10/09/2026
📢 T'ass Rentrée, an d’Jobdays sinn nees z'réck!
Den nächsten Rendez-vous ass de Jobday fir de Bausecteur, deen den 18. September am IFSB – Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment stattfënnt.
Dësen Event riicht sech un all Persounen, déi sech fir Beruffer am Génie civil, an der Ingénierie an am Bauhandwierk interesséieren. Egal ob Dir schonn Erfarung hutt, grad Äre Studium ofgeschloss hutt oder op der Sich no enger neier beruflecher Perspektiv sidd – hei kënnt Dir direkt mat Entreprisen a Kontakt kommen, déi Personal sichen.
Interesséiert? Méi Informatioun fannt Dir hei 👉 https://adem.public.lu/fr/agenda/jobday-construction.html