Gemeng Noumer

Gemeng Noumer Dëst ass déi offiziell Säit vun der Gemengeverwaltung vun Noumer

14/09/2026

All déi Leit, déi interesseiert sinn, fir um Projet fir d’Stroumdeelen ze partizipéiren, kënne sech nach bis muer mellen. Et ass net nëmmen ee Projet fir Produzenten, mee och fir Konsumenten, déi keng PV-Anlag hunn. Weider Informatiounen an den entspriechende Formulaire fannt Dir bei eis um Site.

Hei drënner fannt Dir d’Ëmfro an dräi verschiddene Sproochen. Wann Dir op d’Dokument klickt, geet dat ganz Dokument op.

07/09/2026

"Renkebierg" - 07/09/2026 - 08/09/2026

28/08/2026
🇱🇺 Tëscht dem 4. an dem 7. September gëtt d’Fuerbunn um CR346 tëscht Schieren an dem Schierenerhaff erneiert. Fir d’Daue...
25/08/2026

🇱🇺 Tëscht dem 4. an dem 7. September gëtt d’Fuerbunn um CR346 tëscht Schieren an dem Schierenerhaff erneiert. Fir d’Dauer vun den Aarbechten ass d’Strooss op deem Deel komplett fir den Trafic gespaart.

🇫🇷 Entre le 4 et le 7 septembre, la couche de roulement du CR346 entre Schieren et le Schierenerhaff sera renouvelée. Pendant la durée des travaux, la route sera entièrement fermée à la circulation sur ce tronçon.

🇱🇺Sensibiliséierungscampagne iwwer d’Noutwendegkeet vun enger Autorisation vum Kulturministère fir e Metalldetekter am G...
17/08/2026

🇱🇺Sensibiliséierungscampagne iwwer d’Noutwendegkeet vun enger Autorisation vum Kulturministère fir e Metalldetekter am Groussherzogtum benotzen ze dierfen.

14/08/2026

🇱🇺 Geosite Champignon 🍄🥰 (🇬🇧 version below)

De Champignon huet säin Numm senger spezieller Form ze verdanken. Dës huet hien doduerch kritt, datt seng Spëtzt vun enger Sandsteenschicht gebild gëtt, déi der Verwitterung besser Stand hält, wéi seng Basis.

👉Ca. 50 Meter vum Champignon ewech ass ee Parking, deen et engem vereinfacht dëse besonnesche Geosite bei all Wieder ze besichen. Hei fänkt och ee Léierpad un, dee vill Wëssenswäertes iwwer d'Fläch ronderëm de Champignon verréit.

ℹ Wien d'Visite vum Champignon awer gär géif mat enger Wanderung kombinéieren, dee kann dat iwwer de lokale Wanderwee N4 maachen. Dëse Start bei der Gemeng zu Noumer, ass vu mëttlerem Schwieregkeetsgrad a ronn 5 km laang.☺️
--------
🇬🇧 Geosite Champignon 🍄🥰

The Champignon (mushroom) owes its name to its special shape. This is due to the fact that its top is formed by a sandstone layer which is more resistant against weathering than its base.

👉There is a car park about 50 metres from the Champignon, which makes it easy to visit this special geosite in all weathers. This is also the start of a nature trail that reveals a lot of interesting facts about the area around the geosite.

ℹ If you want to combine a visit to the Champignon with a hike, you can do so via the local hiking trail N4. It starts at the municipality in Nommern, is of medium difficulty and about 5 km long. ☺️

13/08/2026

🇱🇺 De SIDEC deelt mat, datt wéinst den héijen Temperaturen de Camion, dee muer d'Poubellen eidelmaache kënnt, scho vu 6 Auer moies un ënnerwee ass. Mir bieden Iech dowéinst drëm, Är Poubellë mat Zäiten erauszestellen.

🇫🇷 Le SIDEC informe qu’en raison des températures élevées demain, le camion chargé de la collecte des poubelles commence sa tournée dès 6 heures du matin. Nous vous prions donc de bien vouloir sortir vos poubelles à temps.

03/08/2026
31/07/2026
🇱🇺 Den Office social an der Fiels rekrutéiert 1 Assistant(e) social(e) fir 40h d’Woch.🇫🇷 L’Office social à Larochette re...
24/07/2026

🇱🇺 Den Office social an der Fiels rekrutéiert 1 Assistant(e) social(e) fir 40h d’Woch.

🇫🇷 L’Office social à Larochette recrute 1 assistant(e) social(e) pour 40 heures par semaine.

Adresse

Nommern
7465

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Noumer publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager