Centre nature et forêt Biodiversum

Centre nature et forêt Biodiversum We are starting a new adventure … 🏞
Follow us now D’ANF garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site.

Dëse Site gëtt geréiert vun der Naturverwaltung (ANF) a soll d'Bierger*innen iwwer d'Aarbecht vun der Naturverwaltung informéieren. D’ANF kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. D’ANF kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun Informatiounen duerch aner Quellen. D’ANF kann net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun den Informatioune

n duerch aner Persounen. D'Weblinken op dësem Site kënnen op aner Sitte weiderleeden, déi net vun der ANF administréiert ginn. D’ANF ass just fir hiren eegene Contenu responsabel an net fir deen op anere Sitten, op déi eventuell weidergeleet gëtt. Cette page est gérée par l’Administration de la nature et des forêts (ANF) et vise l'information du grand public sur les activités de l’Administration de la nature et des forêts. L’ANF assure au mieux l’exactitude des informations diffusées sur cette page. Cependant, sa responsabilité ne saurait être retenue notamment en cas d’omission d’une information, en cas d’erreurs ou en cas de lacunes dans les informations fournies. L’ANF ne saurait être tenu responsable de l'utilisation qui peut être faite par des tiers des informations fournies sur cette page. Les liens sur cette page peuvent conduire vers des sites qui ne sont pas gérés par l’Administration de la nature et des forêts. L’ANF n’est pas responsable des informations ou services fournis par ces sites.

11/07/2025

𝗟𝗶𝘃𝗶𝗻𝗴 𝗛𝗶𝘀𝘁𝗼𝗿𝘆 𝗧𝗵𝗲𝗺𝗲𝗻𝗱𝗮𝗴: 𝗞𝗹𝗲𝗲𝗱𝘂𝗻𝗴 𝗮𝗻 𝗧𝗲𝘅𝘁𝗶𝗹𝗵𝗶𝗲𝗿𝘀𝘁𝗲𝗹𝗹𝘂𝗻𝗴 𝗯𝗲𝗶 𝗱𝗲 𝗞𝗲𝗹𝘁𝗲𝗻
[Pour 🇫🇷 regarde dans les commentaires 👇]
🗓 Samschdeg, 20. Juli 2025 | 10:00–17:00 Auer
📍 Naturschutzzenter Biodiversum Remerschen

Daucht an an déi faszinéierend Welt vun der keltescher Moud an Textilkonscht! Den 20. Juli gëtt d’Biodiversum zur Zeen vu lieweger Geschicht. Entdeckt, wéi kreativ, nohalteg a stilvoll d’Kelte scho viru méi wéi 2000 Joer waren.

👗✨ 𝗪𝗮𝘁 𝗲𝗿𝘄𝗮𝗮𝗿𝘁 𝗶𝗲𝗰𝗵?
🔹 Live-Virféierungen um Gewiichtswiefstull – erlieft live, wéi Stoffer entstane sinn (Workout inklusive 💪)
🔹 Briedercherwiewen a Spannen – bal sou cool wéi de Spiderman, just mat richtege Fiedem 🕸️
🔹 Planzenfierwerei – kuckt, wéi d’Kelten hir Stoffer mat Naturfaarwen verschéinert hunn 🌿
🔹 Presentatiounen iwwert d’Textilhandwierk bei de Kelten – léiert alles iwwert Faseren, Techniken a Moud 🐑
🔹 Keltesch Kleeder fir Unzeprobéieren (wie seet, Tuniken a Röhrekleeder wieren aus der Moud? 🥻) – schlüpft an d’Gewänner vun de Kelten a gitt Deel vun der Living History 🎭
🔹 Kanner-Atelieren: Spanne mat der Handspëndel a Wiewen op Rummen – Geschicht fir matzemaachen 🧶

✨ Living History Gruppen an Duersteller sinn dee ganzen Dag sur place. Stellt hinne Froen, probéiert Techniken aus a fillt iech fir een Dag wéi eng keltesch Prinzessin oder e keltesche Prënz.
➡️ 𝗚𝗿𝗮𝘁𝗶𝘀 𝗘𝗻𝘁𝗿é𝗲. 𝗞𝗲𝗻𝗴 𝗨𝗺𝗲𝗹𝗱𝘂𝗻𝗴 𝗻é𝗶𝗱𝗲𝗴..
Kommt laanscht an erlieft Geschicht live a mat alle Sënner – e spannenden Dag fir déi ganz Famill!

Organiséiert vum CNF Biodiversum a vum INRA - Institut national de recherches archéologiques.

.

11/07/2025

𝗟𝗶𝘃𝗶𝗻𝗴 𝗛𝗶𝘀𝘁𝗼𝗿𝘆 𝗧𝗵𝗲𝗺𝗲𝗻𝗱𝗮𝗴: 𝗞𝗹𝗲𝗲𝗱𝘂𝗻𝗴 𝗮𝗻 𝗧𝗲𝘅𝘁𝗶𝗹𝗵𝗶𝗲𝗿𝘀𝘁𝗲𝗹𝗹𝘂𝗻𝗴 𝗯𝗲𝗶 𝗱𝗲 𝗞𝗲𝗹𝘁𝗲𝗻
[Pour 🇫🇷 regarde dans les commentaires 👇]
🗓 Sonndeg, 20. Juli 2025 | 10:00–17:00 Auer
📍 Naturschutzzenter Biodiversum Remerschen

Daucht an an déi faszinéierend Welt vun der keltescher Moud an Textilkonscht! Den 20. Juli gëtt de Biodiversum zur Zeen vu lieweger Geschicht. Entdeckt, wéi kreativ, nohalteg a stilvoll d’Kelte scho viru méi wéi 2000 Joer waren.

👗✨ 𝗪𝗮𝘁 𝗲𝗿𝘄𝗮𝗮𝗿𝘁 𝗶𝗲𝗰𝗵?
🔹 Live-Virféierungen um Gewiichtswiefstull – erlieft live, wéi Stoffer entstane sinn (Workout inklusive 💪)
🔹 Briedercherwiewen a Spannen – bal sou cool wéi de Spiderman, just mat richtege Fiedem 🕸️
🔹 Planzenfierwerei – kuckt, wéi d’Kelten hir Stoffer mat Naturfaarwen verschéinert hunn 🌿
🔹 Presentatiounen iwwert d’Textilhandwierk vun de Kelten – léiert alles iwwer Faseren, Techniken a Moud 🐑
🔹 Keltesch Kleeder fir Unzeprobéieren (wie seet, Tuniken a Röhrekleeder wieren aus der Moud? 🥻) – schlüpft an d’Gewänner vun de Kelten a gitt Deel vun der Living History 🎭
🔹 Kanner-Atelieren: Spanne mat der Handspëndel a Wiewen op Rummen – Geschicht fir matzemaachen 🧶

✨ Living-History-Gruppen an Duersteller sinn dee ganzen Dag sur place. Stellt hinne Froen, probéiert Techniken aus a fillt iech fir een Dag wéi eng keltesch Prinzessin oder e keltesche Prënz.
➡️ 𝗚𝗿𝗮𝘁𝗶𝘀 𝗘𝗻𝘁𝗿é𝗲. 𝗞𝗲𝗻𝗴 𝗨𝗺𝗲𝗹𝗱𝘂𝗻𝗴 𝗻é𝗶𝗱𝗲𝗴..
Kommt laanscht an erlieft Geschicht live a mat alle Sënner – e spannenden Dag fir déi ganz Famill!

Organiséiert vum CNF Biodiversum a vum INRA - Institut national de recherches archéologiques.

.

03/03/2025
[Pour 🇫🇷  regarde dans les commentaires 👇] Dësen Account ass net méi aktiv. Dir fannt eis elo op den Accounts vun der Na...
03/03/2025

[Pour 🇫🇷 regarde dans les commentaires 👇]
Dësen Account ass net méi aktiv. Dir fannt eis elo op den Accounts vun der Naturverwaltung.

Mir soe Merci fir däi bestännege Support an hoffen, dass du eis bei eiser nächster Aventure begleets. 🏞

Denkt drun, wéinst der Bicherwoch hu mir haut op!!! Kommt no engem Tour an der Sonn am schéinen Naturschutzgebitt laansc...
17/02/2025

Denkt drun, wéinst der Bicherwoch hu mir haut op!!! Kommt no engem Tour an der Sonn am schéinen Naturschutzgebitt laanscht an de Biodiversum a wiermt iech op! Kuckt mat eis vill flott Bicher oder besicht eis Ateliere fir Grouss a Kleng!

Lëtzebuerg um traurege Podium. Als zweet Land vun der Welt an éischt Land vun Europa, erreecht Lëtzebuerg schonn haut de...
17/02/2025

Lëtzebuerg um traurege Podium. Als zweet Land vun der Welt an éischt Land vun Europa, erreecht Lëtzebuerg schonn haut den Overshoot-Day. Dat heescht den Dag, wou déi gesamt natierlech Ressourcë vun engem ganze Joer opgebraucht sinn.

© PHOTO: Global Footprint Network

11/02/2025

Découverte du Kamishibaï et lecture d’un conte.
Création d’une histoire Kamishibaï avec les enfants de 7 à 11 ans en français sur les animaux du Biodiversum.
A la fin de l’activité les enfants peuvent repartir avec leurs illustrations ou les dessins restent au Biodiversum ?

Inscription jusqu'au 15.2.

🤩 ̠B̠̠i̠̠c̠̠h̠̠e̠̠r̠̠w̠̠o̠̠c̠̠h̠📖 an der Fuesvakanz am Centre nature et forêt Biodiversum zu Remerschen, all Dag vun 10:...
07/02/2025

🤩 ̠B̠̠i̠̠c̠̠h̠̠e̠̠r̠̠w̠̠o̠̠c̠̠h̠📖 an der Fuesvakanz am Centre nature et forêt Biodiversum zu Remerschen, all Dag vun 10:00 bis 17:00 Auer. 🤩 Wat gëtt et alles?
📍 Vill kreativ Ateliere fir Kanner an Erwuessener 🔖
📍 Open mic' Poetry Slam Owend 🎙
📍 Bicherliesungen 📜
📍 Klangrees 🎶
📍 Spillowend 🎲
📍 E Lieseck fir ze chillen 🦥
📍 A villes méi! Klick op de Link hei, fir de ganze Programm ze gesinn a fir sech unzemellen: https://www.eventbrite.de/e/bicherwoch-semaine-du-livre-tickets-1117508380649?aff=oddtdtcreator

A natierlech déi neist Bicher um Bichermaart 📚 mat Haaptfokus op der Natur 🌱 an der Archeologie 🤠 !
Reservéiert iech eng Plaz an engem Atelier a kommt tëschent dem 15. an 23. Februar laanscht an de Biodiversum! Et gëtt richteg vill ze entdecken! 🤓
❗️DÄERF GANZ GÄRE GEDEELT GINN 😃❗️
̈cherliebe

Leider musse mir vu Dënschdeg, den 28.1.2025 bis Freides, den 31.1.2025 inclus de Biodiversum zouloossen. Merci fir Är V...
27/01/2025

Leider musse mir vu Dënschdeg, den 28.1.2025 bis Freides, den 31.1.2025 inclus de Biodiversum zouloossen. Merci fir Är Versteesdemech.

Leider haben wir von Dienstag, den 28.1.2025 bis Freitag, den 31.1.2025 geschlossen. Vielen Dank für Ihr Verständnis.

Nous sommes malheureusement fermés du mardi 28.1.2025 au vendredi 31.1.2025 inclus. Nous vous remercions de votre compréhension.

💚 Gëschter hate mir Besuch vun Dëschtelpéckercher um Wee direkt nieft dem Biodiversum. Op Däitsch Distelfink oder Stiegl...
09/01/2025

💚 Gëschter hate mir Besuch vun Dëschtelpéckercher um Wee direkt nieft dem Biodiversum.
Op Däitsch Distelfink oder Stieglitz, op Franséisch Chardonneret élégant genannt, pickt hie gär a Gruppen no Som.
Seng schéi Faarwe liichten dat ganzt Joer iwwer. Mee net nëmmen un hire Faarwe si si gutt ze erkennen. Och de lëschtege Gesang an de welleförmege Fluch sinn onverkennbar. Den Dëschtelpéckchen ass d'ganzt Joer bei eis oder zitt kuerz Strecken. Hie frësst gär de Som vu Bierken an Elleren, mee och vu Staude wéi zum Beispill vun der Kardel.

🌱 D'Kardel (de: Karde, fr: Cardère à foulon) ass eng zweejäreg, krauteg wuessend Planz mat Picken a Blieder, déi rosettenförmeg wuessen. Si bitt villen Insekte Pollen an Nektar, versuergt si awer och mat Waasser, well si Tau a Reen an hire Blieder opfänkt a fir déi kleng Déiere bereet hält. Och den Dëschtelpéckche profitéiert vun dëser Planz a pickt sech mat sengem spatze Schniewel de Som aus dem Kapp vun der Planz.

🐝 Well d'Karde sou eng grouss Plus-value fir d'Natur a fir d'Biodiversitéit huet, loosse mir si op ville Plazen am Gebitt stoen an hunn och am Gemengegaart vu Schengen ee Feld vun hinne stoe gelooss, fir och eis Bestëbser z'ënnerstëtzen.

❄️ De Biodiversum geet vum 21.12.2024 bis de 6.1.2025 inclus an de Wanterschlof. ❄️ D'Ekipp vum Biodiversum wënscht Iech...
19/12/2024

❄️ De Biodiversum geet vum 21.12.2024 bis de 6.1.2025 inclus an de Wanterschlof. ❄️
D'Ekipp vum Biodiversum wënscht Iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch 🎄

❄️ Das Biodiversum macht vom 21.12.2024 bis zum 6.1.2025 Winterschlaf. ❄️
Das Team vom Biodiversum wünscht Ihnen schöne Feiertage und einen guten Rutsch ins neue Jahr 🎄

❄️ Le Biodiversum hibernera du 21.12.2024 au 6.1.2025 inclus. ❄️
L'équipe du Biodiversum vous souhaite de bonnes fêtes et une bonne année 🎄

Adresse

5, Bréicherwee
Remerschen
5441

Heures d'ouverture

Mardi 10:00 - 17:00
Mercredi 10:00 - 17:00
Jeudi 10:00 - 17:00
Vendredi 10:00 - 17:00
Samedi 10:00 - 17:00
Dimanche 10:00 - 17:00

Téléphone

+35224756531

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre nature et forêt Biodiversum publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Centre nature et forêt Biodiversum:

Partager