MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics

MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics Offizielle Kont vum MMTP Lëtzebuerg
Compte officiel du MMTP luxembourgeois
Ministre: Yuriko Backes

Dëse Site gëtt geréiert vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics (MMTP) a soll d'Bierger iwwer d'Aarbecht vum Ministère informéieren. De MMTP garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. De Ministère kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. De Ministère kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun Informatiounen duerch aner Quellen. De MMTP kann net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun den Informatiounen duerch aner Persounen. D'Weblinken op dësem Site kënnen op aner Sitte weiderleeden, déi net vum MMTP administréiert ginn. De MMTP ass just fir säin eegene Contenu responsabel an net fir deen op anere Sitten, op déi eventuell weidergeleet gëtt. Cette page est gérée par le Ministère de la Mobilité et des Travaux publics (MMTP) et vise l'information du grand public sur les activités du ministère. Le MMTP assure au mieux l’exactitude des informations diffusées sur cette page. Cependant, sa responsabilité ne saurait être retenue notamment en cas d’omission d’une information, en cas d’erreurs ou en cas de lacunes dans les informations fournies. Le MMTP ne saurait être tenu responsable de l'utilisation qui peut être faite par des tiers des informations fournies sur cette page. Les liens sur cette page peuvent conduire vers des sites qui ne sont pas gérés par le ministère. Le MMTP n’est pas responsable des informations ou services fournis par ces sites. Reegelen op eiser Facebook-Säit:

LU:

D’Facebook-Säit vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte soll den Notzer an éischter Linn eng Diskussiounsplattform ubidden. D’Kommentarfunktioun ënnert de Bäiträg soll eng sachlech Diskussioun erméiglechen. Fir e konstruktiven Echange vun ënnerschiddleche Meenungen ze garantéieren, ginn d’Kommentare reegelméisseg gepréift. De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellt verschiddene Reegelen op, wat d’Publikatioun vu Kommentaren op der MMTP-Facebooksäit ubelaangt. Facebook-User gi gebieden, Kommentaren ze vermeiden, déi
• Haass verbreeden, sexistesch, friemefeindlech, rassistesch, verletzend, beleidegend, diskriminéierend, diffaméierend, pornografesch oder vulgär sinn;
• ofwäertend fir eng sexuell Orientéierung oder Relioun sinn;
• Gewalt a verschidden aner Delikter verherrlechen;
• géint national an international Reegele verstoussen. Sollte Facebook-Notzer géint dës Reegele verstoussen, kann de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten:
• De komplette Kommentar läschen oder verstoppen, och wann nëmmen eng Passage am Kommentar géint d’Reegele verstéisst;
• déi verantwortlech Persoun warnen, fir sou Saachen an Zukunft z’ënnerloossen;
• déi verantwortlech Persoun vun der MMTP-Facebook-Säit spären oder am schlëmmste Fall och bei Facebook mellen. Mir bieden d’Notzer, héiflech a sachlech ze bleiwen an d’Grondreegelen ze respektéieren. FR:

Le compte Facebook du ministère de la Mobilité et des Travaux publics permet avant tout aux utilisateurs de s’échanger et de discuter sur la plateforme. Les commentaires sous les publications doivent servir à une discussion factuelle. Afin d'assurer un échange constructif d'opinions différentes, les commentaires sont vérifiés régulièrement. Le ministère de la Mobilité et des Travaux publics applique certaines règles concernant la supervision et la modération de commentaires publiés sur sa page Facebook. Les usagers sont priés d’éviter la diffusion de messages qui :
• sont contraires à l’ordre public ou aux bonnes mœurs, violents, sexistes, racistes, révisionnistes, vulgaires, pornographiques ;
• sont contraires au droit et au respect de la vie privée (orientation sexuelle et religieuse) ;
• font l’apologie des crimes de guerre, injurieux ou grossiers ;
• enfreindraient toute autre disposition législative ou réglementaire en vigueur. En cas de non-respect des différentes règles, le ministère de la Mobilité et des Travaux publics peut :
• masquer ou supprimer les commentaires visés ;
• avertir personnellement l’utilisateur;
• bannir l’utilisateur du profil ministérielle et dans le cas extrême, le « reporter » à Facebook. Nous prions les utilisateurs à respecter les règles et à communiquer d’une manière respectueuse et factuelle.

Dëse Weekend organiséieren hei am Land eng Rei Gemengen nees flott Aktiounen ronderëm d’Mobilitéit.👉 Entdeckt all d’Even...
17/09/2026

Dëse Weekend organiséieren hei am Land eng Rei Gemengen nees flott Aktiounen ronderëm d’Mobilitéit.
👉 Entdeckt all d’Evenementer op mobiliteitswoch.lu!



European Mobility Week Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises Gouvernement luxembourgeois

Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes 4 AgentInne vun der Stroossebauverwaltung offiziell vereedegt.Mir gratuléieren hinn...
17/09/2026

Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes 4 AgentInne vun der Stroossebauverwaltung offiziell vereedegt.

Mir gratuléieren hinnen häerzlech zu dësem Meilesteen a wënschen hinne vill Freed a vill Erfolleg bei hirer deeglecher Aarbecht 👏🏼

Gouvernement luxembourgeois

Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes zesumme mam Wirtschaftsminister Lex Delles d'Fret-Aktivitéite vun der CFL besicht –...
14/09/2026

Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes zesumme mam Wirtschaftsminister Lex Delles d'Fret-Aktivitéite vun der CFL besicht – e strategeschen Acteur fir d'Diversifikatioun vun eiser Wirtschaft.

No staarke Resultater am Joer 2025 fir CFL logistics (29,8 Mio. € CA) an CFL technics (38,9 Mio. € CA) ginn d'Weiche fir d'Zukunft gestallt:

Horizont 2030: de Site zu Diddeleng gett vergréissert (+10.000 m²) fir nei Logistikléisunge fir sensibel Secteure wéi d'Pharmazeutik, d'Medezin an d'frësch Produkter ze bidden.

Dekarboniséierung: Duerch eng nei Photovoltaik-Anlag op der Daachfläch vun der Extensioun gëtt den Energieverbrauch ëm 30 % gesenkt an d'Ofhängegkeet vu fossillen Energieträger wéi Gas däitlech reduzéiert.

Mir bauen haut un der nohalteger an effizienter Logistik vu muer!

Gouvernement luxembourgeois
Ministère de l'Économie
CFL - Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois

11/09/2026

D'Europäesch Mobilitéitswoch steet virun der Dier!

Vum 16. bis den 22. September organiséieren och hei am Land eng Rei Gemengen nees flott Aktioune ronderëm de Vëlo an den ëffentlechen Transport.

👉 Maacht mat an entdeckt all d’Evenementer op mobiliteitswoch.lu!



Yuriko Backes
European Mobility Week
European Commission
Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises
Gouvernement luxembourgeois

Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes 2 AgentInnen vun der Verwaltung fir ëffentlechen Transport (ATP) offiziell vereedeg...
10/09/2026

Haut huet d’Ministesch Yuriko Backes 2 AgentInnen vun der Verwaltung fir ëffentlechen Transport (ATP) offiziell vereedegt.

Mir gratuléieren hinnen häerzlech zu dësem Meilesteen a wënschen hinne vill Freed a vill Erfolleg bei hirer deeglecher Aarbecht 👏🏼

Gouvernement luxembourgeois

D’Ministesch Yuriko Backes huet haut zesumme mam ILRES déi éischt Resultater vun der Luxmobil-Ëmfro 2025 presentéiert, u...
10/09/2026

D’Ministesch Yuriko Backes huet haut zesumme mam ILRES déi éischt Resultater vun der Luxmobil-Ëmfro 2025 presentéiert, un där 9.000 Biergerinnen a Bierger souwéi Grenzpendlerinnen a Grenzpendler deelgeholl hunn.

D’Etüd weist eng Evolutioun vun de Mobilitéitsgewunnechten an déi gewënschte Richtung: de Wuesstem vun den Alternativen zum “eleng Auto fueren” ass méi grouss wéi de globale Wuesstem un Deplacementer. Wärend d’Gesamtzuel vun den Deplacementer par rapport zu 2017 ëm 14 % geklommen ass, ass d’Zuel vun den Deplacementer mam Auto just ëm 7 % geklommen. Gläichzäiteg sinn d’Deplacementer am Covoiturage ëm 17 %, mam ëffentlechen Transport ëm 22 % an mam Vëlo ëm 81 % geklommen. D’Donnéeë bestätegen domat eng Entwécklung vum Modal Shift, déi am Aklang mat den Ziler vun der Mobilitéitspolitik ass.

Dës Resultater bilden eng zolidd Grondlag, fir zukünfteg Besoinen ze anticipéieren, d’Mobilitéit vu muer ze plangen an den nationale Mobilitéitsplang 2040 virzebereeden.

🟦Anticipéieren & Plangen

Gouvernement luxembourgeois
ILRES
Tram_Luxembourg
CFL - Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois

Dës Woch gëtt d’Ministesch Yuriko Backes op RTL Radio weider Informatiounen zum Thema vun der Europäescher Mobilitéitswo...
07/09/2026

Dës Woch gëtt d’Ministesch Yuriko Backes op RTL Radio weider Informatiounen zum Thema vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2026.

D’Europäesch Mobilitéitswoch ass eng Initiativ, fir nohalteg Transportmëttel ze fërderen an d'Liewensqualitéit vun de Biergerinnen a Bierger ze verbesseren.

Dëst Joer ass d‘Thema « Mobility for everyone » : Egal ob jonk oder al, an der Stad oder um Land, jidderee soll sech sécher a komfortabel kënne fortbeweegen.

Adresse

4, Place De L'Europe
Luxembourg
1499

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics:

Raccourcis

Partager