Piraten Bezierk Osten

Piraten Bezierk Osten Den Bezierk Osten vun der Piraten Lëtzebuerg.

10/09/2026

COMMUNIQUÉ:
Demokratie gehéiert de Bierger

D’Piratepartei wäert sech net un der sougenannter „Plattform fir Demokratie“ vu CSV, DP, LSAP an déi Gréng bedeelegen.

Fir eis ass d’Äntwert kloer: Nee.

Mir Piraten sti fir Demokratie, Rechtsstaatlechkeet a Meenungsfräiheet. Mee fir Internetzensur, ëmmer méi Kontroll vun Online-Plattformen an d’Aschränkung vu fräie Meenunge sti mir net zur Verfügung.

Strofrelevant Inhalter, Menacen oder Opriff zu Gewalt musse verfollegt ginn. Dofir hu mir Gesetzer an e Rechtsstaat. Mee Demokratie bedeit och, Kritik an onbequem Meenungen auszehalen.

CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn och kee Monopol op Demokratie.

Zu Lëtzebuerg ginn et weider demokratesch Parteien, wéi d’Piraten, Fokus oder déi Lénk. Um Enn ass et de Bierger, dee bei de Walen decidéiert, wie säi Vertraue kritt.

An genee dee Wielerwëlle muss respektéiert ginn.

An de leschte Joren hunn déi traditionell Parteien souwuel an der Chamber wéi och an eenzele Gemenge gewielte Piraten-Mandatsträger an hir Reien opgeholl. Dës Mandater goufen awer mat Piratenstëmme gewonnen.

Wann esou Mandater duerno benotzt ginn, fir déi eege Muecht ze erhalen oder ze stäerken, ass et schwéier, sech gläichzäiteg als besonnesche Verdeedeger vum Wielerwëllen duerzestellen.

D’Bierger hunn Piraten gewielt, net CSV, LSAP oder déi Gréng.

Datt déi véier traditionell Parteien elo ëmmer méi enk zesummeréckelen, iwwerrascht eis net. D’Piraten ginn op ville Plaze méi staark.

Zu Péiteng hu mir 2023 18,74 % an 4 vun 19 Sëtz erreecht. 2017 waren et nach 9,18 %. Gläichzäiteg ass d’CSV do vu 41,26 % op 29,28 % gefall.

Och zu Réimech mat 14,65 %, zu Suessem mat 8,27 % an zu Käl/Téiteng mat 8,01 % weisen d’Piraten, datt vill Bierger eng aner Politik wëllen.

Grad do, wou mir méi staark ginn, erliewe mir ëmmer nees, wéi déi véier traditionell Parteie versichen, hir al Muechtstrukturen ze verdeedegen an d’Piraten politesch kleng ze halen.

Dobäi sinn et genee CSV, DP, LSAP an déi Gréng, déi sech zanter Joerzéngten an der Regierungsverantwortung ofwiesselen. Si hunn d’Gesetzer gestëmmt, d’Regierunge gestallt an droen domat eng grouss Verantwortung fir déi aktuell Situatioun am Land.

Wann d’Bierger onzefridde sinn, ass d’Äntwert net méi Kontroll vum Internet an och net e politesche Block vu véier Parteien.

D’Äntwert ass, de Wielerwëllen ze respektéieren.
Demokratie gehéiert net 4 Parteien.

Demokratie gehéiert de Bierger!

Piratepartei Lëtzebuerg

🙏🙏🙏🙂🙂🙂Wou e Wëllen ass, ass e Wee… ausser an der Politik! 🤡🔥Do zielt anscheinend net, ob eng Iddi gutt ass, mee vu wiem ...
29/08/2026

🙏🙏🙏🙂🙂🙂

Wou e Wëllen ass, ass e Wee… ausser an der Politik! 🤡🔥

Do zielt anscheinend net, ob eng Iddi gutt ass, mee vu wiem se kënnt.

Hues de déi „falsch“ Parteikaart an der Täsch, gëtt eng gutt Iddi léiwer ofgeschoss, wéi dem politesche Géigner eemol Recht ze ginn. 😡

Ego a Parteigeknätz virum gesonde Mënscheverstand an duerno wonnere se sech, firwat d’Leit d’Flemm kréien! 🤡🙏💥

Eng Iddi wou ech schons 2018 geschriwwen hunn fir ons Autobunnen zu Lëtzebuerg 🙏

Elo kommen déi Belsch domadder 🙏

All Dag den selwechten Zirkus op onsen Autobunnen , et sinn einfach ze vill Autoen déi Moies eran an Owes erausfueren , op dat Richtung Frankreich , Belsch oder Däitschland ass !

Solutioun !

1. Hannert all Grenz een Park and Ride maachen, dat kann dach net esou schwéier sinn !

2. Eng Vignette , zum Beispill als Ëmweltvignette an Mautvignette aféieren vun 250 Euro !

Esou huelen déi Leit den Zuch oder de Bus , well dat dann méi belleg gëtt !
Dann loossen se och hier Autoen hannert der Grenz stoen !

Dëst gëtt et och an Däitschland , London oder an aneren Länner !

3. Vun de P&R mat Bussen organiséiert , am 10 Minuten Takt an Stad an zëreck , dann klappt dat ouni Probleem !

4. Ons Stroossen ginn entlaascht , manner Accidenter an manner Stau 🙂

Le Luxembourg est sur la défensive depuis l'annonce choc faite par la Belgique 🇱🇺🇧🇪 https://infos.rtl.lu/news/frontieres/des-deputes-luxembourgeois-demandent-a-la-belgique-de-revoir-sa-copie-1742278705

20/07/2026
29/06/2026
23/06/2026

Die Piratenpartei sorgt sich um Gewalt, Vandalismus und Einbrüche in Remich. Zwei Minister widersprechen: Die Sicherheitslage sei gut.

Mir wënschen all de Mammen e schéine Mammendag. 🎉💜
14/06/2026

Mir wënschen all de Mammen e schéine Mammendag. 🎉💜

Adresse

Remich

Téléphone

+352691140001

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten Bezierk Osten publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Piraten Bezierk Osten:

Partager