SICONA - Naturschutzsyndikat

SICONA - Naturschutzsyndikat Syndicats intercommunaux du Centre & du Sud-Ouest pour la Conservation de la Nature Wëllkomm um Facebook-Site vu SICONA!

Hei fann dir aktuell Veranstaltungen an Noriichte ronderëm den Naturschutzsyndikat SICONA!

07/09/2026
𝐖𝐞̈𝐥𝐥𝐤𝐨𝐦𝐦 𝐛𝐞𝐢 𝐍𝐚𝐭𝐮𝐫 𝐠𝐞𝐧𝐞́𝐢𝐬𝐬𝐞𝐧!👨‍🌾🚜Mir freeën eis, de Betrib vum Alain Thorn zu Féngeg als weideren neie Partner bei  𝑁𝑎...
03/09/2026

𝐖𝐞̈𝐥𝐥𝐤𝐨𝐦𝐦 𝐛𝐞𝐢 𝐍𝐚𝐭𝐮𝐫 𝐠𝐞𝐧𝐞́𝐢𝐬𝐬𝐞𝐧!👨‍🌾🚜

Mir freeën eis, de Betrib vum Alain Thorn zu Féngeg als weideren neie Partner bei 𝑁𝑎𝑡𝑢𝑟 𝑔𝑒𝑛𝑒́𝑖𝑠𝑠𝑒𝑛 begréissen ze kënnen!🎉 Nieft der Produktioun vu regionalem Fleesch leescht de Betrib e wichtege Bäitrag zum Erhalt vun eiser Natur- a Kulturlandschaft.🐄🌿

Den Haff Thorn mécht bei 10 Biodiversitéitsprogrammer mat. Dobäi spillen ënner anerem seng aartenräich Wisen eng wichteg Roll – zum Beispill am Schutzgebitt Bofferdénger Mouer, wou extensiv genotzte Wisen e wäertvolle Liewensraum fir vill Planzen an Déieren bidden.🦋 Zudeem bewirtschaft den Haff vill Flächen an enger gutt strukturéierter, naturnoer Gewan.🐦

E grousse Merci fir den Engagement am Projet 𝑁𝑎𝑡𝑢𝑟 𝑔𝑒𝑛𝑒́𝑖𝑠𝑠𝑒𝑛!💚
👉Méi Informatiounen iwwert déi neist Entwécklungen fannt Dir am Thema vum Mount: https://sicona.lu/natur-geneissen-mir-iessen-nohalteg-a-gesond-3/

02/09/2026

𝐂𝐨𝐮𝐧𝐭𝐝𝐨𝐰𝐧 𝐨𝐧! 🫶📅 - 𝐍𝐚𝐭𝐮𝐫𝐦𝐮𝐬𝐞́𝐞 𝐅𝐞𝐬𝐭 𝟐𝟎𝟐𝟔!

📅: 13.09.2026 ⏰: 11:00-18:00
📍: 25, rue Münster, 2160 Luxembourg, Musée national d'histoire naturelle Luxembourg - Naturmusée

Wéi all Joers ass de SICONA och mat engem Stand dobai! 🤩

Mir freeën eis Iech all begréissen ze kennen!

𝐌𝐚𝐭 𝐞 𝐩𝐮𝐞𝐫 𝐇𝐚𝐧𝐝𝐠𝐫𝐞̈𝐟𝐟𝐞𝐫 𝐯𝐮𝐦 𝐐𝐮𝐞𝐥𝐥𝐡𝐚̈𝐢𝐬𝐜𝐡𝐞𝐧 𝐳𝐮 𝐞𝐧𝐠𝐞𝐫 𝐅𝐥𝐢𝐞𝐝𝐞𝐫𝐦𝐚𝐮𝐬𝐯𝐢𝐥𝐥𝐚! 🦇🏘️Zesumme mat der ANF an der Gemeng Helperknapp g...
01/09/2026

𝐌𝐚𝐭 𝐞 𝐩𝐮𝐞𝐫 𝐇𝐚𝐧𝐝𝐠𝐫𝐞̈𝐟𝐟𝐞𝐫 𝐯𝐮𝐦 𝐐𝐮𝐞𝐥𝐥𝐡𝐚̈𝐢𝐬𝐜𝐡𝐞𝐧 𝐳𝐮 𝐞𝐧𝐠𝐞𝐫 𝐅𝐥𝐢𝐞𝐝𝐞𝐫𝐦𝐚𝐮𝐬𝐯𝐢𝐥𝐥𝐚! 🦇🏘️

Zesumme mat der ANF an der Gemeng Helperknapp gouf e fréiert Quellhäischen zu engem Flantermausparadäis ëmfunktionéiert. De lokale Fierschter a seng Ekipp hunn Upassungen un der Dier gemaach fir d’Quellhäischen zougänglech ze maachen an eng hëlze Verkleedung bannen am Haus installéiert fir d’Quartéier ze optiméieren. Uschléissend huet de SICONA sech drëms gekëmmert, datt déi passend Fliedermauskëschten a sougenannte „Gewölbesteine“ ubruecht gi sinn. Dës kënnen d’Flantermais an Zukunft Wanter wéi Summer notzen. 🦇🦇🦇

Merci fir dës flott, onkomplizéiert Zesummenaarbecht. 🙌

Administration de la nature et des forêts, Gemeng Helperknapp

𝐄𝐧𝐠 𝐟𝐚𝐚𝐫𝐰𝐞𝐠 𝐛𝐥𝐞́𝐢𝐞𝐧𝐝 𝐔𝐟𝐞𝐫𝐯𝐞𝐠𝐞𝐭𝐚𝐭𝐢𝐨𝐮𝐧 𝐦𝐚𝐭 𝐝𝐞 𝑾𝒆̈𝒍𝒍𝒑𝒍𝒂𝒏𝒛𝒆𝒔𝒐𝒎 𝑳𝒆̈𝒕𝒛𝒆𝒃𝒖𝒆𝒓𝒈-𝐒𝐭𝐚𝐮𝐝𝐞𝐧💦🌸 Dir wëllt e Weier oder  eng Baach natur...
31/08/2026

𝐄𝐧𝐠 𝐟𝐚𝐚𝐫𝐰𝐞𝐠 𝐛𝐥𝐞́𝐢𝐞𝐧𝐝 𝐔𝐟𝐞𝐫𝐯𝐞𝐠𝐞𝐭𝐚𝐭𝐢𝐨𝐮𝐧 𝐦𝐚𝐭 𝐝𝐞 𝑾𝒆̈𝒍𝒍𝒑𝒍𝒂𝒏𝒛𝒆𝒔𝒐𝒎 𝑳𝒆̈𝒕𝒛𝒆𝒃𝒖𝒆𝒓𝒈-𝐒𝐭𝐚𝐮𝐝𝐞𝐧💦🌸

Dir wëllt e Weier oder eng Baach naturno gestalten?🌱🐸 Mat den heemesche Wëllstaude vum 𝑊𝑒̈𝑙𝑙𝑝𝑙𝑎𝑛𝑧𝑒𝑠𝑜𝑚 𝐿𝑒̈𝑡𝑧𝑒𝑏𝑢𝑒𝑟𝑔 kënnt Dir net nëmmen eng faarweg bléiend Ufervegetatioun schafen, mee och e wäertvolle Liewensraum fir Insekten an aner Déiere schafen.🐝🦋

Hei e puer wonnerschéi Beispiller mam Dausendknuet (𝐿𝑦𝑡ℎ𝑟𝑢𝑚 𝑠𝑎𝑙𝑖𝑐𝑎𝑟𝑖𝑎), mam Weiderech (𝐿𝑦𝑠𝑖𝑚𝑎𝑐ℎ𝑖𝑎 𝑣𝑢𝑙𝑔𝑎𝑟𝑖𝑠), der Lëschteblumm (𝐼𝑟𝑖𝑠 𝑝𝑠𝑒𝑢𝑑𝑎𝑐𝑜𝑟𝑢𝑠) an der Flääschblumm (𝐿𝑦𝑐ℎ𝑛𝑖𝑠 𝑓𝑙𝑜𝑠-𝑐𝑢𝑐𝑢𝑙𝑖).💛💜 Entdeckt dës an nach vill aner heemesch Wëllstauden op wellplanzen.lu a bréngt méi Villfalt a Faarwen ronderëm Äre Weier!💦

🛍Dir fannt se hei: Lëlljer Gaart, Op der Schock, Lycée Technique Agricole, CNDS an am Atelier Hondsburren

𝐃𝐞 𝐖𝐚̈𝐞𝐫𝐭 𝐯𝐮𝐧 𝐞𝐢𝐬𝐞 𝐌𝐨𝐮𝐞𝐫𝐞𝐧 💦💚Nach ëmmer si mir schockéiert iwwert d’Biller vum Feier am Naturschutzgebitt Hohes Venn (𝐻𝑎...
28/08/2026

𝐃𝐞 𝐖𝐚̈𝐞𝐫𝐭 𝐯𝐮𝐧 𝐞𝐢𝐬𝐞 𝐌𝐨𝐮𝐞𝐫𝐞𝐧 💦💚

Nach ëmmer si mir schockéiert iwwert d’Biller vum Feier am Naturschutzgebitt Hohes Venn (𝐻𝑎𝑢𝑡𝑒𝑠 𝐹𝑎𝑔𝑛𝑒𝑠). Dëst Feier huet en déifgräifende Schued hannerlooss. De wäertvolle Mouer-Ekosystem gouf staark geschiedegt a soumat ass och de Liewensraum vu ville spezialiséierte Planzen an Déieren zerstéiert ginn.

Mouere sinn esou vill méi wéi just „𝗻𝗮𝗮𝘀𝘀 𝗙𝗹𝗮̈𝗰𝗵𝗲𝗻“:

💚 𝗦𝗶 𝘀𝗽𝗮̈𝗶𝗰𝗵𝗲𝗿𝗲 𝗶𝗺𝗺𝗲𝗻𝘀 𝘃𝗶𝗹𝗹 𝗞𝘂𝗲𝗹𝗲𝘀𝘁𝗼𝗳𝗳
💚 𝗿𝗲𝗴𝘂𝗹𝗲́𝗶𝗲𝗿𝗲𝗻 𝗱𝗲 𝗪𝗮𝗮𝘀𝘀𝗲𝗿𝗵𝗮𝘂𝘀𝗵𝗮𝗹𝘁
💚 𝗵𝗲̈𝗹𝗹𝗲𝗳𝗲 𝗴𝗲́𝗶𝗻𝘁 𝗜𝘄𝘄𝗲𝗿𝘀𝗰𝗵𝘄𝗲𝗺𝗺𝘂𝗻𝗴𝗲𝗻
💚 𝗮 𝘀𝗶 𝗿𝗲𝗲𝗴𝗲𝗹𝗿𝗲𝗰𝗵𝘁 𝗕𝗶𝗼𝗱𝗶𝘃𝗲𝗿𝘀𝗶𝘁𝗲́𝗶𝘁𝘀-𝗛𝗼𝘁𝘀𝗽𝗼𝘁𝘀!

Intakt Mouere sinn dofir e wichtege Bestanddeel vum Klima- an Naturschutz.

An der Vergaangenheet si vill Moueren duerch grouss Entwässerungen dréche geluecht ginn, wat dozou gefouert huet, dat den Torfkierper net méi intakt ass a d‘Moueren net méi hier Funktiounen erfëlle kennen. Dat kann net einfach ersat ginn – hei sinn opwenneg Renaturéierungen noutwenneg. De Waasserstand muss nees erhéicht ginn. Esou kënne si sech lues a lues regeneréieren, hir wichteg Ekosystemleeschtungen nees erfëllen an domat hire wichtege Bäitrag zum Klima- an Naturschutz leeschten. Et ass also ëmsou méi wichteg, déi verbleiwend Mouere konsequent ze schützen an ze erhalen. 💦💚

📷 © S. Schneider

De Wëllplanzesom Lëtzebuerg gëtt et op ville Plazen am Land ze kafen 👉 https://wellplanzen.lu/verkaufsstellen-der-lux-mi...
28/08/2026

De Wëllplanzesom Lëtzebuerg gëtt et op ville Plazen am Land ze kafen 👉 https://wellplanzen.lu/verkaufsstellen-der-lux-mischungen/
Eng dovun ass am Oekozenter an der Stad. 🙌💚

Das „Wëllplanzesom Lëtzebuerg“ Sortiment an Saatgutmischungen und Stauden ist der perfekte Weg Ihren Garten naturnah, einladend für Bestäuber und klimaangepasst zu gestalten. Mit dem Herbst kommen auch die idealen Wetterbedingungen, um Ihre Wiese oder einen Streifen anzusäen.

27/08/2026

A wat wiisst dann an a ronderëm eis Gewässer? D’Alena hëlt Iech mat op ee Waasserplanzemonitoring. 💦🌿

Wëllt dir wësse wéi eng Waasserplanze mir schonns am SICONA Gebitt noweise konnten? Da klickt Iech eran an eis Studie – de Link ass an de Kommentaren ze fannen!👇👇

🌿𝐑𝐞́𝐜𝐤𝐛𝐥𝐞́𝐜𝐤 𝐨𝐩 𝐝𝐞 𝟓. 𝐅𝐚𝐜𝐡𝐚𝐮𝐬𝐭𝐚𝐮𝐬𝐜𝐡 𝐳𝐮𝐦 𝐄𝐫𝐡𝐚𝐥𝐞 𝐯𝐮𝐦 𝐚𝐚𝐫𝐭𝐞𝐫𝐚̈𝐢𝐜𝐡𝐞 𝐆𝐫𝐞́𝐧𝐠𝐥𝐚𝐧𝐝🌿Fir d’Erhale vum aarteräiche Gréngland zesumm...
26/08/2026

🌿𝐑𝐞́𝐜𝐤𝐛𝐥𝐞́𝐜𝐤 𝐨𝐩 𝐝𝐞 𝟓. 𝐅𝐚𝐜𝐡𝐚𝐮𝐬𝐭𝐚𝐮𝐬𝐜𝐡 𝐳𝐮𝐦 𝐄𝐫𝐡𝐚𝐥𝐞 𝐯𝐮𝐦 𝐚𝐚𝐫𝐭𝐞𝐫𝐚̈𝐢𝐜𝐡𝐞 𝐆𝐫𝐞́𝐧𝐠𝐥𝐚𝐧𝐝🌿
Fir d’Erhale vum aarteräiche Gréngland zesumme virunzedreiwen, hu sech d’Acteuren aus dem Naturschutz an der Landwirtschaft fir déi fënneft Kéier zesummefonnt.

Am éischten Deel huet den Expert Sönke Beckmann vum Deutscher Verband für Landschaftspflege (DVL, Deutscher Verband für Landschaftspflege) den 30 Participanten d‘ Gemeinwohlprämie presentéiert – a wéi landwirtschaftlech Leeschtunge fir d‘Ëmwelt an d’Allgemengheet geziilt honoréiert kënne ginn.

Duerno si mir eis zesummen e Kallek-Hallefdrëschewues ukucke gaang. Am Fokus stoung d’extensiv Beweedung mat Ranner a Schof, sou wéi d’Problematik vun der Verbuschung.

Besonnesch op méi géien a schwéier zougängleche Fläche fënnt een nach aarteräich Weeden. Eng extensiv Summerbeweedung ass awer natierlech och op anere Fläche méiglech. Wichteg heibäi ass eng geréng Véidicht, keng Düngung an optimalerweis eng Beweedungspaus an der Haaptbléizäit vun de Planzen fir dës wäertvoll Liewensraim ze erhalen.

Merci un all d’Participanten fir de kollegialen Austausch! 🤝
Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité, Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture, Administration de la nature et des forêts, SIAS, Naturpark.lu, Fondation Hëllef fir d'Natur, Landwirtschaftskammer Luxemburg, Klima-Agence, IBLA - Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie Luxemburg, CONVIS, ASTA, SER

𝐄𝐧𝐠 𝐠𝐚𝐧𝐳 𝐛𝐞𝐬𝐨𝐧𝐧𝐞𝐬𝐜𝐡 𝐏𝐥𝐚𝐳: 𝐝𝐞 𝐅𝐥𝐮𝐞𝐬𝐠𝐚𝐚𝐫𝐭! 🌸💦An der Gemeng Dippech leien um Fluesgaart wäertvoll Biotope direkt bei eneen....
25/08/2026

𝐄𝐧𝐠 𝐠𝐚𝐧𝐳 𝐛𝐞𝐬𝐨𝐧𝐧𝐞𝐬𝐜𝐡 𝐏𝐥𝐚𝐳: 𝐝𝐞 𝐅𝐥𝐮𝐞𝐬𝐠𝐚𝐚𝐫𝐭! 🌸💦

An der Gemeng Dippech leien um Fluesgaart wäertvoll Biotope direkt bei eneen. Laanscht d‘Baach „Grouf“ si Fiichtwisen a Quellsëmpf, déi en Habitat fir vill rar Planze sinn. 🌿 Si ginn duerch eng extensiv Notzung ouni Dünger oder Pestiziden an e geziilten Entretien optimal gefleegt. Fir dësen Oppelandbiotope nach méi Raum ze ginn, goufen Drainagen a Gehëlz ewech geholl an e Weier vergréissert.

Aarteräich Wise, Broochesträifen an Uferränner erméiglechen dëse besonneschen Aarteräichtum. Si bidde Liewensraum fir rar Vullenaarte wéi d’Weidemësch an de Suppejäizert. 🐦

Zesumme mat der Naturverwaltung an dem Waasserwirtschaftsamt konnt de SICONA mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng, de Proprietairen an dem Ëmweltministère dëse flotte Projet ëmsetzen. 💚

Gemeng Dippech Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité Administration de la gestion de l'eau Administration de la nature et des forêts

Adresse

12 Rue De Capellen
Olm
8393

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque SICONA - Naturschutzsyndikat publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à SICONA - Naturschutzsyndikat:

Raccourcis

Partager