Gemeng Miersch

Gemeng Miersch Page de l'Administration communale de Mersch Page de l'administration communale de Mersch

08/09/2026
An dëser Emissioun vu MIERSCH TV steet de Mierscher Park am Mëttelpunkt.🌳🌿 Hei gouf de Kino am Park organiséiert, dee so...
02/09/2026

An dëser Emissioun vu MIERSCH TV steet de Mierscher Park am Mëttelpunkt.🌳🌿 Hei gouf de Kino am Park organiséiert, dee souwuel grouss wéi kleng Besicher an de Park gezunn huet.🎬🍿 Donieft gëtt de neien Aussiichtstuerm virgestallt.



An dëser Emissioun vu MIERSCH TV steet de Mierscher Park am Mëttelp...

🇱🇺 Entdeckt vum 24.–27. September op der KIERMES – ZERÉCK AN D’KANDHEET op der Méchelsplaz zu Miersch Virstellungen a Sp...
31/08/2026

🇱🇺 Entdeckt vum 24.–27. September op der KIERMES – ZERÉCK AN D’KANDHEET op der Méchelsplaz zu Miersch Virstellungen a Spiller, déi eng geselleg an interaktiv Bedeelegung erlaben. 🎭

ËFFNUNGSZÄITEN 🕖

Donneschdeg 24.09.:
Iess- a Gedrénksstänn 12h00–19h00
Spillstänn 14h00–19h00

Freideg 25.09.:
Iess- a Gedrénksstänn 12h00–21h00
Spillstänn 15h30–21h00
Offiziell Ouverture 19h00

Samschdeg 26.09.:
Spillstänn + Iess- a Gedrénksstänn 11h30–21h00

Sonndeg 27.09.:
Spillstänn + Iess- a Gedrénksstänn 11h30–18h00

Weider Informatioune fannt Dir op www.mersch.lu

Mir freeën eis op Iech!

🇫🇷 Découvrez du 24–27 septembre à la KIERMES – RETOUR À L’ENFANCE sur la place Saint-Michel à Mersch des spectacles et des jeux forains qui favorisent une participation conviviale et interactive. 🎭

HEURES D’OUVERTURE 🕖

Jeudi 24.09. :
Stands catering 12h00–19h00
Stands de jeux 14h00–19h00

Vendredi 25.09. :
Stands catering 12h00–21h00
Stands de jeux 15h30–21h00
Ouverture officielle 19h00

Samedi 26.09. :
Stands de jeux + Stands catering 11h30–21h00

Dimanche 27.09. :
Stands de jeux + Stands catering 11h30–18h00

Pour plus d'informations, consultez www.mersch.lu

Nous vous attendons avec impatience !

🇱🇺 Randonnée du Centre 2026 🚴Hutt Dir Loscht op eng flott Vëlostour duerch den Zentrum vum Land? Da maacht mat bei der 1...
28/08/2026

🇱🇺 Randonnée du Centre 2026 🚴

Hutt Dir Loscht op eng flott Vëlostour duerch den Zentrum vum Land? Da maacht mat bei der 19. Editioun vun der Randonnée du Centre, de Sonnden, 13. September, organiséiert vun 12 Gemengen aus der Regioun Miersch.
✅ 82,3 km fir déi méi éiergäizeg Cyclisten
✅ 41,2 km fir gemittlech de Vëlosgenoss ze erliewen
Um Programm sti schéi Strecken, e puer Steigungen, ofwiesslungsräich Landschaften, Ravitaillementen a absënns d’Freed um Vëlosport.

📍 Start: Parc de Mersch (vun 8.00 bis 10.00 Auer)
🚴 🚴 🚴 🚴 Gemeinsame Start: 9.00 Auer
Keng Compteur. Kee Klassement.
🎁 Mat e bëssen Chance gewannt Dir bei der Tombola flott Präisser, dorënner Akafsbongen am Wäert vu bis zu 150 € an Abonnementer fir d’Schwämmen zu Miersch, Colmar-Bierg a Walfer.
📝 D'Participatioun ass gratis. Umeldung iwwer den Online-Formular bis den 10. September oder den Dag selwer op der Plaz.
Klammt den 13. September an de Suedel a entdeckt eng schéi Streck duerch den Zentrum vum Land! 🚴‍♀️☀️🚴‍♂️

🇫🇷 Randonnée du Centre 2026 🚴

Envie de prendre l'air et de découvrir le Centre du Luxembourg à vélo ? Rejoignez la 19e Randonnée du Centre dimanche le 13 septembre, organisée par 12 communes autour de Mersch.
✅ 82,3 km pour les plus sportifs
✅ 41,2 km pour rouler à votre rythme
Au programme : de belles routes, quelques côtes, des paysages variés, des ravitaillements et surtout le plaisir de pédaler ensemble.

📍 Départ : Parc de Mersch (8h00 à 10h00)
🚴 🚴 🚴 🚴 Départ groupé : 9h00
Pas de chrono. Pas de classement.
🎁 En participant, tentez également votre chance au tirage au sort avec des bons d'achat jusqu'à 150 € et de nombreux abonnements pour les piscines Mersch, Colmar-Berg et Walferdange à gagner.
📝 Participation gratuite. Inscription via le formulaire en ligne jusqu'au 10 septembre ou sur place le jour même.
En selle le 13 septembre et partez à la découverte d’une très belle route au centre du pays ! 🚴‍♀️☀️🚴‍♂️

👉 https://forms.cloud.microsoft/e/k8AVcJW1JZ



Gemeng Biissen
Gemeng Colmer-Bierg
Gemeng Fëschbech
Gemeng Hiefenech
Gemeng Helperknapp
Gemeng Fiels
Gemeng Lëntgen
Gemeng Noumer
Gemeng Steesel
Administration Communale de Walferdange

🇱🇺 🎡 Buergermeeschterdag op der SchueberfouerGëschter Owend huet de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe am Restau...
26/08/2026

🇱🇺 🎡 Buergermeeschterdag op der Schueberfouer
Gëschter Owend huet de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe am Restaurant Chez Irène op der Schueberfouer servéiert. Och aner Buergermeeschteren aus deene 100 Lëtzebuerger Gemengen waren bei de Gastronomie-Betriber am Service.
De Géigewäert vun engem Dagessaz gëtt vun de Restaurateuren un e gudden Zweck gespent. ❤️

🇫🇷 🎡 Journée des Bourgmestres à la Schueberfouer
Hier soir, le bourgmestre de la commune Mersch, Michel Malherbe, a servi les clients du restaurant Chez Irène à la Schueberfouer. Cette belle tradition réunit de nombreux bourgmestres des 100 communes du Luxembourg qui se mettent au service des visiteurs le temps d'une soirée.
Les restaurateurs versent l'équivalent d'une journée de recette à une œuvre caritative. ❤️

🇱🇺 Route barrée - Neie MakadammVu Méindes, dem 31. August bis Donneschdes, den 3. September ass d'Rue de Luxembourg (N7)...
17/08/2026

🇱🇺 Route barrée - Neie Makadamm
Vu Méindes, dem 31. August bis Donneschdes, den 3. September ass d'Rue de Luxembourg (N7) zu Rolleng fir de motoriséierte Verkéier gespaart, dëst well neie Makadamm geluecht gëtt. Den Acces zu de Gebäier bleift fir d'Foussgänger weiderhi bestoen.
D'Spär fänkt hannert der Kräizung rue Belle-Vue un an zitt sech bis bei den Entrées-Panneau vu Rolleng an Direktioun Lëntgen.
Dee Moment ass d'Entrée fir d'Impasse de la Vallée fir déi Period net accessibel.
D'Busarreten gi wärend der Period och net vum RGTR ugefuer.
Follgenden Oflaf ass virgesinn:
▪️ Vum 31. August bis den 2. September: Route barrée fir de gesamte motoriséierte Verkéier
▪️ Den 3. September: Marquage; Route barrée ausser fir d'Residenten

🇫🇷 Route barrée – Pose d’un nouveau revêtement
Du lundi 31 août au jeudi 3 septembre, la rue de Luxembourg (N7) à Rollingen sera fermée à la circulation motorisée en raison de la pose d’un nouveau revêtement. L’accès aux bâtiments restera possible à pied.
La fermeture débutera après l'intersection avec la rue Belle-Vue et s’étendra jusqu’au panneau d’entrée de Rollingen, en direction de Lintgen.
Pendant cette période, l’accès à l’Impasse de la Vallée sera également inaccessible.
Les arrêts de bus ne seront pas desservis par le RGTR pendant cette période.
Le déroulement des travaux est prévu comme suit :
▪️ Du 31 août au 2 septembre : route barrée pour l’ensemble de la circulation motorisée
▪️ Le 3 septembre : marquage ; route barrée sauf pour les résidents

🇱🇺 Route barrée - Deelstéck vun der Vëlospist PC 15 ass zouVum Méindeg, dem 24. August 2026 un ass een Deel vun der Vëlo...
10/08/2026

🇱🇺 Route barrée - Deelstéck vun der Vëlospist PC 15 ass zou
Vum Méindeg, dem 24. August 2026 un ass een Deel vun der Vëlospist (PC 15) an der Géigend vun der Mierscher Gare fir ronn 7 Woche komplett gespaart. D’Ursaach fir dës Mesure ass den Uschloss vum neie Reeréckhaltebecken an déi schonns an enger viregter Phas preparéiert Kanalisatioun.
D’Spären ass onëmgänglech, well d’Aarbechten a grousser Déift direkt nieft der Velospist ausgefouert ginn.
Eng Deviatioun gëtt vun de Ponts et chaussées ageriicht.

🇫🇷 Route barrée - Une partie de la piste cyclable PC 15 fermée
À partir du lundi 24 août 2026, la piste cyclable PC 15, située à proximité de la gare de Mersch, sera totalement fermée pour une durée prévisionnelle de sept semaines. Cette interruption est due aux travaux de raccordement du nouveau bassin de rétention au réseau d’assainissement déjà posé dans une phase antérieure.
La route barrée de la piste cyclable est inévitable car les travaux auront lieu à toute proximité de la piste cyclable et à grande profondeur.
Une déviation sera mise en place par l’Administration des ponts et chaussées.

🎬 KINO AM PARK 2026 !Mat Charlie the Wonderdog huet haut um 17:00 Auer de KINO AM PARK zu Miersch ugefaangen.Nach bis So...
07/08/2026

🎬 KINO AM PARK 2026 !
Mat Charlie the Wonderdog huet haut um 17:00 Auer de KINO AM PARK zu Miersch ugefaangen.
Nach bis Sonndeg waarde 6 gratis Filmer an 3 Sproochen, flott Animatiounen, Facepainting & Trëtzen, relax Beachchairs, an e leckere Catering op Iech. Bréngt gär är Gaardestill mat!🍿🌳
📅 Haut den Owend: 🎶 19:15 Auer: Live-Musek mam Rozeen 🎬 20:30 Auer: Mission: Impossible – The Final Reckoning
📅 Samschdeg, 8. August 🎬 17:00 Auer: Ein Klebriges Abenteuer (DE) 💃 18:45 Auer: Dance Workshop 🎬 20:30 Auer: Das Kanu des Manitu (DE)
📅 Sonndeg, 9. August 🎬 17:00 Auer: Astérix & Obélix et l'Empire du Milieu (FR) 🤡 19:15 Auer: Clownsspektakel mam Loui & Billy 🎬 20:30 Auer: Black Bag (EN)
Kommt laanscht a genéisst déi besonnesch Atmosphär vum Kino am Park. Den Entrée ass bei alle Virstellunge gratis. ✨🎥

🎬 KINO AM PARK 2026 !
Avec Charlie the Wonderdog, le KINO AM PARK a démarré aujourd’hui à 17h00 à Mersch.
Jusqu’à dimanche, profitez de 6 films gratuits en 3 langues, d’animations pour petits et grands, de maquillage pour enfants, de tresses, de confortables beach chairs et d’une offre de restauration variée. N’hésitez pas à apporter votre propre chaise de jardin ! 🍿🌳
📅 Ce soir 🎶 19h15 : Concert live avec Rozeen 🎬 20h30 : Mission: Impossible – The Final Reckoning
📅 Samedi 8 août 🎬 17h00 : Ein Klebriges Abenteuer (DE) 💃 18h45 : Atelier de danse 🎬 20h30 : Das Kanu des Manitu (DE)
📅 Dimanche 9 août 🎬 17h00 : Astérix & Obélix et l’Empire du Milieu (FR) 🤡 19h15 : Spectacle de clowns avec Loui & Billy 🎬 20h30 : Black Bag (EN)
Venez profiter de l’ambiance unique du Kino am Park. L’entrée est gratuite pour toutes les séances. ✨🎥

Fotoen: Gemeng Miersch / Oli Frisch

No 7 Joer gëtt et ee Wiessel bei der Direktioun vum Mierscher Theater. D’Ekipp vu Miersch TV huet mam Ex-Direkter Claude...
05/08/2026

No 7 Joer gëtt et ee Wiessel bei der Direktioun vum Mierscher Theater. D’Ekipp vu Miersch TV huet mam Ex-Direkter Claude Mangen iwwert seng Zäit zu Miersch geschwat. Donieft war am Park di zweet Editioun vum Mersch - Unplugged Corner.


No 7 Joer gëtt et ee Wiessel bei der Direktioun vum Mierscher Theat...

🇱🇺 Grousse Kino zu Miersch! 📽️🍿6 gratis Filmer, verdeelt iwwert 3 Deeg, fir Animatioun tëscht de Filmer ass och gesuergt...
03/08/2026

🇱🇺 Grousse Kino zu Miersch! 📽️🍿
6 gratis Filmer, verdeelt iwwert 3 Deeg, fir Animatioun tëscht de Filmer ass och gesuergt. Wie säin eegene Campingstull matbrénge wëll, kann dat natierlech gäre maachen.
Fir Séisses an Defteges esou wéi och Gedrénks ass gesuergt.

Merci heivir un d' Aal Lanzen Miesdrëf Pëtten Essen, Black Star Mersch, Den Drotiesel an de Chalet am Park!

Merci och der Commune de Bertrange fir hir chic blo Beachchair!

Entdeckt hei de Programm vum Kino am Park. 🎞️🌳
Méi Informatioune fannt dir op www.mersch.lu

🇫🇷 Le grand cinéma s’invite à Mersch ! 📽️🍿
6 films gratuits répartis sur 3 jours, avec des animations entre les séances pour prolonger le plaisir. N’hésitez pas à apporter votre propre chaise de camping pour profiter confortablement des projections.
Popcorn, snacks salés et sucrés ainsi que boissons seront également disponibles sur place.

Un grand merci aux associations suivantes : Aal Lanzen Miesdrëf Pëtten Essen, Black Star Mersch, Den Drotiesel et Chalet am Park!

Merci à la Commune de Bertrange pour le prêt des superbes beach chairs bleus ! 😎

Découvrez le programme du Kino am Park. 🎞️🌳
Vous trouverez plus d’informations sur www.mersch.lu.

Adresse

Château De Mersch
Mersch
7556

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 11:30
13:30 - 16:00
Mardi 08:30 - 11:30
13:30 - 16:00
Mercredi 08:30 - 11:30
13:30 - 19:00
Jeudi 08:30 - 11:30
13:30 - 16:00
Vendredi 08:30 - 11:30
13:30 - 16:00

Téléphone

+352 325023-1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Miersch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gemeng Miersch:

Partager

Type