D’Amicale vum CIS Suessem-Déifferdeng - SaDiff

D’Amicale vum CIS Suessem-Déifferdeng - SaDiff Centre d'Incendie et de secours Sanem-Differdange (SaDiff) Rettungsdienste

03/06/2026
+++ Regionale Cross +++De leschte Samschden ass zu Rodange de Pompjeescross vun der Regioun Süden organiséiert ginn. Véi...
18/05/2026

+++ Regionale Cross +++

De leschte Samschden ass zu Rodange de Pompjeescross vun der Regioun Süden organiséiert ginn. Véier Jugendpompjeeën vun eisem Zenter hunn un dësem Cross deelgeholl an dobäi ganz flott Resultater erreecht.

Bei de Pupilles 2 Dammen konnt eng Sëlwer-Medail gewonnen ginn, wärend bei de Junior Hären souguer eng Gëlle-Medail erkämpft gouf.

Mir gratuléieren eisen Jugendpompjeeën ganz häerzlech zu dëse flotte Leeschtungen a si houfreg op hiren Asaz an hiert Engagement.

++++ Übung Jugendpompjeeën ++++Bei der wöchentlecher Übung goufen d’Jugendpompjeeën an de Grondlage vun der Éischt Hëlle...
26/04/2026

++++ Übung Jugendpompjeeën ++++

Bei der wöchentlecher Übung goufen d’Jugendpompjeeën an de Grondlage vun der Éischt Hëllef geschult. Dobäi hu si geléiert, wéi een Verbänn fachgerecht uleet an wéi een e KED-System (Kendrick Extrication Device) korrekt asetzt. Dës Method déngt der schounender Rouegstellung an der sécherer Rettung vu verletzte Persounen, besonnesch bei Autosaccidenter oder aus schwéier zougängleche Beräicher, wann de Verdacht op eng Verletzung vun der Wirbelsail besteet.

Parallel dozou huet eng zweet Grupp d’Reanimatioun Schrëtt fir Schrëtt systematesch an no der Praxis geübt.

++++ Cortège Déifferdenger Kiermes ++++Leschte Freiden huet d’Ouverture vun der Déifferdenger Kiermes stattfonnt, déi tr...
22/04/2026

++++ Cortège Déifferdenger Kiermes ++++

Leschte Freiden huet d’Ouverture vun der Déifferdenger Kiermes stattfonnt, déi traditionell mat engem Cortège duerch Déifferdeng gefeiert gouf. Eis Jugendpompjeeën hunn, wéi all Joer, aktiv un dësem Cortège deelgeholl.

📸CIS SaDiff, Joanna Hudyka photography

++++ Jugendübung ++++Leschte Samschden hunn d’Übungen vun eisen Jugendpompjeeën no der Ouschtervakanz nees ugefaangen. U...
20/04/2026

++++ Jugendübung ++++

Leschte Samschden hunn d’Übungen vun eisen Jugendpompjeeën no der Ouschtervakanz nees ugefaangen. Um Programm stoung eng Aféierung an d’Grondlage vun der Diagnostik, bei där déi jonk Pompjeeën geléiert hunn, wéi een verschidde vital Parameter korrekt ophëlt an evaluéiert. Zousätzlech gouf de fachgerechten Ëmgang mam Brancard an dem Droostull trainéiert. Ofgeronnt gouf d’Formatioun duerch praktesch Übungen am Beräich vun der Immobilisatioun, mat Fokus op Sécherheet an Teamaarbecht.

+++ Ouschtereeërverkaaf +++Dëse Weekend huet déi zweet Editioun vun eisem Ouschtereeërverkaaf stattfonnt. Am Virfeld hat...
05/04/2026

+++ Ouschtereeërverkaaf +++

Dëse Weekend huet déi zweet Editioun vun eisem Ouschtereeërverkaaf stattfonnt. Am Virfeld haten eis Jugendpompjeeën an der Woch virdrun ronn 900 Ouschtereeër mat vill Engagement gemoolt a gefierft.

De Samschden virun Ouschteren konnten déi am Viraus bestallten Ouschtereeër am Zenter ofgeholl ginn. Bei där Geleeënheet ass och den Ouschterhues fir e kuerze Besuch laanschtkomm.

Mir soen all deene Leit e grousse Merci, déi eis Aktioun ënnerstëtzt hunn.

17/01/2026
Déi ganz Equipe vum SaDiff wënscht iech all schéi a sécher Chrëschtdeeg an elo schonn e schéint neit Joer 2026 🎅🎄🍾🎁
23/12/2025

Déi ganz Equipe vum SaDiff wënscht iech all schéi a sécher Chrëschtdeeg an elo schonn e schéint neit Joer 2026 🎅🎄🍾🎁

Adresse

29, Scheierhaffstrooss
Soleuvre
4492

Téléphone

592041

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque D’Amicale vum CIS Suessem-Déifferdeng - SaDiff publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à D’Amicale vum CIS Suessem-Déifferdeng - SaDiff:

Partager