Centre nature et forêt A Wiewesch

Centre nature et forêt A Wiewesch We are starting a new adventure … 🏞
Follow us now D’ANF garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site.

Dëse Site gëtt geréiert vun der Naturverwaltung (ANF) a soll d'Bierger*innen iwwer d'Aarbecht vun der Naturverwaltung informéieren. D’ANF kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. D’ANF kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun Informatiounen duerch aner Quellen. D’ANF kann net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun den Informatioune

n duerch aner Persounen. D'Weblinken op dësem Site kënnen op aner Sitte weiderleeden, déi net vun der ANF administréiert ginn. D’ANF ass just fir hiren eegene Contenu responsabel an net fir deen op anere Sitten, op déi eventuell weidergeleet gëtt.
-
Cette page est gérée par l’Administration de la nature et des forêts (ANF) et vise l'information du grand public sur les activités de l’Administration de la nature et des forêts. L’ANF assure au mieux l’exactitude des informations diffusées sur cette page. Cependant, sa responsabilité ne saurait être retenue notamment en cas d’omission d’une information, en cas d’erreurs ou en cas de lacunes dans les informations fournies. L’ANF ne saurait être tenu responsable de l'utilisation qui peut être faite par des tiers des informations fournies sur cette page. Les liens sur cette page peuvent conduire vers des sites qui ne sont pas gérés par l’Administration de la nature et des forêts. L’ANF n’est pas responsable des informations ou services fournis par ces sites.

We are starting a new adventure … 🏞Follow us now Administration de la nature et des forêts
03/03/2025

We are starting a new adventure … 🏞
Follow us now Administration de la nature et des forêts

[Pour 🇫🇷 regarde dans les commentaires 👇] Dësen Account ass net méi aktiv. Dir fannt eis elo op den Accounts vun der Nat...
03/03/2025

[Pour 🇫🇷 regarde dans les commentaires 👇]

Dësen Account ass net méi aktiv. Dir fannt eis elo op den Accounts vun der Naturverwaltung.

Administration de la nature et des forêts

Mir soe Merci fir däi bestännege Support an hoffen, dass du eis bei eiser nächster Aventure begleets. 🏞

De neie Programm ass do!Nächsten Freideg, den 7. Februar vun 14:00 bis 16:00 Auer, lueden mir iech häerzlech an op eng s...
30/01/2025

De neie Programm ass do!

Nächsten Freideg, den 7. Februar vun 14:00 bis 16:00 Auer, lueden mir iech häerzlech an op eng spannend Wanderung duerch d'RFI Manternacher Fiels. Wësst Dir, wat eng RFI ass an firwat se esou entscheedend fir eis Ëmwelt ass? De Fierschter Luc Roeder wäert iech dës a weider Froen ënnerwee beäntwerten.

Denkt drun, iech dem Wieder entspriechend unzedoen an virun allem är Bullisschong matzebréngen!

Umeldung: Dir kënnt iech bis Donneschdeg per E-Mail op [email protected] aschreiwen. Verpasst net dës eenzegaarteg Chance, méi iwwer eis Natur ze léieren!

[Pour 🇫🇷 regarde dans les commentaires 👇]

De Januar geet zwar esou lues op een Enn, mee d’Abenteuer gi grad eréischt esou richteg lass! 🌱✨

Mir starte mat engem Kalenner voller spannender Aktivitéiten an eise fënnef Naturschutzzenteren uechter d‘Land – an DU bass ageluede, derbäi ze sinn! 🎉

Ob Kreativ-Workshops, Outdoor-Abenteuer oder sportlechen Erausfuerderungen – et ass fir jiddereen.ngt eppes Besonnesches derbäi. 🌿

Looss eis zesummen antauchen an déi faszinéierend Welt vun der Biodiversitéit an eis gemeinsam asetze fir den Erhalt vun den impressionanten Aarten déi mat eis zesummeliewen🦋🌳

Bass du bereet dëst Joer onvergiesslech Momenter an der Natur ze erliewen?

Fann all Detailer op 👉 nature.lu

💬 Wéi eng Aktivitéite géifst du gären dëst Joer ausprobéieren? Looss eis et an de Kommentarer wëssen!

Centre nature et forêt A Wiewesch | Centre nature et forêt Biodiversum | Centre nature et forêt Burfelt | Centre nature et forêt Ellergronn | Centre nature et forêt Mirador | Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

27/01/2025

[Pour 🇫🇷 regarde dans les commentaires 👇]

De Januar geet zwar esou lues op een Enn, mee d’Abenteuer gi grad eréischt esou richteg lass! 🌱✨

Mir starte mat engem Kalenner voller spannender Aktivitéiten an eise fënnef Naturschutzzenteren uechter d‘Land – an DU bass ageluede, derbäi ze sinn! 🎉

Ob Kreativ-Workshops, Outdoor-Abenteuer oder sportlechen Erausfuerderungen – et ass fir jiddereen.ngt eppes Besonnesches derbäi. 🌿

Looss eis zesummen antauchen an déi faszinéierend Welt vun der Biodiversitéit an eis gemeinsam asetze fir den Erhalt vun den impressionanten Aarten déi mat eis zesummeliewen🦋🌳

Bass du bereet dëst Joer onvergiesslech Momenter an der Natur ze erliewen?

Fann all Detailer op 👉 nature.lu

💬 Wéi eng Aktivitéite géifst du gären dëst Joer ausprobéieren? Looss eis et an de Kommentarer wëssen!

Centre nature et forêt A Wiewesch | Centre nature et forêt Biodiversum | Centre nature et forêt Burfelt | Centre nature et forêt Ellergronn | Centre nature et forêt Mirador | Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

Déi lescht Käerz um Adventskranz brennt – mir freeën eis op eng gemittlech Zäit mat Frënn a Famill. Allerhéchsten Zäit f...
22/12/2024

Déi lescht Käerz um Adventskranz brennt – mir freeën eis op eng gemittlech Zäit mat Frënn a Famill. Allerhéchsten Zäit fir eis, d'Team A Wiewesch, Merci ze soen!

Merci fir dat Joer, dat war – fir déi vill Begéinungen a Gespréicher. Merci fir déi flott Aktivitéiten, déi nëmme flott gi wann dir matmaacht.
Merci un eis engagéiert Guiden, déi sech nees e spannende Programm fir 2025 iwwerluecht hunn an eis 2024 mat Begeeschterung an d'Natur bruecht hunn.
Merci fir de ville Besuch op eise Mäert.
Merci de ville Kanner, déi eis iwwert d'ganz Joer besiche kommen. Merci den engagéierten Aussteller a Verkeefer op eise Mäert.
Merci de Veräiner, déi eis ëmmer nees ënnerstëtzen.
Merci de Gemenge fir all Hëllef – riets a lénks.

Einfach M E R C I u jiddereen deen dëst Joer zu dem gemach huet wat et war.

Iwwert d'Vakanz loosse mer eis Dieren zou. Mir sinn de 6. Januar nees fir iech do.

Mir wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer!

Bis op e puer Klengegkeeten si mer ansech prett fir muer 🌲Ab 16:00 Auer sinn eis Diren fir Iech op, mat Handwierkskonsch...
12/12/2024

Bis op e puer Klengegkeeten si mer ansech prett fir muer 🌲

Ab 16:00 Auer sinn eis Diren fir Iech op, mat Handwierkskonscht, Chrëschtdekoratioun, selwer gemaachtem Moschtert, gudden Drëppen, holze Waistëpp, an an an

Eppes Gutts ze Iessen an ze Drénken gëtt et natierlech och, dobai ënnerstëtzen eis wéi gewinnt d'Veräiner vun hei an aus der Géigend.

Fir d'Kanner hu mer wéi et schonn Traditioun ass Kanneratelier wou se eppes klenges Bastele kennen.

D'Bausteng fir e gelongengen Owend sinn do - lo feelt just nach Dir!

Hoppla! Elo ass et schonns Dezember! Zäit zréckzekucken... Dësen November war wierklech voller Aktivitéiten an Erfarunge...
01/12/2024

Hoppla! Elo ass et schonns Dezember! Zäit zréckzekucken...
Dësen November war wierklech voller Aktivitéiten an Erfarungen! Hei e klenge Réckbléck op d'Evenementer, déi bei eis am Naturschutzzentrum A Wiewesch waren :

👩‍🏫👨‍🔬 Schoulklassen hu mat Begeeschterung erausfonnt, wéi aus Käre Brout gëtt, d'Geheimnisser vun der Woll entdeckt, an d'Schüler aus der Gemeng Mäertert hunn den "Dag vum Bam" gefeiert 🌳, andeems se Äppel- a Bierebeem geplanzt hunn.
✂️🕯️ Kreativitéit stoung am Mëttelpunkt: Egal ob beim Sallef maache, mat Beiewuess schaffe oder an eiser gemittlecher Holzatelier-Atmosphär.
🚜🎄 Mir krute super Ënnerstëtzung vun der Gemeng Mäertert fir eise Chrëscht"beemchen" opzestellen, an och wann de Schnéi ❄️ nëmme kuerz do war, huet en eis schonn op déi festlech Zäit agestëmmt.
🛍️🎨 Eis Präparatioune fir de Wantermaart den 13. Dezember si voll am Gaang, a mir schaffen och un engem ofwiesslungsräiche Programm fir dat nächst Joer .

Mir si gespaant, wat den Dezember elo alles mat sech bréngt, an hoffen, Iech bei deene kommende Geleeënheete begréissen ze kënnen! 😊✨

Fir all déi Leit déi keng Fënster hu fir eraus ze kucken: SCHNÉI! Esouguer bei eis! Fir de Schnéimännche geet et net gra...
22/11/2024

Fir all déi Leit déi keng Fënster hu fir eraus ze kucken: SCHNÉI! Esouguer bei eis! Fir de Schnéimännche geet et net grad duer, mee wee brauch schonn sou een, wa mir sou léif Déiercher am Schnéi stoen hunn 😍

Mir wënschen iech e schéine Weekend, an freeën eis drop fir e puer vun Iech den Owend am Holzatelier fir Familljen perséinlech kennen ze léieren

04/11/2024

Adresse

12, Syrdallstrooss
Manternach
6850

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00

Téléphone

+35224756503

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre nature et forêt A Wiewesch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Centre nature et forêt A Wiewesch:

Partager