13/03/2025
🌼 D’ Lorblummen hunn déi lescht Woch vum schéine Weeder profitéiert a verbreeden erëm hire gielen Teppech ☀️
🚂 Wann dir dëst Natur Spektakel wëllt kucke kommen da profitéiert vum ëffentlechen Transport. Vun der Gare zu Wëlwerwolz kënnt dir iwwert d’Vëlospist bis an de Lor spadséieren. (2,5km) 🚌
Fir datt dir, an och déi aner, är Visit genéisse kënnt, biede mir eech Follgendes ze respektéieren:
👉 Evitéiert et mam Auto erof op Lellgen ze fueren a notzt de Parking bei der aler Kontrollstatioun. Vun hei aus ass de Wee mat Piktogrammen um Buedem gezeechent. (1km)
👉 Parkt keng Autoen an d’Wisen a Felder vun eise Baueren.
👉 Stellt är Autoen net virun d’Affaarten vun den Häiser.
👉 Pléckt keng Blummen
👉 Bleift op de bestoende Weeër
👉 Halt är Hënn an der Léngt
👉 Hannerloosst keen Dréck an der Natur
🌻 Merci fir äert Verstees de mech an e schéinen Dag am Kiischpelt. 😎
🌼 Les « Lorblummen » ont profité du beau temps la semaine dernière et étalent à nouveau leur tapis jaune ☀️
🚂 Si vous souhaitez assister à ce spectacle de la nature, profitez du transport public. Depuis la gare de Wilwerwiltz, vous pouvez vous promener sur la piste cyclable jusqu'au « Lor ». (2,5km) 🚌
Pour que vous, et les autres, puissiez apprécier votre séjour, nous vous demandons de respecter les règles suivantes :
👉 Évitez de descendre en voiture jusqu'à Lellingen et utilisez le parking à l'ancienne station de contrôle. De là, le chemin est indiqué par des pictogrammes au sol. (1km)
👉 Ne garez pas votre voiture dans les champs et les prés des agriculteurs.
👉 Ne placez pas votre voiture devant l'entrée des maisons.
👉 Ne cueillez pas de fleurs
👉 Restez sur les chemins existants
👉 Tenez vos chiens en laisse
👉 Ne laissez pas de déchets dans la nature
🌻 Merci de votre compréhension et passez une agréable journée au Kiischpelt. 😎