Gemeng Manternach

Gemeng Manternach Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Gemeng Manternach, Service public, 3, Kierchewee, Manternach.

🇱🇺📚✨Den neie Schoulbuet ass elo online!Vill Spaass beim Liesen 🤗🇫🇷📚✨Le nouveau Schoulbuet est en ligne !Bonne lecture 🤗
08/09/2026

🇱🇺📚✨
Den neie Schoulbuet ass elo online!
Vill Spaass beim Liesen 🤗

🇫🇷📚✨
Le nouveau Schoulbuet est en ligne !
Bonne lecture 🤗

🇱🇺 ⚠️ Info Trafic Manternach – nei Zäite fir d'Barriären 🚧🚆D'CFL huet d'Auerzäite vun de Spärungen ugepasst, well d'Aarb...
28/08/2026

🇱🇺 ⚠️ Info Trafic Manternach – nei Zäite fir d'Barriären 🚧🚆

D'CFL huet d'Auerzäite vun de Spärungen ugepasst, well d'Aarbechten um Chantier Wecker–Mäertert méi laang dauere wéi geplangt. Hei sinn déi aktuell Zäiten:

🚧 PN73 – CR134 „Syrdallstrooss" (Richtung Mäertert)
📅 gespaart vu méindes, 24. August 2026, 10h00, bis freides, 4. September 2026, 22h00 (onverännert)

🚧 PN72 – CR137 „Op der Gare"
📅 vun donneschdes, 27. August, 06h00, bis samschdes, 29. August 2026, 22h00 ⬅️ nei
📅 vu sonndes, 30. August, 22h00, bis dënschdes, 1. September 2026, 22h00
📅 vun donneschdes, 3. September, 22h00, bis freides, 4. September 2026, 12h00 ⬅️ nei

⚠️ Wichteg: Wärend dëse Spärungen ass de PN73 och zou – béid Barriären zu Manternach si gläichzäiteg gespaart. D'Deviatioune ginn all Kéier gezeechent.

🚧 Ausserhalb vun der Gemeng: PN71 – Wecker-Gare (CR134, Gemeng Biwer)
📅 vu samschdes, 29. August, 22h00, bis sonndes, 30. August 2026, 22h00 ⬅️ nei
📅 vu mëttwochs, 2. September, 06h00, bis donneschdes, 3. September 2026, 22h00
📅 vu freides, 4. September, 12h00, bis samschdes, 5. September 2026, 06h00 ⬅️ nei

🚌 Busser: D'Linnen 273 an 274 gi wärend de Spärungen ëmgeleet. Beim 273 gëtt den Arrêt „Manternach, Mënjecker" net ugefuer, beim 274 d'Arrête „Berbuerg, Schoulstrooss" a „Berbuerg, Kiirch" (an zu Wecker „An der Schmëtt", „Gare routière" a „Grousswiss"). Well d'CFL d'Zäite geännert huet, kontrolléiert w.e.g. Är Verbindung op www.mobiliteit.lu.

🚆 CFL-Info: Vu méindes, 24. August, bis sonndes, 13. September 2026, falen d'Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier aus. Ersatzbusser vun der Linn L30 hunn zu Manternach un der Gare routière en Arrêt.

🌙 Vu méindes, 24. August, bis méindes, 14. September 2026, gëtt op der Streck och nuets geschafft. Et kann zu Kaméidi kommen.

🚆 Tëscht Waasserbëlleg an Tréier fuere vu méindes, 14. September, bis sonndes, 20. September 2026, weider keng Zich – do sinn Ersatzbusser am Asaz.

📱 Méi Infoen: www.cfl.lu | CFL mobile App | ☎️ 2489 2489
👉 De ganzen Dossier op manternach.lu/actualites
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 ⚠️ Info Trafic Manternach – nouveaux horaires pour les passages à niveau 🚧🚆

Les CFL ont adapté les horaires des fermetures : les travaux sur le chantier Wecker–Mertert avancent moins vite que prévu. Voici les horaires actuels :

🚧 PN73 – CR134 « Syrdallstrooss » (direction Mertert)
📅 fermé du lundi 24 août 2026, 10h00, au vendredi 4 septembre 2026, 22h00 (inchangé)

🚧 PN72 – CR137 « Op der Gare »
📅 du jeudi 27 août, 06h00, au samedi 29 août 2026, 22h00 ⬅️ nouveau
📅 du dimanche 30 août, 22h00, au mardi 1er septembre 2026, 22h00
📅 du jeudi 3 septembre, 22h00, au vendredi 4 septembre 2026, 12h00 ⬅️ nouveau

⚠️ Important : pendant ces fermetures, le PN73 est également fermé – les deux passages à niveau de Manternach sont barrés en même temps. Les déviations sont signalées.

🚧 En dehors de la commune : PN71 – Wecker-Gare (CR134, commune de Biwer)
📅 du samedi 29 août, 22h00, au dimanche 30 août 2026, 22h00 ⬅️ nouveau
📅 du mercredi 2 septembre, 06h00, au jeudi 3 septembre 2026, 22h00
📅 du vendredi 4 septembre, 12h00, au samedi 5 septembre 2026, 06h00 ⬅️ nouveau

🚌 Bus : les lignes 273 et 274 sont déviées pendant les fermetures. Sur la 273, l'arrêt « Manternach, Munschecker » n'est pas desservi ; sur la 274, les arrêts « Berbourg, Schoulstrooss » et « Berbourg, Kiirch » (ainsi qu'à Wecker « An der Schmëtt », « Gare routière » et « Grousswiss »). Les horaires ayant été modifiés par les CFL, veuillez vérifier votre correspondance sur www.mobiliteit.lu.

🚆 Info CFL : du lundi 24 août au dimanche 13 septembre 2026, les trains entre Luxembourg et Trèves sont supprimés. Des bus de remplacement de la ligne L30 desservent l'arrêt Manternach, Gare routière.

🌙 Du lundi 24 août au lundi 14 septembre 2026, des travaux ont également lieu la nuit sur le tronçon. Des nuisances sonores sont possibles.

🚆 Entre Wasserbillig et Trèves, aucun train ne circule du lundi 14 septembre au dimanche 20 septembre 2026 – des bus de remplacement sont mis en place.

📱 Plus d'informations : www.cfl.lu | application CFL mobile | ☎️ 2489 2489
👉 Le dossier complet : manternach.lu/actualites
🙏 Merci de votre compréhension !

CFL - Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois
Mobiliteit.lu -Fans

🇱🇺 🚌 UPDATE Info Trafic Manternach – Bus-ËmleedungenDen RGTR huet seng Avise fir d'Buslinnen 273 an 274 aktualiséiert. D...
26/08/2026

🇱🇺 🚌 UPDATE Info Trafic Manternach – Bus-Ëmleedungen

Den RGTR huet seng Avise fir d'Buslinnen 273 an 274 aktualiséiert. D'Spärungen op de Barriäre bleiwen onverännert.

🚌 Linn 273 (PN72 Manternach)
D'Linn 273 gëtt wärend de Spärunge vum PN72 ëmgeleet – den Arrêt „Manternach, Mënjecker" gëtt an där Zäit net ugefuer.

🚌 Linn 274 (Barrière Wecker-Gare, CR134)
📅 vu samschdes, 29. August, bis sonndes, 30. August 2026
📅 vu mëttwochs, 2. September, bis donneschdes, 3. September 2026
D'Busser aus Gréiwemaacher fueren op de Potaschbierg, Z.I. an dann iwwer Biwer – Boudlerbaach – Brouch – Bech – Hierber. Dës Arrête ginn net ugefuer: „Berbuerg, Schoulstrooss", „Berbuerg, Kiirch", „Wecker, An der Schmëtt", „Wecker, Gare routière" a „Wecker, Grousswiss".

👉 De ganzen Dossier mat alle Spärungen, Deviatiounen an CFL-Infoe fannt Dir am Kommentar.

🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷
🚌 MISE À JOUR Info Trafic Manternach – déviations de bus

Le RGTR a actualisé ses avis pour les lignes de bus 273 et 274. Les fermetures des passages à niveau restent inchangées.

🚌 Ligne 273 (PN72 Manternach)
La ligne 273 est déviée pendant les fermetures du PN72 – l'arrêt « Manternach, Munschecker » n'est pas desservi durant cette période.

🚌 Ligne 274 (passage à niveau de Wecker-Gare, CR134)
📅 du samedi 29 août au dimanche 30 août 2026
📅 du mercredi 2 septembre au jeudi 3 septembre 2026
Les courses en provenance de Grevenmacher sont déviées après l'arrêt Potaschbierg, Z.I. via Biwer – Boudlerbaach – Brouch – Bech – Herborn. Les arrêts suivants ne sont pas desservis : « Berbourg, Schoulstrooss », « Berbourg, Kiirch », « Wecker, An der Schmëtt », « Wecker, Gare routière » et « Wecker, Grousswiss ».

👉 Le dossier complet avec toutes les fermetures, déviations et informations CFL se trouve en commentaire.

🙏 Merci de votre compréhension !

🇱🇺 ⚠️ Vandalismus zu BerbuergAn der Nuecht vun Donneschdeg op Freideg, den 20. op den 21. August 2026, goufen zu Berbuer...
21/08/2026

🇱🇺 ⚠️ Vandalismus zu Berbuerg

An der Nuecht vun Donneschdeg op Freideg, den 20. op den 21. August 2026, goufen zu Berbuerg muttwëlleg Saache beschiedegt an zerstéiert.

📍 Betraffe Plazen: Campus Renert · „Schullstrooss" · „Am Wangert" · „An der Gruecht"

D'Gemeng Manternach verurteelt dës Akte kloer. Dës Installatioune gi vun der Allgemengheet bezuelt an ënnerhalen. Si sinn do fir jiddereen a solle vu jidderengem respektéiert ginn. All Schued kascht Zäit a Suen, déi anzwousch anescht feelen.

🚨 D'Gemeng huet eng Plainte bei der Police deposéiert.

👀 Appell un d'Bierger: Wann Dir eppes gesinn hutt oder Informatiounen zu dëse Fäll hutt, da mellt Iech w.e.g. direkt:
📞 Police – Commissariat Museldall: (+352) 244 70 1000
📞 Gemeng Manternach: (+352) 71 01 72-21

Hëlleft eis, eis ëffentlech Plaze propper a sécher ze halen, a respektéiert dat, wat eis alleguer gehéiert. Merci fir Är Opmierksamkeet!

🇫🇷 ⚠️ Vandalisme à Berbourg

Dans la nuit de jeudi à vendredi, du 20 au 21 août 2026, des dégradations volontaires ont été commises à Berbourg.

📍 Endroits concernés : Campus Renert · « Schullstrooss » · « Am Wangert » · « An der Gruecht »

La commune de Manternach condamne fermement ces actes. Ces installations sont financées et entretenues par la collectivité. Elles sont là pour tout le monde et doivent être respectées par chacun. Chaque dégât coûte du temps et de l'argent qui manquent ailleurs.

🚨 La commune a déposé une plainte auprès de la police.

👀 Appel aux citoyens : si vous avez été témoin de faits ou si vous disposez d'informations, veuillez nous contacter sans t**der :
📞 Police – Commissariat Museldall : (+352) 244 70 1000
📞 Commune de Manternach : (+352) 71 01 72-21

Aidez-nous à garder nos espaces publics propres, sûrs et respectés. Merci de votre attention !

-Fans

🇱🇺 Den neie Programm vum Club Muselheem fir September bis Dezember 2026 ass do! 🎉De Club Muselheem bitt Mënschen ab 50+ ...
20/08/2026

🇱🇺 Den neie Programm vum Club Muselheem fir September bis Dezember 2026 ass do! 🎉
De Club Muselheem bitt Mënschen ab 50+ e villsäitege Programm mat de verschiddensten Aktivitéiten un. 🚴‍♀️🎨🎶
Kuckt eran an entdeckt wat alles geplangt ass — et ass fir jiddereen eppes dobäi! 👉 Club Aktiv Plus - Muselheem

🇫🇷 Le nouveau programme du Club Muselheem pour septembre à décembre 2026 est disponible ! 🎉
Le Club Muselheem propose aux personnes de 50 ans et plus un large éventail d'activités variées. 🚴‍♀️🎨🎶
Venez découvrir tout ce qui est prévu — il y en a pour tous les goûts ! 👉 Club Aktiv Plus - Muselheem

🇱🇺 ⚠️ Info Trafic Manternach – Barriären zou 24.08. – 04.09.2026 🚧🚆Wéinst Entretiens-Aarbechte vun der CFL sinn zu Mante...
18/08/2026

🇱🇺 ⚠️ Info Trafic Manternach – Barriären zou 24.08. – 04.09.2026 🚧🚆

Wéinst Entretiens-Aarbechte vun der CFL sinn zu Manternach zwou Barriären zou. D'Stroosse ginn do fir de Verkéier gespaart.

🚧 PN73 – CR134 „Syrdallstrooss" (Richtung Mäertert)
📅 gespaart vu méindes, 24. August 2026, 10h00, bis freides, 4. September 2026, 22h00

🚧 PN72 – CR137 „Op der Gare"
📅 vun donneschdes, 27. August, 06h00, bis freides, 28. August 2026, 22h00
📅 vu sonndes, 30. August, 22h00, bis dënschdes, 1. September 2026, 22h00
📅 vun donneschdes, 3. September, 22h00, bis freides, 4. September 2026, 22h00
⚠️ Wichteg: Wärend dësen dräi Perioden ass de PN73 och gespaart – béid Barriären zu Manternach si gläichzäiteg zou. D'Deviatioune ginn all Kéier gezeechent.

🚆 Zousätzlech CFL-Info: Vu méindes, 24. August, bis sonndes, 13. September 2026, falen d'Zich tëscht Lëtzebuerg an Tréier aus. Ersatzbusser vun der Linn L30 hunn zu Manternach un der Gare routière en Arrêt.
🌙 Vu méindes, 24. August, bis méindes, 14. September 2026, gëtt op der Streck och nuets geschafft. Et kann zu Kaméidi kommen.
🚆 Tëscht Waasserbëlleg an Tréier fuere vu méindes, 14. September, bis sonndes, 20. September 2026, weider keng Zich – do sinn Ersatzbusser am Asaz.

📱 Méi Infoen: www.cfl.lu | CFL mobile App | ☎️ 2489 2489 🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 ⚠️ Info Trafic Manternach – Passages à niveau fermés du 24.08 au 04.09.2026 🚧🚆

En raison de travaux d'entretien des CFL, deux passages à niveau seront fermés à Manternach. Les routes y seront barrées à la circulation.

🚧 PN73 – CR134 « Syrdallstrooss » (direction Mertert)
📅 fermé du lundi 24 août 2026 à 10h00 au vendredi 4 septembre 2026 à 22h00

🚧 PN72 – CR137 « Op der Gare »
📅 du jeudi 27 août à 6h00 au vendredi 28 août 2026 à 22h00
📅 du dimanche 30 août à 22h00 au mardi 1er septembre 2026 à 22h00
📅 du jeudi 3 septembre à 22h00 au vendredi 4 septembre 2026 à 22h00
⚠️ Important : pendant ces trois périodes, le PN73 est également fermé – les deux passages à niveau de Manternach sont barrés en même temps. Des déviations seront signalées à chaque fois.

🚆 Info CFL complémentaire : du lundi 24 août au dimanche 13 septembre 2026, le trafic ferroviaire entre Luxembourg et Trèves est interrompu. Des bus de remplacement de la ligne L30 desservent l'arrêt Manternach, Gare routière.
🌙 Du lundi 24 août au lundi 14 septembre 2026, des travaux de nuit auront également lieu sur la ligne. Des nuisances sonores sont possibles.
🚆 Entre Wasserbillig et Trèves, aucun train ne circule non plus du lundi 14 au dimanche 20 septembre 2026 – des bus de remplacement sont mis en place.

📱 Plus d'infos : www.cfl.lu | CFL mobile | ☎️ 2489 2489 🙏 Merci pour votre compréhension !

‼️♻️🚮 Offallkollekt – Collecte des déchets 🚮♻️‼️ @ SIGRE🇱🇺 Wéinst der grousser Hëtzt, déi fir muer ugekënnegt ass, fänkt...
13/08/2026

‼️♻️🚮 Offallkollekt – Collecte des déchets 🚮♻️‼️ @ SIGRE

🇱🇺 Wéinst der grousser Hëtzt, déi fir muer ugekënnegt ass, fänkt d'Kollekt e Freideg, de 14. August 2026, scho méi fréi un:
🕕 um 6 Auer amplaz um 7 Auer!

👉 Stellt Är Dreckskëscht w.e.g. schonn den Owend raus oder muer spéitstens um 6 Auer.



📱💡 Tipp: Behaalt den Offallkalenner ëmmer am Bléck – mat der gratis App „Mäin Offall – Meng Ressourcen"!
📲 D'App erënnert Iech automatesch un d'Kollekten – einfach installéieren a mat Zäit erausstellen!
📍 Am AppStore & GooglePlay! .lu

🇫🇷 En raison des fortes chaleurs annoncées pour demain, les collectes débuteront plus tôt le vendredi 14 août 2026 :
🕕 à 6 heures au lieu de 7 heures!

👉 Merci de sortir votre poubelle dès la veille au soir ou au plus t**d à 6 heures.

📱💡 Astuce : Gardez toujours un œil sur le calendrier des collectes – avec l'application gratuite « Mäin Offall – Meng Ressourcen » !
📲 L'app vous rappelle automatiquement les collectes – il suffit de l'installer et de sortir les poubelles à temps !
📍 Disponible sur l'AppStore & GooglePlay ! Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

🇱🇺 🌒 Sonnendäischtert 🌒Hei sinn e puer Tipps, fir Är Aen ze schützen, wann Dir d'Sonnenfinsternis observéiert:➡️ Drot ëm...
11/08/2026

🇱🇺 🌒 Sonnendäischtert 🌒
Hei sinn e puer Tipps, fir Är Aen ze schützen, wann Dir d'Sonnenfinsternis observéiert:
➡️ Drot ëmmer zertifizéiert Sonnenfinsternis-Brëller (ISO 12312-2), wann Dir an d'Sonn kuckt. Passt op, datt dësen onbeschiedegt ass, ouni Schréipsen, Lächer oder Falen.
➡️ Normal Sonnebrëller si geféierlech fir Är Aen a kënnen irreversibele Schued un Ärer Siicht verursaachen.
➡️ Wann Dir eng Spektiv, en Teleskop oder eng Kamera benotzt, ass e spezielle Solarfilter, dee vir drop montéiert gëtt, absolutt noutwendeg.
🕶️Schützt Är Siicht a genéisst dëst Spektakel a Sécherheet!

🇫🇷 🌒 Éclipse solaire 🌒
Voici quelques conseils pour protéger vos yeux lorsque vous observez l'éclipse :
➡️Portez toujours des lunettes d'éclipse certifiées (ISO 12312-2) pour observer le soleil. Faites attention qu'elles sont intactes, sans rayures, trous ni plis.
➡Utiliser des lunettes de soleil classiques est dangereux pour vos yeux et peut entraîner des dommages irréversibles à votre vue.
➡️ Si vous utilisez des jumelles, un télescope ou un appareil photo, un filtre solaire professionnel adapté à l'avant est indispensable.
🕶️ Protégez votre vue et profitez du spectacle en toute sécurité !

🇱🇺 🌒 Sonnenfinsternis 🌒

Hei sinn e puer Tipps, fir Är Aen ze schützen, wann Dir d'Sonnenfinsternis observéiert:
➡️ Drot ëmmer zertifizéiert Sonnenfinsternis-Brëller (ISO 12312-2), wann Dir an d'Sonn kuckt. Passt op, datt dësen onbeschiedegt ass, ouni Schréipsen, Lächer oder Falen.
➡️ Normal Sonnebrëller si geféierlech fir Är Aen a kënnen irreversibele Schued un Ärer Siicht verursaachen.
➡️ Wann Dir eng Spektiv, en Teleskop oder eng Kamera benotzt, ass e spezielle Solarfilter, dee vir drop montéiert gëtt, absolutt noutwendeg.
🕶️Schützt Är Siicht a genéisst dëst Spektakel a Sécherheet!

🇫🇷 🌒 Éclipse solaire 🌒

Voici quelques conseils pour protéger vos yeux lorsque vous observez l'éclipse :
➡️Portez toujours des lunettes d'éclipse certifiées (ISO 12312-2) pour observer le soleil. Faites attention qu'elles sont intactes, sans rayures, trous ni plis.
➡Utiliser des lunettes de soleil classiques est dangereux pour vos yeux et peut entraîner des dommages irréversibles à votre vue.
➡️ Si vous utilisez des jumelles, un télescope ou un appareil photo, un filtre solaire professionnel adapté à l'avant est indispensable.
🕶️ Protégez votre vue et profitez du spectacle en toute sécurité !

🇬🇧 🌒 Solar eclipse 🌒

Here are few tips to protect your eyes when looking at the eclipse:
➡️Always wear certified eclipse glasses (ISO 12312-2) to look at the sun. Make sure they are undamaged, with no scratches, holes or creases.
➡️Regular sunglasses are dangerous for your eyes and can cause irreversible damage to your sight.
➡️If you're using binoculars, a telescope or a camera, a suitable professional solar filter fitted to the front is essential.
🕶️ Protect your eyesight and enjoy the spectacle safely!

🇱🇺 🌱 Gratis Kompost fir Äre GaartGudde Kompost stäerkt Äre Buedem op eng ganz natierlech Manéier — an d'Gemeng bitt en d...
06/08/2026

🇱🇺 🌱 Gratis Kompost fir Äre Gaart

Gudde Kompost stäerkt Äre Buedem op eng ganz natierlech Manéier — an d'Gemeng bitt en dat ganzt Joer iwwer gratis un.

📍 Nieft dem Gréngschnëttcontainer zu Berbuerg
♻️ Dir kënnt es do selwer huelen a fir Äre private Gebrauch notzen
🧤 Bréngt w.e.g. Är eege Schëpp a Behälter mat



🇫🇷 🌱 Compost gratuit pour votre jardin

Un bon compost nourrit et enrichit naturellement votre terre — et la commune en met gratuitement à disposition tout au long de l'année.

📍 À côté du conteneur à déchets verts à Berbourg
♻️ Vous pouvez vous servir sur place et l'utiliser pour votre usage privé
🧤 Merci d'apporter votre propre pelle et vos récipients

🇱🇺 👑 Joyeuse Entrée zu Wuermer — 5 Plaze fir Awunner aus eiser GemengE Freideg, den 2. Oktober ëm 15 Auer kommen de Gran...
05/08/2026

🇱🇺 👑 Joyeuse Entrée zu Wuermer — 5 Plaze fir Awunner aus eiser Gemeng

E Freideg, den 2. Oktober ëm 15 Auer kommen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse an d'Gemeng Wuermer op Éinen, wou sech d'Regioun presentéiert an uschléissend e grousst Volleksfest ass.

🚢 Eis Gemeng dierf 5 Awunner nennen, déi d'Gemeng Manternach beim Accueil vun der Groussherzoglecher Koppel op der M.S. „Princesse Marie-Astrid" vertrieden. De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse huelen d'Schëff zu Wuermer a fueren no der Begréissung zesumme mat den Invitéen aus de verschidde Gemenge bis op Éinen.

✍️ Wann Dir um Schëff derbäi wëllt sinn, mellt Iech w.e.g. bis en Dënschdeg, den 11. August 2026, bei der Gemeng:
📧 [email protected]

🎲 Wa méi Umeldungen erakomme wéi Plazen do sinn, ginn déi 5 Persoune per Auslousung gezunn. All Ugemellt kréien duerno Bescheed.

🎉 Alleguer d'Awunner an d'Awunnerinnen aus der Gemeng Manternach sinn häerzlech invitéiert fir zu Éinen bei der Joyeuse Entrée vun der Groussherzoglecher Koppel mat dobäi ze sinn.

ℹ️ Är Kontaktdate ginn eleng fir d'Organisatioun vun dëser Aktioun benotzt.

🇫🇷 👑 Joyeuse Entrée à Wormeldange — 5 places pour des habitants de notre commune

Le vendredi 2 octobre à 15h00, le Grand-Duc et la Grande-Duchesse arriveront dans la commune de Wormeldange, à Ehnen, où la région se présentera et où se tiendra ensuite une grande fête populaire.

🚢 Notre commune peut désigner 5 habitants qui représenteront la Commune de Manternach lors de l'accueil du couple grand-ducal à bord du M.S. « Princesse Marie-Astrid ». Le Grand-Duc et la Grande-Duchesse embarqueront à Wormeldange. Après l'accueil officiel, ils rejoindront Ehnen en compagnie des invités des différentes communes.

✍️ Si vous souhaitez être à bord, veuillez vous inscrire auprès de la commune jusqu'au mardi 11 août 2026 :
📧 [email protected]

🎲 Si le nombre d'inscriptions dépasse celui des places disponibles, les 5 personnes seront désignées par tirage au sort. Toutes les personnes inscrites en seront informées.

🎉 Tous les habitants et habitantes de la Commune de Manternach sont cordialement invités à assister à Ehnen à la Joyeuse Entrée du couple grand-ducal.

ℹ️ Vos coordonnées seront utilisées uniquement pour l'organisation de cette action.

📷 © Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Cour Grand-Ducale Gemeen Wormer

-Fans

Adresse

3, Kierchewee
Manternach
6850

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Mardi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Mercredi 08:30 - 11:30
Jeudi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Vendredi 08:30 - 11:30

Téléphone

+352 - 71017221

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Manternach publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gemeng Manternach:

Raccourcis

Partager