Cour Grand-Ducale

Cour Grand-Ducale Bienvenue sur la page officielle de la Cour grand-ducale de Luxembourg.

🇮🇹 « De Mains De Maîtres Luxembourg » gouf 2016 gegrënnt. D’Associatioun feiert dëst Joer hiren 10. Gebuertsdag. Zënter ...
11/09/2026

🇮🇹 « De Mains De Maîtres Luxembourg » gouf 2016 gegrënnt. D’Associatioun feiert dëst Joer hiren 10. Gebuertsdag. Zënter zéng Joer huet d’Initiativ, déi besonnesch vun der Grande-Duchesse gedroe gëtt, d’Kreativitéit an de Savoir-faire vum Lëtzebuerger Konschthandwierk am Grand-Duché an am Ausland bekannt gemaach a valoriséiert.

Dësen Donneschdeg waren de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, begleet vum Minister Eric Thill, zu Venedeg am Kader vun dësem Anniversaire. Do hunn si « Fiat Lux » besicht, d’Ausstellung vun « De Mains De Maîtres», déi am Kader vun der internationaler Biennale vum Konschthandwierk Homo Faber presentéiert gëtt.

D’Ausstellung « Fiat Lux » an der Casa Sanlorenzo weist eng Selektioun vu Wierker vu 27 Lëtzebuerger Kënschtler ronderëm d’Thema Luucht. D’Wierker weisen d’Diversitéit vun de benotzte Materialien an Techniken, esou wéi och de groussen handwierkleche Knowhow.

Wärend hirem Openthalt zu Venedeg hunn déi groussherzoglech Koppel an de Minister och de Lëtzebuerger Pavillon souwéi aner Ausstellungen am Kader vun der Konscht-Biennale besicht.

©️ Maison du Grand-Duc

| | .lu

🇳🇴 Farvel, Deres Majestet. 🙏Dëse Mëttwoch hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, begleet vum Grand-Duc Henri, dem Kinne...
09/09/2026

🇳🇴 Farvel, Deres Majestet. 🙏

Dëse Mëttwoch hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, begleet vum Grand-Duc Henri, dem Kinnek Harald V bei sengem Staatsbegriefnes an der Kathedral vun Oslo déi lescht Éier erwisen.

Zesumme mat der norwegescher Bevëlkerung, ville Membere vu kinnekleche Familljen a Staatscheffen aus der ganzer Welt huet d’groussherzoglech Famill sech virum verstuerwene Kinnek Harald vernäipt an esou hir Verbonnenheet an hir déift Matgefill mat der norwegescher Kinneksfamill an dem norwegesche Vollek zum Ausdrock bruecht.

___

🇳🇴🙏Ce mercredi, LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse, accompagnés de S.A.R. le Grand-Duc Henri, ont rendu un dernier hommage à S.M. le Roi Harald V lors des funérailles d’État célébrées en la cathédrale d’Oslo.

Aux côtés de la population norvégienne, de nombreux représentants de familles royales et de Chefs d’État venus de l’étranger, la Famille grand-ducale s’est recueillie en mémoire du Roi Harald V et a exprimé ses sincères condoléances ainsi que sa profonde sympathie à la Famille royale et au peuple norvégiens.

© Tronskifte_Gravferd
© Getty Images / 2026 WireImage

🇦🇹 Beim 22. informelle Sommet vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner huet de Grand-Duc, begleet vun der Gr...
02/09/2026

🇦🇹 Beim 22. informelle Sommet vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner huet de Grand-Duc, begleet vun der Grande-Duchesse, sech mat sengen Homologen iwwer déi grouss aktuell Themen an déi gemeinsam politesch, wirtschaftlech a gesellschaftlech Erausfuerderunge vun de Länner ausgetosch déi beim Sommet dobäi sinn.

D’Zukunft vun Europa war och Thema bei engem Austausch mat jonke Participanten um Programm vum Europäesche Forum Alpbach (EFA). Si ginn enger neier Generatioun eng Stëmm, déi sech besonnesch mat de klimateschen, demokrateschen a wirtschaftlechen Erausfuerderunge vun eiser Zäit auserneesetzt.

📸 E Réckbléck a Biller op zwee Deeg mat villen interessanten Echangen a Meetingen.

-

🇦🇹 Lors du 22e sommet informel des Chefs d’État des pays germanophones, S.A.R. le Grand-Duc, accompagné de la Grande-Duchesse, a échangé avec ses homologues sur les grands enjeux d’actualité ainsi que des défis politiques, économiques et sociétaux communs aux pays participants.

L’avenir de l’Europe a également été abordé avec des jeunes participant au programme du Forum Européen Alpbach (EFA). Ces boursières et boursiers portent la voix d’une nouvelle génération particulièrement engagée face aux défis climatiques, démocratiques ou économiques.

📸 Retour en images sur ces deux journées riches en échange et en rencontres.

© Maison du Grand-Duc

🇦🇹 Gruppefotoe vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner bei der 22. Editioun vun hirem informelle Sommet, de...
01/09/2026

🇦🇹 Gruppefotoe vun de Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner bei der 22. Editioun vun hirem informelle Sommet, deen dëst Joer zu Innsbruck an Alpbach an Éisträich stattfënnt.

De Grand-Duc hëlt fir d’éischte Kéier a senger Funktioun als Staatschef un dësem Sommet deel.

-

🇦🇹 Photos de famille des Chefs d’État des pays germanophones lors de la 22e édition de leur sommet informel, qui se tient cette année à Innsbruck et Alpbach, en Autriche.

S.A.R. le Grand-Duc participe pour la première fois à cette rencontre en sa qualité de Chef de l’État.

©️ Maison du Grand-Duc

🪙 Notre série estivale, réalisée en collaboration avec l’Espace numismatique de la Banque centrale du Luxembourg, s’achè...
31/08/2026

🪙 Notre série estivale, réalisée en collaboration avec l’Espace numismatique de la Banque centrale du Luxembourg, s’achève avec les pièces à l’effigie du Grand-Duc Henri.

🇪🇺 Leur émission marque un tournant majeur dans l’histoire monétaire européenne suite au passage à l’euro scriptural le 1er janvier 1999, puis à l’euro fiduciaire le 1er janvier 2002. Le franc luxembourgeois cesse d’avoir cours légal le 28 février 2002. Avec lui disparaissent également de la circulation les derniers billets luxembourgeois à l’effigie du Chef de l’État.

Pour les pièces de circulation luxembourgeoises en euros, le dessin du portrait stylisé du Grand-Duc Henri est confié à la sculptrice eschoise Yvette Gastauer-Claire. Son effigie décore les huit pièces en euros (de 2€ à 1 cent) de la série courante. Ce dessin demeure inchangé jusqu’à la fin de son règne en 2025.

🗓️ Pour en savoir plus : Exposition à l’Espace numismatique de la Banque centrale du Luxembourg (BCL), 43, rue Monterey, du lundi au vendredi de 10h30 à 16 h.

-

🪙 Our summer series, produced in collaboration with the Numismatic Centre of the Banque centrale du Luxembourg, concludes with the coins bearing the effigy of Grand Duke Henri. Their release marked a major turning point in European monetary history with the introduction of the euro as a virtual currency on 1 January 1999, followed by the euro banknotes and coins on 1 January 2002.

🇪🇺 The Luxembourg franc ceased to be legal tender on 28 February 2002, bringing an end to the circulation of the last Luxembourg banknotes bearing the portrait of the Head of State.

For Luxembourg’s circulating euro coins, the stylised portrait of Grand Duke Henri was designed by Yvette Gastauer-Claire, a sculptor from Esch-sur-Alzette. His effigy appears on all eight-euro coins (from €2 to 1 cent) in the current series. This design remained unchanged until the end of his reign in 2025.

🗓️ For further information: visit the Exhibition at the Numismatic Centre of the Banque Centrale du Luxembourg (BCL), 43 Rue Monterey, Monday to Friday from 10.30 am to 4 pm.

⚫️ De Grand-Duc huet dem Ierfprënz Haakon an der Kinnigin Sonja wéinst dem Doud vum Kinnek Harald V vun Norwege kondoléi...
28/08/2026

⚫️ De Grand-Duc huet dem Ierfprënz Haakon an der Kinnigin Sonja wéinst dem Doud vum Kinnek Harald V vun Norwege kondoléiert deen am Alter vun 89 Joer zu Oslo verstuerwen ass. Hie war zënter dem 17. Januar 1991 Kinnek vun Norwegen.

„Den Doud vu Senger Majestéit dem Kinnek Harald V vun Norwegen erfëllt d’Grande-Duchesse a mech mat déiwer Trauer.

Säin Alter an déi grouss Verantwortung, déi hie wärend senge 35 Joer um Troun gedroen huet, schénge keen Afloss op seng aussergewéinlech Kraaft, säi Wëllen a seng Ausdauer gehat ze hunn, déi hie säi ganzt Liewe begleet hunn. Als Weltmeeschter (1987) a spéider Europameeschter (2005) am Seegelen huet hien och un dräi Olympesche Spiller deelgeholl (Tokyo 1964, Mexiko 1968 a München 1972) an ass nach 2022, am Alter vu 85 Joer, bei enger internationaler Regatta ugetrueden.

Bis zu sengem leschten Dag ass hie senger Devise trei bliwwen: „Alles fir Norwegen“. An dësen usprochsvollen Zäite fir déi international Bezéiungen huet hien och weiderhin seng grouss Erfarung am Beräich vun de multilaterale Relatiounen an den Déngscht vum Fridden a vun der internationaler Gemeinschaft gestallt, besonnesch duerch säin Asaz am Kader vun der Iwwerreechung vum Friddensnobelpräis.

D‘Lëtzebuerger Vollek, d’Grande-Duchesse an ech, zesumme mam Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa, drécken Iech, Ärer Famill an allen Norwegerinnen a Norweger eist déifst a ganz häerzlecht Bäileed aus.“

Guillaume

©️ SIP / Charles Caratini

🥈 S.A.R. le Grand-Duc a envoyé, via la Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme,  un message de félicitations à Ruben Que...
17/08/2026

🥈 S.A.R. le Grand-Duc a envoyé, via la Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme, un message de félicitations à Ruben Querinjean, médaillé d’argent au 3000 m steeple des championnats d’Europe d’athlétisme à Birmingham.

« Avec cet exploit, vous inscrivez une nouvelle et belle page dans l’histoire de l’athlétisme luxembourgeois »

©️ FLA

🪙 Notre série estivale, réalisée en collaboration avec l’Espace numismatique de la Banque centrale du Luxembourg, se pou...
14/08/2026

🪙 Notre série estivale, réalisée en collaboration avec l’Espace numismatique de la Banque centrale du Luxembourg, se poursuit avec les pièces et billets portant le portrait du Grand-Duc Jean.

Émise en 1965 et frappée à Hôtel des Monnaies de Bruxelles, la première pièce à l’effigie du Grand-Duc Jean a marqué l’histoire numismatique du pays. Son portrait figurera par la suite sur l’ensemble des dernières pièces luxembourgeoises en francs destinées à la circulation et ce jusqu’à l’introduction de l’euro.

Comme sous le règne de sa mère, la Grande-Duchesse Charlotte, la fabrication de pièces de monnaie et l’impression de billets ont été réalisées à l’échelle européenne. Après l’introduction de l’euro, le Grand-Duc Jean apparaît également sur plusieurs pièces commémoratives de 2 euros.

🗓️ Pour en savoir plus : Exposition à l’Espace numismatique de la Banque centrale du Luxembourg (BCL), 43, rue Monterey, du lundi au vendredi de 10h30 à 16 h.

-

🪙 Our summer series, produced in collaboration with the Numismatic Centre of the Banque centrale du Luxembourg, continues with the coins and banknotes bearing the portrait of Grand Duke Jean.

Issued in 1965 and minted at the Brussels Mint, the first coin depicting Grand Duke Jean made its mark on the country’s numismatic history. His portrait subsequently appeared on all the final Luxembourgish francs coins intended for circulation, right up until the introduction of the euro.

As during the reign of his mother, Grand Duchess Charlotte, the production of coins and the printing of banknotes were carried out on a European scale. Following the introduction of the euro, Grand Duke Jean also appeared on several 2-euro commemorative coins.

🗓️ For further information: visit the Exhibition at the Numismatic Centre of the Banque Centrale du Luxembourg (BCL), 43 Rue Monterey, Monday to Friday from 10.30 am to 4 pm.

🪙💶 À l’occasion de la mise en circulation des pièces en euros à l’effigie du Grand-Duc Guillaume, la Maison du Grand-Duc...
31/07/2026

🪙💶 À l’occasion de la mise en circulation des pièces en euros à l’effigie du Grand-Duc Guillaume, la Maison du Grand-Duc, en collaboration avec l’Espace numismatique de la Banque centrale du Luxembourg, vous invite à découvrir les pièces et billets historiques luxembourgeois portant les portraits des anciens Souverains.

Notre série débute avec S.A.R. la Grande-Duchesse Charlotte. La première pièce à son effigie est émise en 1929 et frappée à la « Staatliche Münze » de Stuttgart. En 1923, elle devient également la première souveraine luxembourgeoise dont le portrait figure sur un « bon de caisse ».

🇪🇺 Tout au long de son règne, les pièces et billets ont été fabriqués dans différents pays européens…un véritable projet européen avant l’heure.

Après l’introduction de l’euro, le portrait de la Grande-Duchesse Charlotte apparaît à nouveau sur des pièces commémoratives célébrant des anniversaires dynastiques.

🗓️ Pour en savoir plus : Exposition à l’Espace numismatique de la Banque centrale du Luxembourg (BCL), 43, rue Monterey, du lundi au vendredi de 10h30 à 16 h.

-

🪙💶 On the occasion of the introduction of euro coins bearing the effigy of Grand Duke Guillaume, the Maison du Grand-Duc, in collaboration with the Numismatic Centre of the Banque centrale du Luxembourg, invites you to discover Luxembourg’s historic coins and banknotes featuring the portraits of former sovereigns.

The series begins with HRH Grand Duchess Charlotte. The first coin bearing her effigy was issued in 1929 and minted at the ‘Staatliche Münze’ in Stuttgart. In 1923, she also became the first Luxembourg sovereign to have her portrait featured on a ‘bon de caisse’.

🇪🇺 Throughout her reign, coins and banknotes were produced in various European countries… a true European project ahead of its time.

Following the introduction of the euro, Grand Duchess Charlotte’s portrait has once again appeared on commemorative coins marking dynastic anniversaries.

🗓️ For further information: visit the Exhibition at the Numismatic Centre of the Banque Centrale du Luxembourg (BCL), 43 Rue Monterey, Monday to Friday from 10.30 am to 4 pm.

19/07/2026

🫡 Revivez la relève solennelle de la garde devant le Palais grand-ducal, une tradition animée par la .armei et

Adresse

17, Rue Du Marché-aux-Herbes
Luxembourg
1728

Téléphone

+3524748741

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Cour Grand-Ducale publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Cour Grand-Ducale:

Raccourcis

Partager