12/09/2026
🇱🇺 Wëllplanzesom an ärer Gemeng! 🌼
Wousst dir, datt dir mat engem klenge Beet schonn e wichtege Bäitrag fir eis Biodiversitéit leeschte kënnt? Eis heemesch Wëllblummen a Kraider sinn eng wäertvoll Nahrungsquell fir Päiperleken, wëll Beien an eng ganz Rei aner Insekten. 🐝 Mat de passende Wëllplanzen hëlleft dir dobäi, eis Natur direkt virun ärer Hausdier ze stäerken.
Dir kënnt an der Gemeng Feelen e gratis Echantillon vun enger Mëschung vum Wëllplanzesom Lëtzebuerg fir eng Fläch vu ronn 1 m² ofhuelen (esoulaang de Stock duergeet). Wann Dir d’Geseems-Mëschung elo uséint, kënnt dir iech schonn d'nächst Fréijoer op eng faarweg a lieweg Blummewiss freeën! 🌸☀
Weider Informatiounen op: https://sicona.lu/projekte/wellplanzesom/
🇫🇷 Wëllplanzesom dans votre commune ! 🌼
Saviez-vous qu'un simple petit parterre fleuri peut déjà contribuer à préserver notre biodiversité ? Nos fleurs sauvages et plantes indigènes constituent une source de nourriture essentielle pour les papillons, les abeilles sauvages et de nombreux autres insectes. 🐝 En choisissant des plantes locales, vous contribuez à renforcer la biodiversité, directement chez vous.
La commune de Feulen met gratuitement à votre disposition un échantillon de semences Wëllplanzesom Lëtzebuerg, permettant d'ensemencer une surface d'environ 1 m² (dans la limite des stocks disponibles). En semant dès maintenant, vous pourrez profiter, dès le printemps prochain, d'une prairie fleurie haute en couleurs et riche en biodiversité ! 🌸☀
Plus d'informations sur : https://sicona.lu/projekte/wellplanzesom/