🚑 Eis Gefierer an Ausrüstung entdecken
👧👦 Animatioun fir Grouss a Kleng
🍔 Iessen & Gedrénks

Egal ob Dir einfach virwëtzeg sidd oder Iech fir d’Pompjeeë interesséiert – jiddereen ass häerzlech wëllkomm!

📅 Datum: 09.05.2026
📍 Plaz: 12, rue Collart L-8414 Steinfort - Beim Asazzenter Stengefort
⏰ Auerzäit: 10:00 - 17:00

Kommt laanscht a verbréngt e flotte Dag bei eis! 🚒🔥

08/01/2026

[MdA Eisrettung 🧊🚒]

Och dëst Joer hunn mir rem eng Übung mat der Spezialunitéit vun den Taucher (GSAQ) organiséiert, bei där mir konnten üben wei een eng Persoun dei an d'Äis agebrach ass, secher kann retten. 🧊❄️

Merci un eis Kollegen vum Centre d'Incendie et de Secours Hobscheid an vum CIS Koler. 🚒

Merci un eis Formateur'en vum GSAQ fir den Training. 🤿

Silvesterpermanence 2025-2026 vum CIS Stengefort-Käerch (mam HLF & RTW1) a vum CIS Habscht (mam LF) 💪🏼🔥    #2026
31/12/2025

Silvesterpermanence 2025-2026 vum CIS Stengefort-Käerch (mam HLF & RTW1) a vum CIS Habscht (mam LF) 💪🏼🔥 #2026

Adresse

12, Rue Collart
Steinfort
L-8414

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre d'Incendie et de Secours Steinfort-Koerich publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager