LTPES - Lycée technique pour professions éducatives et sociales

LTPES - Lycée technique pour professions éducatives et sociales Hei kritt dir Dir een Androck vun diversen Events a Formatiounen déi am LTPES stattfannen.

11/06/2026
10/06/2026

D'Reportage iwwert d'Studierees vum LTPES op Mauthausen mat der Amicale Mauthausen a mat der Ënnerstëtzung vun der Œuvre nationale ass online beim Uelzechtkanal:

https://m.youtube.com/watch?v=BHfVzpF34yY&ra=m

E flotten Documentaire mat reflektéierten, interessante Stellungname vun eise SchülerInnen an Enseignanten. Bravo! Merci un den Gianni an den Uelzechtkanal!

De Countdown leeft! ⏰D' Schüler:innen aus der 2GED kréien d'Méiglechkeet wäertvoll Erfarungen am Beräich vun de Medien z...
08/06/2026

De Countdown leeft! ⏰

D' Schüler:innen aus der 2GED kréien d'Méiglechkeet wäertvoll Erfarungen am Beräich vun de Medien ze sammelen.

A wat ass eigentlech de MediaDay? 🤔

Kuckt eran a fannt et eraus! 🎤🎬🎥📸📱🖼

05/06/2026
ET LEEFT – eng Ausstellung iwwert d’Menstruatioun 🩸D’Klassen 1SGED08 an 1SGED09 aus dem Lycée Technique pour Professions...
01/06/2026

ET LEEFT – eng Ausstellung iwwert d’Menstruatioun 🩸

D’Klassen 1SGED08 an 1SGED09 aus dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales organiséieren an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerg City Museum de Weekend vum 13. a 14. Juni 2026 e besonneschen Take-over vun der Ausstellung ‘ET LEEFT’ ënnert der Leedung vun der Madame Rassel.

De Weekend kënne Kanner a Jugendlecher u verschiddene pädagogeschen a spillereschen Aktivitéite ronderëm d’Thema Menstruatioun deelhuelen an de Musée op eng interaktiv a kreativ Aart a Weis entdecken. All Workshops ginn op Lëtzebuergesch ofgehalen.

Umeldung:
📞 +352 4796 4500
✉️ [email protected]

Detailléiert Beschreiwungen zu de Workshops: https://citymuseum.lu/de/event/take-over-ein-wochenende-von-und-fuer-junge-besucherinnen/?date=1781344800

🩸 Programm um Samschden, den 13.06.2026

1. Workshop: Die Periode verstehen
Publikum: Kinder; 8 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 10:15–11:15
Max. Teilnehmer*innen: 6

2. Workshop: Wortreise durch den Körper
Publikum: Kinder; 9 bis 16 Jahre
Uhrzeit: 11:00-12:00
Max. Teilnehmer*innen: 6

3. Workshop: Mary & ihre erste Periode
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 14:00–15:00
Max. Teilnehmer*innen: 6

4. Workshop: Mein erstes Perioden-Kit
Publikum: Kinder; 10 bis 15 Jahre
Uhrzeit: 14:00–15:30
Max. Teilnehmer*innen: 8

5. Workshop: Wenn der Körper erzählt: Periode im Kamishibai
Publikum: Kinder; ab 6 Jahre
Uhrzeit: 16:00–16:30 oder 16:30–17:00
Max. Teilnehmer*innen: 8

🩸 Programm vum Sonnden, dem 14.06.2026

6. Workshop: Alex und seine Fragen zur Periode
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 13:00–14:00
Max. Teilnehmer*innen: 6

7. Workshop: Menstruation ohne Tabu
Publikum: Kinder; 10 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 14:30–15:30
Max. Teilnehmer*innen: 8

8. Workshop: Mythos oder Fakt? Alles über Menstruation
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 15:00–16:00
Max. Teilnehmer*innen: 8

9. Workshop: Mission Körper – Die Reise durch die Menstruation
Publikum: Kinder; 7 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 15:00–16:00
Max. Teilnehmer*innen: 6

Den LTPES felicitéiert sengem Biosprof David Giacomini fir säi Succès beim Ziichte vu Kristaller, deen him zu weltwäiter...
26/05/2026

Den LTPES felicitéiert sengem Biosprof David Giacomini fir säi Succès beim Ziichte vu Kristaller, deen him zu weltwäiter Bekanntheet als Mineralienkënschtler verhollef huet. RTL huet him eng ganz Reportage gewidmet:

Den David Giacomini kreéiert Konschtwierker aus selwer geziichten, syntheetesche Kristallen an natierleche Mineralien.

24/05/2026

Vom 7. bis 11. Mai reiste eine Gruppe von 30 Schüler*innen des Lycée Technique pour Professions Éduc

22/05/2026

Studienreise luxemburgischer Schüler nach Mauthausen: Gedenkfeier, historische Aufklärung und Erinnerung an NS-Opfer für eine lebendige und verantwortungsbewusste Erinnerungskultur.

🌍🥐 E bewosste Start an d’Zukunft! ☕🍓Den 8. Mee hunn eis Premièresklassen hire leschte Schouldag op eng ganz speziell Aar...
21/05/2026

🌍🥐 E bewosste Start an d’Zukunft! ☕🍓

Den 8. Mee hunn eis Premièresklassen hire leschte Schouldag op eng ganz speziell Aart a Weis gefeiert:
Bei engem gemeinsame Fairtrade-Frühstück mat ronn 300 Participanten – Schüler_innen an Enseignant_innen – stoungen net nëmmen de Genoss, mee och d’Bewosstsinn an d’Nohaltegkeet am Mëttelpunkt. 💚

Um Menü: regional, saisonal a fair gehandelt Produiten, déi mat hirem Goût iwwerzeegt hunn an gläichzäiteg gewisen hunn, wéi wichteg fair Produktiounsbedéngungen an e verantwortungsvolle Konsum sinn. 🌱

Dësen Event sollt eis Schüler_innen – als zukünfteg Erzéier_innen a Virbiller – dozou inspiréieren, sech fir eng méi gerecht a nohalteg Welt anzesetzen. ✨

E grousse Merci geet un de GIMB-Label (gesond iessen – méi beweegen), deen dëse flotte Moien duerch seng finanziell Ënnerstëtzung méiglech gemaach huet. 🙏

💛 E schéinen Ofschloss voller Zesummenhalt, Bewosstsinn a positiven Impulser fir d’Zukunft!

Nohaltegkeetscomité:
Laurence Linster, Valérie Schandeler, Valérie Rassel

D’Madamm Rassel huet zesumme mat der Klass 1SGED06 de Kannermusée Plomm zu Wooltz besicht. D’Klass krut den Optrag, sech...
21/05/2026

D’Madamm Rassel huet zesumme mat der Klass 1SGED06 de Kannermusée Plomm zu Wooltz besicht. D’Klass krut den Optrag, sech mam Ressourcenzenter auserneen ze setzen an eng kreativ Vir- an Nobereedung fir potentiell Adressat_innen auszeschaffen. 😄🎨🖼

Adresse

45, Rue De La Gare
Mersch
7590

Téléphone

+3525235251

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LTPES - Lycée technique pour professions éducatives et sociales publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à LTPES - Lycée technique pour professions éducatives et sociales:

Partager