15/09/2026
Dëse Sonnden, 20. September, mécht de Centre Cinqfontaines seng Dieren nees grouss op.🚪🔑
Vun 10h00 - 16h00 gëtt et e vilfältege Programm fir dëse geschichtsträchtege Site mat alle senge Facette kënnen ze entdecken.
Et gi Visites guidéeën, Kreativ Ateliere fir Kanner an awer och eng Rallye fir Familjen.
‼️Wichteg: De Site ass net per Auto accessibel. Gräift w.e.g. op eis gratis Navette zeréck déi op der Gare zu Ëlwen fortfiert.
Weider Infos am éischte Comment👇