Centre d'Incendie et de Secours Rambrouch

Centre d'Incendie et de Secours Rambrouch Centre d'Incendie et de Secours Rambrouch 🚑🚒
🆘 In case of emergency call 112

đŸ‡«đŸ‡· Cours de premier secours đŸ©čLe temps d’un week-end en octobre 2026, notre CIS accueillera un cours de premiers secours,...
02/09/2026

đŸ‡«đŸ‡· Cours de premier secours đŸ©č

Le temps d’un week-end en octobre 2026, notre CIS accueillera un cours de premiers secours, organisĂ© par le CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours.

đŸ€© Le cours sera dispensĂ© en langue française et est ouvert Ă  toute personne ĂągĂ©e de 12 ans ou plus.

📅 Samedi 24 et dimanche 25 octobre 2026
🕗 08h00 – 12h00 & 13h00 – 17h00
📍 Dans notre CIS au Riesenhaff

â˜đŸŒ Les inscriptions sont ouvertes dĂšs maintenant :
https://cours.cgdis.lu/page/module/3906/DEU/index.html?cache=no

‌ Le nombre de places est limitĂ©, alors ne tardez pas Ă  vous inscrire ! 😉

16/08/2026

⚠ Wichteg Informatioun

Duerch d’BĂ«schbrĂ€nn an der Haute Fagne ass aktuell och an eiser Regioun eng mĂ©i staark Damp- a Gerochsbelaaschtung ze spieren.

Mir recommandĂ©ieren, FĂ«nsteren an Dieren zou ze halen, fir ze verhĂ«nneren, datt den Damp an d’Wunnengen erakĂ«nnt.

Besonnesch Kanner, eeler Persounen a Leit mat OtemweeĂ«rbeschwerden solle sech aktuell schĂŒtzen an AktivitĂ©iten am FrĂ€ie sou wĂ€it wĂ©i mĂ©iglech vermeiden.

đŸ‡«đŸ‡· Information importante

En raison des incendies dans les Hautes Fagnes, une présence accrue de fumée et une odeur de brûlé sont actuellement perceptibles dans notre région.

Par mesure de prĂ©caution, nous recommandons de garder les portes et les fenĂȘtres fermĂ©es afin d’éviter que la fumĂ©e ne pĂ©nĂštre dans les habitations.

Les enfants, les personnes ĂągĂ©es ainsi que les personnes souffrant de problĂšmes respiratoires sont invitĂ©s Ă  ĂȘtre particuliĂšrement vigilants et Ă  limiter autant que possible les activitĂ©s en extĂ©rieur.

📾 RTL info.

☀ Bis e Samschdig sinn d‘Temperaturen nees ganz hĂ©ich !Bei dĂ«sen hĂ©ijen Temperaturen ass et wichteg, genuch ze drĂ©nken,...
13/08/2026

☀ Bis e Samschdig sinn d‘Temperaturen nees ganz hĂ©ich !

Bei dĂ«sen hĂ©ijen Temperaturen ass et wichteg, genuch ze drĂ©nken, sech virun der Sonn ze schĂŒtzen an dĂ©i grouss HĂ«tzt wa mĂ©iglech ze vermeiden.

đŸŒČ Mee net nĂ«mme d’HĂ«tzt ass eng grouss Erausfuerderung: Duerch dĂ©i laang unhalend DrĂ©chent ass de Risiko vu BĂ«sch- a VegetatiounsbrĂ€nn aktuell besonnesch hĂ©ich.

Dofir denkt w.e.g. un d’Reegelen, dĂ©i aktuell an eiser Commune de Rambrouch an am Naturpark Öewersauer gĂ«llen:
- Keen oppent Feier an der Natur đŸ”„
- Net grillen, och net mat engem Gasgrill
- Keng Zi******en oder StĂ«mp an d’Natur geheien 🚬
- Gefierer nĂ«mmen op ausgewisene Plazen an net op drĂ©chener Vegetatioun ofstellen đŸ…żïž
- A ganz allgemeng: Geheit nĂ€ischt an d’Natur. 🌿

👀 Sidd opmierksam! Sollt dir Feier oder Damp bemierken, rufft direkt den 112.

📾 D’Foto‘en si vu rezeten BĂ«sch- a VegetatiounsbrĂ€nn, wou mir als CIS Rammerich am Asaz waren.

09/08/2026
Am Juli hate mir eis OfschlossĂŒbung zesumme mam CIS AlebĂ«sch, bei dĂ€r mir en VerkĂ©iersaccident (VU) simulĂ©iert hunn. đŸš™đŸ”„W...
06/08/2026

Am Juli hate mir eis OfschlossĂŒbung zesumme mam CIS AlebĂ«sch, bei dĂ€r mir en VerkĂ©iersaccident (VU) simulĂ©iert hunn. đŸš™đŸ”„

WĂ€rend dem Asazszenario haten eis PompjeeĂ«n an och eis RTW-Ekippen all HĂ€nn voll ze dinn, fir dĂ©i verschidde Situatiounen ofzeschaffen. 🚒🚑

E grousse Merci un all dĂ©i, dĂ©i un dĂ«ser Übung deelgeholl a mat ugepak hunn. E besonnesche Merci geet och un d’Commune de Rambrouch fir d’ËnnerstĂ«tzung beim Opriichte vum Asazszenario. đŸ€©

🚒 Haut a muer organisĂ©ieren d’JugendpompjeeĂ«n aus dem CIS Rammerich hir traditionell 24-Stonnen-Übung an der Gemeng Ramm...
11/07/2026

🚒 Haut a muer organisĂ©ieren d’JugendpompjeeĂ«n aus dem CIS Rammerich hir traditionell 24-Stonnen-Übung an der Gemeng Rammerich.

Dofir kann et sinn, datt dir dĂ©i nĂ€chst Stonnen e bĂ«sse mĂ©i Beweegung an der Gemeng bemierkt. Kee Grond zur Suerg – et handelt sech an de meeschte FĂ€ll just Ă«m eis JugendpompjeeĂ«n, dĂ©i am Kader vun hirer Übung am Asaz sinn. 🚒😊

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech a wĂ«nschen eise JugendpompjeeĂ«n eng flott an lĂ©ierrĂ€ich 24-Stonnen-Übung! đŸ’ȘđŸ”„

đŸ‡±đŸ‡ș GĂ«schter war eisen HLF 2-1 op der Parade vum Nationalfeierdag dobĂ€i 🚒Et war eis eng grouss Éier, bei dĂ«sem besonnesch...
24/06/2026

đŸ‡±đŸ‡ș GĂ«schter war eisen HLF 2-1 op der Parade vum Nationalfeierdag dobĂ€i 🚒

Et war eis eng grouss Éier, bei dĂ«sem besonnesche Moment dobĂ€i ze sinn an dierfen deelzehuelen. đŸ€©

©Eric De Millo (📾)

20/06/2026

đŸ‡±đŸ‡ș WĂ©int der aktueller DrĂ©chent op Wisen ☘, Felder đŸŒ± an an de BĂ«scher 🌳, sollten dĂ©i heite Verhalensweise respektĂ©iert ginn :
‱ Werft keng ZigarettestĂ«mp op de Buedem. 🚭
‱ Maacht kee Feier đŸ”„ dobaussen.
‱ Grillt nĂ«mmen op deene Plazen, dĂ©i dofir virgesi sinn an halt LĂ€schmĂ«ttel nobĂ€i (e BehĂ€lter mat Waasser z. B. đŸȘŁ).
‱ GehĂ€it keng Grillglous an d’Natur 🚯. Waart, bis d’Glous ofgekillt ass, iert Dir se op enger Plaz entsuergt, dĂ©i dofir virgesinn ass.
‱ Fuert net mam Auto iwwer Wisen, Felder oder duerch de BĂ«sch ⛔, well souwuel mĂ©iglech Fonke wĂ©i och dĂ©i waarm ËnnersĂ€it vun Autoe potenziell e Brand auslĂ©ise kĂ«nnen.
‱ BlockĂ©iert net den AccĂšs zu BĂ«sch- a FeldweeĂ«r, fir am Fall vun engem Vegetatiouns- oder BĂ«schbrand den Zougang fir d’PompjeeĂ«n 🚒 ze ermĂ©iglechen.
Wann et brennt, rufft den 112.

đŸ‡«đŸ‡· À cause de la sĂ©cheresse actuelle dans les prairies ☘, champs đŸŒ± et forĂȘts 🌳, les conseils de comportement suivants devraient ĂȘtre adoptĂ©s :
‱ Ne jetez pas de mĂ©gots par terre. 🚭
‱ N’allumez pas de feu đŸ”„ Ă  l’extĂ©rieur.
‱ Limitez les barbecues aux zones dĂ©signĂ©es Ă  cet effet et prĂ©voyez un dispositif d’extinction Ă  proximitĂ© (p. ex. un rĂ©cipient rempli d’eau đŸȘŁ).
‱ Ne jetez pas les braises de barbecue dans la nature 🚯. Attendez que les braises aient refroidi avant de les jeter aux endroits prĂ©vus Ă  cet effet.
‱ Ne roulez pas en voiture dans les prĂ©s, les champs ou les forĂȘts ⛔, Ă©tant donnĂ© qu’aussi bien d’éventuelles Ă©tincelles que le dessous chaud des vĂ©hicules peuvent potentiellement provoquer un feu.
‱ Ne bloquez pas l’accĂšs aux chemins forestiers ou vers les champs afin de garantir l’accĂšs aux pompiers 🚒 en cas de feux de vĂ©gĂ©tation ou de forĂȘt.
En cas d’incendie, prĂ©venez les secours au 112.

🇬🇧 Due to the drought currently affecting meadows ☘, fields đŸŒ± and forests 🌳, the following guidelines should be followed:
‱ Do not throw cigarette ends on the ground. 🚭
‱ Do not light fires đŸ”„ outdoors.
‱ Restrict barbecues to designated areas and ensure a fire-extinguishing device is nearby (e.g. a container filled with water đŸȘŁ).
‱ Do not dispose of barbecue embers in nature 🚯. Wait until the embers have cooled before disposing of them in the designated areas.
‱ Do not drive through meadows, fields or forests ⛔, as both potential sparks and the hot underside of vehicles could start a fire.
‱ Do not block access to forest tracks or fields to ensure that the fire service 🚒 can reach them in the event of a wildfire or forest fire.
In the event of a fire, call the emergency services on 112.

🚒 CIS Rambrouch op der Nuit du Sport đŸƒđŸ»â€â™‚ïž đŸ€© Komm bis laanscht op de Site vun der Schoul zu Kietscht an test deng Fitnes...
02/06/2026

🚒 CIS Rambrouch op der Nuit du Sport đŸƒđŸ»â€â™‚ïž

đŸ€© Komm bis laanscht op de Site vun der Schoul zu Kietscht an test deng Fitness am "Sportstest" vun de PompjeeĂ«n.
Bei eis kanns de Leedere roppklammen, deng Kraaft, deng Schnellegkeet an deng Ausdauer Ă«nner Beweis stellen. đŸ’ȘđŸŒ

❓Natierlech sti mir Iech och Ried an Äntweren op Är Froen ronderem d'Pompjeeswiesen ❗

Mir freeĂ«n eis op Äre Besuch, den 6. Juni op der Nuit du Sport vun der Commune de Rambrouch. 🏅

â„č De ganze Programm fann Dir op https://www.nuitdusport.lu/fr/programme/rambrouch

🚒 Virun enger Woch waren eis JugendpompjeeĂ«n op LĂ«lz op der Base Nautique beim Groupe de Sauvetage Aquatique (GSAQ). 🌊Do...
31/05/2026

🚒 Virun enger Woch waren eis JugendpompjeeĂ«n op LĂ«lz op der Base Nautique beim Groupe de Sauvetage Aquatique (GSAQ). 🌊

Do kruten eis JugendpompjeeĂ«n Äntwerten op hir vill Froen, konnten ee klengen Tour mam Boot maachen an hunn d’AusrĂŒstung an d’Aarbecht vum GSAQ mĂ©i genee kennegelĂ©iert. đŸš€

Ee risegrousse Merci un d’Equipe vum GSAQ fir de flotten Empfang, d’ZĂ€it dĂ©i si sech geholl hunn an dĂ©i interessant ErklĂ€rungen! đŸ€©đŸ‘

Adresse

4, Zone Industrielle Riesenhaff
Luxembourg
8821

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre d'Incendie et de Secours Rambrouch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager