DP Gemeng Stengefort

DP Gemeng Stengefort Offiziellen Account vun der DP Stengefort 💙 Emmer en oppent Ouer fir eis Matbierger*innen.

Haut waren mir eis als Sektioun och nees um DP - Demokratesch Partei Kongress vertrueden. Dëst Joer ass eisen Tresorier ...
07/06/2026

Haut waren mir eis als Sektioun och nees um DP - Demokratesch Partei Kongress vertrueden. DĂ«st Joer ass eisen Tresorier de Pit Bichel och direkt an den ComitĂ© directeur gewielt ginn. 🎉

Eis Stengeforter Sektioun ass dementspriechend am hĂ©chste Gremium vun der Partei vertrueden đŸ’Ș💙

Haut ass e grousse Moment fir eis als DP Stengefort. Eise laangjÀrege Conseiller Daniel Frieden huet sÀi Mandat am Gemen...
04/06/2026

Haut ass e grousse Moment fir eis als DP Stengefort. Eise laangjĂ€rege Conseiller Daniel Frieden huet sĂ€i Mandat am Gemengerot ofginn. Haut gouf dann och direkt d’Mireille Doemer als nei ConseillĂšre vereedegt.

Mir wĂ«llen dĂ«se Moment notze fir dem Dan ganz grousse Merci ze soen. SĂ€it 1999 hues du dĂ€i Mandat als Conseiller an Ă©ischte SchĂ€ffe mat IntegritĂ©it a voller Iwwerzeegung erfĂ«llt. Du hues Stengefort iwwer Joren aktiv mat geprÀÀgt a mat denger wĂ€ertvoller Aarbecht dozou bĂ€igedroe, dass eis Gemeng ginn ass, wat se elo ass. Du hues net gezĂ©ckt och onbequeem Froen ze stellen an has Ă«mmer den Interet vun den Awunner vun der Gemeng am Kapp. Du waars a bass eng BerĂ€icherung fir dĂ«s Gemeng a mir wĂ«nschen dir fir deng zukĂŒnfteg Projeten alles Guddes. Nach emol aus dem dĂ©ifsten HĂ€erz e ganz grousse Merci!

Mir wënschen dann och direkt dem Mireille vill Erfolleg a Freed a senger neier Funktioun als ConseillÚre.

ZĂ«nter 2002 bass du an eiser Gemeng doheem. Als Mamm vun zwee Jongen hues du dech Ă«mmer erĂ«m fir d’Liewen an der Gemeng engagĂ©iert, waars Presidentin vun der Jugendkommissioun vum Fussball a bass haut en aktive Member vum ComitĂ© vum Rido 85.

Mat dengem Engagement wĂ€erts du eng plus-value fir d’Gemeng sinn a mir wĂ«ssen, dass du dech mat voller Bereetschaft aktiv fir liberal WĂ€erter an d’Bierger vun der schĂ©inster Gemeng aus dem LandwĂ€erts asetzen.

Mir wënschen dir vill Erfolleg, gutt Decisiounen an eng glécklech Hand bei dengem Asaz fir eis Gemeng.

©Commune de Steinfort

22/05/2026

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

E Mëttwoch ass am Luxemburger Wort en Interview mat der Chrëschtlech Sozial Vollekspartei Stengefort zum Schoul Referendum publizéiert ginn. Mir wollten nach emol ausdrécklech eis Stellung ausdrécken.

Mir als DP Stengefort si ganz kloer fir eng Zentral Schoul, allerdĂ©ngs net um Site „a Backent“. Mir hu ganz kloer de Gesamtprojet vun der CSV fir „a Backent“ net Ă«nnerstĂ«tzt dee wĂ€it mĂ©i wĂ©i nĂ«mmen eng Schoul virgesinn an aner potentiell EntwĂ©cklungsmĂ©iglechkeete blockĂ©iert hĂ€tt. DowĂ©inst hu mir de Referendum net Ă«nnerstĂ«tzt.

Dann musse mer och kloer stellen, dass mir dĂ«s Positioun net hunn, well mir dem Educatiounsminister net wĂ«llen op d’FĂ©iss trĂ«ppelen. Mir als DP Stengefort sinn dofir, dass eng Ă«ffentlech regional Europaschoul zu Stengefort sollt gebaut ginn, an dĂ«se Projet sollt kloer um Site op „a Backent“ realisĂ©iert ginn.

Dëse Projet ass scho viru lÀngerer ZÀit am Gemengerot prÀsentéiert ginn, allerdéngs hunn sech déi aner Parteien net wierklech interesséiert gewisen. Fir eis eng vergonne Chance...

Mir bedaueren, dass am Interview eng Matschold fir d’Scheitere vum Referendum bei den anere Parteie gesicht gouf. Mir gĂ©ife souwuel d’Oppositioun wĂ©i och d’MajoritĂ©it an der Gemeng dorĂ«ms biede keng Hypotheesen iwwert d’Positioune vun anere Parteien ze verbreeden ouni sech ze informĂ©ieren oder de Kontakt ze sichen. E gesonde politeschen Discours soll sech nĂ€mlech op Fakte berouen.

đŸ‡±đŸ‡ș LĂ©iw Biergerinnen a Bierger,Mat de ganzen Diskussiounen dĂ©i an de leschte Wochen zur đŸ«Zentralschoul waren, wollte mir...
27/03/2026

đŸ‡±đŸ‡ș LĂ©iw Biergerinnen a Bierger,

Mat de ganzen Diskussiounen dĂ©i an de leschte Wochen zur đŸ«Zentralschoul waren, wollte mir als DP emol kloer Stellung huelen.

Mir plĂ€dĂ©iere scho sĂ€it ville Jore fir eng Zentralschoul zu Stengefort, wat mir och an eise leschte Walprogrammer emmer nees festgehal hunn. Eng Zentralschoul huet vill Avantagen – virun allem fir eis Kanner:

👉 Eng modern Schoul besteet aus mĂ©i wĂ©i just KlassersĂ€ll. Et brauch ee đŸ„—Kantinne, 📖BibliothĂ©iken, 🏃SportssĂ€ll
 DĂ«s sollen fir all Kanner disponibel sinn an dat geet am beschten iwwert eng Zentralschoul
👉 MĂ©i effizient Notzung vun Infrastrukturen a verhĂ«nnert de Besoin fir duebel Strukturen
👉 Keng konstant Deplacementer fir d’Kanner a LĂ©ierpersonal tĂ«scht 2 Campussen
👉 Manner 🚗VerkĂ©ier, mat engem duerchduechten VerkĂ©ierskonzept

Mir wĂ€erten de Referendum vun der CSV awer NET Ă«nnerstĂ«tzen aus dem einfache Grond, well e fir eis ze wĂ€it geet. Mir si kloer fir eng Zentralschoul, mee mir soen NEE zum Site „a Backent“ fir dĂ«s Schoul an och ganz kloer NEE zum Projet deen d’CSV direkt mat virschlĂ©it!
Mir als DP sti fir fir eng verantwortungsvoll an nohalteg Schoulpolitik:
👉 eng Zentralschoul, dĂ©i pĂ€dagogesch iwwerzeegt,
👉 finanziell machbar bleift
👉 an op laang Siicht am Interessi vun eise Kanner an eiser Gemeng lĂ€it.

Fannt eis detailléiert Positioun ënnert dësem Link: https://www.dp.lu/stengefort/

đŸ‡«đŸ‡· ChĂšres concitoyennes, chers concitoyens,

Avec toutes les discussions autour de đŸ«l’école centrale au cours des derniĂšres semaines, nous, en tant que DP, souhaitions prendre clairement position.

Nous plaidons depuis de nombreuses annĂ©es pour une Ă©cole centrale Ă  Steinfort, ce que nous avons d’ailleurs toujours rĂ©affirmĂ© dans nos derniers programmes Ă©lectoraux. Une Ă©cole centrale prĂ©sente de nombreux avantages – surtout pour nos enfants :

👉Une Ă©cole moderne ne se limite pas Ă  des salles de classe. Elle nĂ©cessite une đŸ„—cantine, des 📖bibliothĂšques, des 🏃salles de sport
 Ces infrastructures doivent ĂȘtre accessibles Ă  tous les enfants, ce qui est le mieux garanti par une Ă©cole centrale.
👉 Une utilisation plus efficace des infrastructures, Ă©vitant la crĂ©ation de structures en double.
👉Plus de dĂ©placements constants pour les enfants et le personnel enseignant entre deux sites.
👉Moins de 🚗trafic, grĂące Ă  un concept de mobilitĂ© bien pensĂ©.

Nous ne soutiendrons toutefois pas le rĂ©fĂ©rendum proposĂ© par le CSV, pour la simple raison qu’il va trop loin Ă  nos yeux. Nous sommes clairement en faveur d’une Ă©cole centrale, mais nous disons NON au site « A Backent » pour cette Ă©cole, et tout aussi clairement NON au projet que la CSV propose directement avec celui ci.

En tant que DP, nous défendons une politique scolaire responsable et durable :
👉une Ă©cole centrale qui convainc sur le plan pĂ©dagogique,
👉qui reste financiĂšrement rĂ©alisable,
👉et qui, Ă  long terme, sert les intĂ©rĂȘts de nos enfants et de notre commune.

Vous trouverez notre position détaillée sous ce lien : https://www.dp.lu/stengefort/

Eng propper Gemeng ass eng flott Gemeng! De Moie frei ware mer scho ganz aktiv an hu fleisseg eng Hand ugepak bei der gr...
21/03/2026

Eng propper Gemeng ass eng flott Gemeng! De Moie frei ware mer scho ganz aktiv an hu fleisseg eng Hand ugepak bei der grousser Botz.

Mir soen Iech all e grousse Merci dass du zu souvill op eise Kéisowen komm sidd. Et war wéi all Joers e ganz flotten Owe...
03/03/2026

Mir soen Iech all e grousse Merci dass du zu souvill op eise Kéisowen komm sidd. Et war wéi all Joers e ganz flotten Owend a mir freeën eis schonn op déi nÀchst Editioun!

E grousse Merci un all eis Kollegen déi et op eise Neijoerschpatt komm ass an mat eis ugestouss huet. Mir freeën eis op ...
09/01/2026

E grousse Merci un all eis Kollegen déi et op eise Neijoerschpatt komm ass an mat eis ugestouss huet.

Mir freeĂ«n eis op 2026 a stinn weider fir d’Bierger vun der Gemeng Stengefort an.

Adresse

10, Rue De Koerich
Steinfort
L-8437

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque DP Gemeng Stengefort publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message Ă  DP Gemeng Stengefort:

Raccourcis

Partager