Zitha ZithaCareZenter : Präventiv bis palliativ mat Qualitéit an Häerz 💚💙 Dr Carine Federspiel
(Directrice Générale et Gériatre)

Le groupe Zitha offre aux personnes âgées un accompagnement médicalement compétent et humainement chaleureux. UNE VIE EPANOUIE, RICHE ET ACTIVE JUSQU’A SA FIN

Jeune entreprise dynamique crée en 2006, le groupe ZithaSenior SA offre quatre Seniories c’est-à-dire établissements d’aides et de soins aux personnes âgées dépendantes : à Luxembourg-ville, à Pétange, à Consdorf et à Contern. Ce groupe con

jugue avec excellence une tradition séculaire d’accueil et d’écoute humanistes de la personne à des compétences médicales de pointe. Un savoir-être et un savoir-faire particuliers pour un label de qualité que le docteur Carine Federspiel, médecin spécialiste en gériatrie et directrice médicale, met en avant.

« Une démarche innovante dans la prise en charge des personnes âgées»

Ainsi ZithaAktiv avec son Centre de la Mémoire et de la Mobilité, apporte une offre nouvelle dans le suivi des personnes âgées en perte d’autonomie. En collaboration avec les médecins traitants, nous établissons un bilan exhaustif des capacités cognitives et motrices du patient ; nous proposons ensuite un plan de prise en charge personnalisé allant jusqu’à 2 mois, l’objectif étant de rendre possible le retour à domicile du senior. Si ce retour s’avère inadéquat, un séjour de moyenne ou longue durée est alors envisagé dans une de nos Seniories.

« Au-delà de la maladie et de la dépendance, rendre la vie belle, riche et valorisante »

La prise en charge médicale du résidant par un personnel qualifié bénéficiant d’un équipement de pointe est essentielle pour conforter la personne dans un sentiment de sécurité et de bien-être psychique, auxquels il a droit. Notre volonté est donc de faire également de nos établissements des lieux de rencontre, de parole et d’échange. Ainsi, nous proposons – entre-autres choses - une palette d’activités, d’ateliers et de moments de détente axés sur l’éveil des 5 sens de vie et de communication que sont l’ouïe, le goût, le toucher, l’odorat et la vue. Nous tendons la main aux seniors dépendants pour leur montrer que le chemin qui reste à parcourir recèle encore beaucoup de surprises, de découvertes et de plaisirs aussi gratifiants que valorisants.

« Un espace de vie ouvert sur l’extérieur »

Nos établissements ont fenêtres et portes grandes ouvertes sur le monde extérieur. Nous cherchons à solliciter, maintenir et renforcer ce lien vital avec l’entourage plus ou moins proche du résidant. Nous organisons régulièrement des portes-ouvertes et, une fois par mois, de grands moments de convivialité réunissant pensionnaires, famille, amis et connaissances. Ces soirées sont thématiques, souvent en prise directe avec l’actualité du moment : Grillfest, Echange avec les familles, Beaujolais nouveau, Fête de Noël....Nous voudrions contribuer à changer le regard méfiant qu’a habituellement notre société face à la vieillesse, synonyme de fin de vie. Montrer que vieillir, même dans des conditions physiques parfois difficiles, c’est encore et toujours des instants de bien-être et de sérénité, de connaissance et d’apprentissage, de réflexion et de partage : vieillir, c’est encore et toujours vivre, tout simplement.

🎤 ZithaMIND: Eis Experten an der Table Ronde 🧠💬E Film wéi Aftersun léisst vill Froen op. Fir dës zesummen ze verdéiwen, ...
08/09/2026

🎤 ZithaMIND: Eis Experten an der Table Ronde 🧠💬

E Film wéi Aftersun léisst vill Froen op. Fir dës zesummen ze verdéiwen, freeë mir eis op eng Table Ronde mat Experten aus ënnerschiddleche Beräicher:

👤 𝗗𝗿. 𝗠𝗮𝗿𝗰 𝗚𝗥𝗔𝗔𝗦, 𝗣𝘀𝘆𝗰𝗵𝗶𝗮𝘁𝗲𝗿
Mat senger psychiatrescher Expertise bréngt hien de fachleche Bléck op Depressioun, hir Auswierkungen an de Wee zu Hëllef an d'Diskussioun eran.

👤 𝗦𝗮𝗰𝗵𝗮 𝗕𝗔𝗖𝗛𝗜𝗠, 𝗙𝗮𝗰𝗵𝗯𝗲𝗿𝗼𝗼𝗱𝗲𝗿 𝗯𝗲𝗶𝗺 𝗖𝗡𝗔𝗣𝗔
Hie bréngt seng Erfarung aus der Berodung a Präventioun mat an erweidert d'Diskussioun ëm eng wichteg psychosozial Perspektiv.

👤 𝗥𝗶𝗰𝗮𝗿𝗱𝗼 𝗠𝗔𝗥𝗤𝗨𝗘𝗦, 𝗣𝘀𝘆𝗰𝗵𝗼𝗹𝗼𝗴 & 𝗗𝗲𝗽𝘂𝘁𝗲́𝗶𝗲𝗿𝘁𝗲𝗻
Als Psycholog a Politiker verbënnt hien de Bléck op mental Gesondheet mat gesellschaftlechen a politesche Froen.

🎙️ Moderatioun: 𝗠𝗮𝘅𝗶𝗺𝗲 𝗛𝗔𝗡𝗦𝗘𝗡, 𝗣𝘀𝘆𝗰𝗵𝗼𝗹𝗼𝗴 𝗯𝗲𝗶 𝗭𝗶𝘁𝗵𝗮𝗨𝗻𝗶𝘁
Hie féiert duerch d'Gespréich an duerch den Austausch tëscht eisen Experten an dem Public.

🎬 ZithaMIND – Mental Health on the big screen and in real life

📅 30. September 2026
🕖 19:30 Auer
📍 Ciné Sura, Iechternach

An Zesummenaarbecht mat eise regionale Partner - Ligue Médico-Sociale Iechternach, Offices Sociaux Régionaux Beefort an Iechternach/Mompech.

Umeldung: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdSNiHoUYeakuJHs2IjVXHoyTjT3b5WquZj3hnV_X4FGKH4Rg/viewform

Braderie an der Stadt - 12, av. de la Gare: Mir sin do fir all är Froen
07/09/2026

Braderie an der Stadt - 12, av. de la Gare:
Mir sin do fir all är Froen

🎬 ZithaMIND presentéiert: AFTERSUNE Papp. Eng Duechter. Eng gemeinsam Vakanz. An Erënnerungen, déi eréischt Jore méi spé...
05/09/2026

🎬 ZithaMIND presentéiert: AFTERSUN

E Papp. Eng Duechter. Eng gemeinsam Vakanz. An Erënnerungen, déi eréischt Jore méi spéit eng aner Bedeitung kréien 💭

link: https://www.youtube.com/watch?v=vXKcWRu8K_U

🎥 Aftersun vum Charlotte Wells erzielt op eng roueg an immens mënschlech Manéier vu Bezéiung, Erënnerung a mentaler Gesondheet a vun deem, wat bei engem Mënsch hannert dem Sichtbare verstoppt bleiwen kann.

🧠 E Film, deen net alles erkläert, mee vill Froen opmécht.

An genee iwwer dës Froe wëlle mir nom Film zesumme schwätzen 💬

📅 30. September 2026
🕖 19:30 Auer
📍 Ciné Sura, Iechternach

An Zesummenaarbecht mat eise regionale Partner - Ligue Médico-Sociale Iechternach, Offices Sociaux Régionaux Beefort an Iechternach/Mompech.

Umeldung: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdSNiHoUYeakuJHs2IjVXHoyTjT3b5WquZj3hnV_X4FGKH4Rg/viewform

💙 Votre cœur. Votre talent. Votre prochaine étape.Vous cherchez un métier qui a du sens ? ✨Rejoignez une équipe où votre...
04/09/2026

💙 Votre cœur. Votre talent. Votre prochaine étape.

Vous cherchez un métier qui a du sens ? ✨
Rejoignez une équipe où votre engagement fait la différence !

🩺 Aide-soignant(e)
🤝 Aide socio-familial(e)
🌿 Assistant(e) d’accompagnement au quotidien

Votre avenir commence peut-être ici. 💙
👉 https://fr.zitha-jobs.lu/



💙 Dein Herz. Dein Talent. Dein nächster Schritt.

Du suchst einen Job mit Sinn? ✨
Werde Teil eines Teams, in dem dein Engagement zählt!

🩺 Aide-soignant(e)
🤝 Aide socio-familial(e)
🌿 Assistant(e) d’accompagnement au quotidien

Deine Zukunft beginnt vielleicht hier. 💙
👉 https://de.zitha-jobs.lu/

🎉 Zitha e Méindeg op der Braderie! 🛍️Kommt laanscht, léiert eist dynamescht Team kennen an entdeckt eis ganz Pallette vu...
03/09/2026

🎉 Zitha e Méindeg op der Braderie! 🛍️

Kommt laanscht, léiert eist dynamescht Team kennen an entdeckt eis ganz Pallette vu Servicer déi mir ubidden 💙💚



https://www.zithasenior.lu/

  💚   💙🙌 AM RESPEKT VU CHRËSCHTLECHE WÄERTER VERBANNE MIR TRADITIOUN AN ZUKUNFT🤝 Mir iwwerhuelen Neies wann et eise Wäer...
02/09/2026

💚 💙

🙌 AM RESPEKT VU CHRËSCHTLECHE WÄERTER VERBANNE MIR TRADITIOUN AN ZUKUNFT

🤝 Mir iwwerhuelen Neies wann et eise Wäerter entsprécht an eis hëlleft, eis Aufgabe besser z'erfëllen.

📣 Michèle W., Aide-soignante :

"An der Palliativfleeg stelle mir bei Zitha de Mënsch mat all senge Bedierfnisser, Ängschten an Iwwerzeegungen an de Mëttelpunkt - besonnesch a sensibele Phase vum Liewensenn.

Onofhängeg dovun, wéi eng Relioun oder spirituell Usiichten e Bewunner huet, passe mir d'Begleedung individuell un.

Mir respektéiere Ritualer, Glawensvirstellungen a kulturell Ënnerscheeder an integréieren se bewosst an eis Soins, eisen Encadrement an an eis psychesch Ënnerstëtzung.

Dës Haltung steet ganz am Aklang mat eisem Leitbild: Mir iwwerhuelen nei -
oder erweidert Konzepter, wéi zum Beispill eng kultursensibel Palliativfleeg, wann se eise Wäerter vun Dignitéit, Respekt a Mënschlechkeet entspriechen an eis dobäi hëllefen eis Aufgab besser z'erfëllen, nämlech de Mënsch am Ganzen ze begleeden".

🌟 🤝 💞 🗣️ 🌍 🏥 📜 🎯 💖

🧠 Iwwer psychesch Belaaschtunge schwätze fält oft schwéier, dobäi ass genau dat en éischte Schrëtt. An 3 Workshops gi mi...
01/09/2026

🧠 Iwwer psychesch Belaaschtunge schwätze fält oft schwéier, dobäi ass genau dat en éischte Schrëtt.

An 3 Workshops gi mir Dir fundéiert Wëssen, praktesch Handlungsusätz a Raum fir Deng Froen.

🎤 "Prett fir an d'Vakanz? Oder ass dat schonn e Burnout"?
▶️ Mir widmen eis dem Thema Stress a Burnout. Wéi kann ech chronesche Stress fréi erkennen a wat kann ech ënnerhuelen?

📅 Dënschdeg, 22. September 2026
🕕 18:00 Auer
📍 ZithaCareZenter Consdorf
4–5 rue Burgkapp L-6211 CONSDORF

📞 Umeldung: 26 45 31 - 📧 [email protected]

Konferenz a Collaboratioun mat der Gemeng Konsdref.

🚀 SAVE THE DATES

📅 17. November
"Gefaangen an eise Gedanken a Gefiller: Vun Depressioun bis Angscht"

📅 1. Dezember
"Näischt soe ka geféierlech sinn: Iwwer Suizid schwätzen"

💚 Informéieren. Verstoen. Austauschen. Präventioun fänkt mat engem Gespréich un.

Bréngt gären och Frënn, Famill oder Bekannter mat – zesumme schwätze mécht staark.

🥤✨ Mixen, laachen & genéissen! 🍓🍌❤️Am Kachcours August hunn d'Bewunner aus dem ZithaCareZenter Consdorf lecker Smoothien...
31/08/2026

🥤✨ Mixen, laachen & genéissen! 🍓🍌❤️

Am Kachcours August hunn d'Bewunner aus dem ZithaCareZenter Consdorf lecker Smoothien zesumme preparéiert – mat vill Faarf, Kreativitéit an natierlech vill gudder Laun! 👩‍🍳👨‍🍳

Uebst auswielen, schneiden, mixen a schmaachen – jidderee konnt matmaachen a säin eegene Smoothie zesummestellen 🍓🥭🍍🥤

E flotten Nomëtteg mat vill gemeinsame Momenter, Spaass a Genoss! 🥰🙌

E grousse Merci un d’Kichechefs vun Dussmann fir d’Engagement an déi flott Begleedung! 👏❤️

Mir freeën eis schonn op déi nächst Kach-Session! 🍽️✨

🧠🎬 Wat ass ZithaMIND?ZithaMIND bréngt mental Gesondheet op de groussen Ecran an an d'Gespréich 💬D'Iddi ass einfach: E Fi...
29/08/2026

🧠🎬 Wat ass ZithaMIND?

ZithaMIND bréngt mental Gesondheet op de groussen Ecran an an d'Gespréich 💬

D'Iddi ass einfach: E Film gräift e wichtegt Thema ronderëm mental Gesondheet op. Duerno schafe mir Raum fir Austausch, Diskussioun a verschidde Perspektiven zesumme mat Expert:innen.

🎥 Kucken.
💬 Diskutéieren.
🤝 Verstoen.

Eist Zil: informéieren, sensibiliséieren an entstigmatiséieren.

📅 30. September 2026
📍 Ciné Sura, Iechternach

An Zesummenaarbecht mat eise regionale Partner - Ligue Médico-Sociale Iechternach, Offices Sociaux Régionaux Beefort an Iechternach/Mompech.

Umeldung: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdSNiHoUYeakuJHs2IjVXHoyTjT3b5WquZj3hnV_X4FGKH4Rg/viewform

🚢🌊 Musel-Feeling trotz Reen! 😄🎶D'Bewunner aus der Seniorie St Joseph Pétange hunn e schéinen Nomëtteg u Bord vun der Mar...
28/08/2026

🚢🌊 Musel-Feeling trotz Reen! 😄🎶

D'Bewunner aus der Seniorie St Joseph Pétange hunn e schéinen Nomëtteg u Bord vun der Marie-Astrid verbruecht. Vu Gréiwemaacher op Schengen an zeréck goung et iwwer d'Musel! 🚢🍀

Trotz dem Wieder war d'Stëmmung super: gutt Musek, lecker Iessen, vill Laachen, Gesank an esouguer e puer Danzschrëtt 💃🕺. Besonnesch schéin war et, déi wonnerbar Musellandschaft vum Deck aus ze genéissen🌿🌊

🙏 E grousse Merci un d'Amicale, déi dëse flotten Ausfluch méiglech gemaach huet. Sou Momenter schafe wäertvoll Erënnerungen! ❤️

🚢😊🍀

Adresse

30 Rue Ste Zithe
Luxembourg
L-2763

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Zitha publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Zitha:

Partager