11/09/2026
🇱🇺 LËTZEBUERGESCH
E Bauerebetrib mat bal 250 Joer Geschicht
Zu Nidderpallen steet en aussergewéinleche, barocke Bauerenhaff, deen 1782 erbaut gouf. Mat sengem imposante Wunnhaus, de landwirtschaftleche Gebailechkeeten an dem groussen Haff erzielt en d'Geschicht vum ländleche Wuelstand am 18. Joerhonnert.
Géint 1890 huet den E. Lenger op dëser Plaz eng grouss Distillerie ageriicht, déi séier am ganze Land bekannt gouf. Zënterhier ass de Betrib ënner dem Numm „a Lengesch“ bekannt. Nieft dem Wunnhaus hunn d'Produktiouns- a Lagergebaier vum Brennereibetrib d'Plaz iwwer Joerzéngte geprägt a maachen haut nach en Deel vun hirer eenzegaarteger Geschicht aus.
D'Gebai ass eent vun dräi monumentalen, barocke Bauerenhäff, déi bannent nëmmen 13 Joer an där selwechter Strooss gebaut goufen. Zesummen bilden si en aussergewéinlecht architektonescht Ensemble an e wäertvollt Zeugnis vun der lëtzebuergescher Bau- a Kulturgeschicht.
Fir dës historesch Qualitéiten z‘erhalen, steet „a Lengesch“ zënter 2010 ënnert nationalem Schutz. An de leschte véier Joer goufen ëmfangräich Restauratiounsaarbechten duerchgefouert. Historesch Elementer wéi Mauerschief, Trapen, Stuckplafongen, Parkett an al Dieren goufe mat vill Fachwëssen restauréiert, während net authentesch Verännerungen nees zeréckgebaut goufen, woumat d'Authentizitéit vum Gebai erhale bliwe gouf.
Gläichzäiteg gouf d'Gebai mat Bléck op eng nohalteg Zukunft moderniséiert: Nei duebel verglaste Holzfënstere goufen agesat an d'Entréesdier gouf am Respekt vum historesche Charakter erneiert an den haitegen Ufuerderunge un Isolatioun a Sécherheet ugepasst.
Déi al Uelegheizung ass duerch eng Hackschnitzelheizung mat Pufferspäicher ersat ginn. De Buedem um Rez-de-chaussée gouf isoléiert an et goufen haaptsächlech mineralesch an natierlech Baumaterialie benotzt. Sou konnt eng verbessert Energieeffizienz erzielt an eng harmonesch Verbindung tëscht Denkmalschutz a moderner Notzung fonnt ginn.
E gelongent Beispill dofir, wéi ee Kulturierwen erhalen an dobäi gläichzäiteg op d'Besoine vun eiser Zäit agoe kann.
Copyright: Famill Wolf