SERVIOR SERVIOR Luxembourg
Structure médicalisée et services pour personnes âgées

🎶 E flotten „Thé dansant“ am SERVIOR Haus "Sanatorium" zu Veianen 💃🕺Bei beschtem Wieder ☀️ hunn eis Bewunner e gesellege...
08/09/2026

🎶 E flotten „Thé dansant“ am SERVIOR Haus "Sanatorium" zu Veianen 💃🕺

Bei beschtem Wieder ☀️ hunn eis Bewunner e gesellegen Nomëtteg op der Terrass verbruecht. Bei eisem klengen Event „Thé dansant“ stounge Musek, Danz a gutt Laun am Mëttelpunkt. 🎵😊

Als kleng Iwwerraschung 🎉 gouf och de 70. Gebuertsdag vun enger Bewunnerin gefeiert. Hire Mann an d’Personal vun der Maison des aînés "Sanatorium" hunn dozou bäigedroen, dëse Moment besonnesch ze gestalten. 🎂💐

No e puer wonnerbare Stonnen ass eisen „Thé dansant“ op en Enn gaangen an huet vill Freed a schéin Erënnerungen hannerlooss. ❤️✨

-
--
---
WEB: servior.lu
---
--
-

🇫🇷 Profiter de toute l’expertise de SERVIOR sans devoir quitter son logis ? C’est possible. Infirmiers, aides-soignants,...
08/09/2026

🇫🇷 Profiter de toute l’expertise de SERVIOR sans devoir quitter son logis ? C’est possible. Infirmiers, aides-soignants, kinésithérapeutes, ergothérapeutes, psychologues : les Aides et Soins à domicile de SERVIOR réunissent une équipe pluridisciplinaire qui travaille main dans la main pour accompagner les aînés chez eux.
Au-delà des soins, c’est toute une coordination de compétences qui se met au service du bien-être, de l’autonomie et de la qualité de vie. Une approche humaine, personnalisée, qui s’inscrit dans l'offre d'accompagnement à 360 degrés de SERVIOR, présent sur tous les axes de l’aide et des services aux aînés, en résidence ou à domicile.
Julia Witzmann, chargée de direction de ce service, explique dans le détail comment SERVIOR développe un réseau unique où plusieurs métiers collaborent chaque jour autour d’un même objectif : permettre aux aînés de vivre chez eux dans les meilleures conditions.⏩️⏩️⏩️ https://www.servior.lu/servior-a-domicile-lexpertise-des-aides-et-soins-au-service-de-votre-bien-etre/
🇩🇪 Die gesamte Kompetenz von SERVIOR nutzen, ohne das eigene Zuhause verlassen zu müssen? Das ist jetzt möglich. Krankenpfleger, Pflegehelfer, Physiotherapeuten, Ergotherapeuten und Psychologen: Die Hilfe und Pflege zu Hause von SERVIOR vereint ein interdisziplinäres Team, das Hand in Hand arbeitet, um ältere Menschen in ihrem Zuhause zu begleiten.
Über die Pflege hinaus dient die koordinierte Zusammenarbeit aller Kompetenzen dem Wohlbefinden, der Selbstständigkeit und der Lebensqualität. Ein menschlicher, individueller Ansatz, der Teil des 360-Grad-Begleitangebots von SERVIOR ist. SERVIOR deckt alle Bereiche der Hilfe und der Dienstleistungen für ältere Menschen ab, in einer Wohneinrichtung oder zu Hause.
Julia Witzmann, Leiterin dieses Dienstes, erläutert ausführlich, wie SERVIOR ein einzigartiges Netzwerk aufbaut, in dem verschiedene Berufsgruppen jeden Tag auf ein gemeinsames Ziel hinarbeiten: älteren Menschen zu ermöglichen, unter bestmöglichen Bedingungen zu Hause zu leben. ⏩️⏩️⏩️ https://www.servior.lu/de/servior-zu-hause-die-kompetenz-von-hilfe-und-pflege-fuer-ihr-wohlbefinden/

 🌲 Déi lescht Deeg vun eiser Rees am Schwarzwald📅 Donneschdeg, den 3. September 2026Um Donneschdeg ware mir um schéinen ...
07/09/2026


🌲 Déi lescht Deeg vun eiser Rees am Schwarzwald

📅 Donneschdeg, den 3. September 2026
Um Donneschdeg ware mir um schéinen Titisee. Mëttes krute mir eng lecker Forell zerwéiert. Duerno konnten eis Bewunnerinnen a Bewunner tëschent enger Shoppingtour, enger Bootsfahrt, engem Trëppeltour an engem Fotoshooting wielen. Eng gutt Glace op der Terrass huet natierlech och net dierfe feelen. 🍦🚤📸

Bei engem gesellegen Owend an der Bar hu mir dëse flotten Dag ofgeschloss. 😊

📅 Freideg, de 4. September 2026
E Freideg de Moien hu mir nogekuckt, wéi eng traditionell Schwarzwälder Kiischtentaart gemaach gëtt. Dono hu mir d’Brennereimusée am Schnäpslehaus besicht. Hei konnten eis Bewunnerinnen a Bewunner deen een oder aneren Drëps schmaachen. 🍒🥃

No enger gudder Vesperplack krute mir och déi lecker Schwarzwälder Kiischtentaart ze schmaachen. Gutt gestäerkt si mir uschléissend mat der Gondel op de Feldberg gefuer. 🚠

📅 Samschdeg, de 5. September 2026
E Samschdeg hu mir eis op den Heemwee gemaach. Ënnerwee hu mir nach en Tëschestopp bei der Dorotheenhütte ageluecht.
Bei enger flotter Visitt konnte mir nokucken, wéi aus Glas eng schéi Vase entsteet. 🏺

Mëttlerweil sinn all eis Bewunnerinnen a Bewunner nees gutt an hiren Haiser ukomm. Mir kucken op eng wonnerbar Rees mat villen Erliefnesser a schéine gemeinsame Momenter zeréck. 💚

Mat dobäi: Op der Rhum, Grand Duc Jean, Belle Vue, Bei der Sauer, Beim Klouschter a Josefshaus.




🌲 SERVIOR on Tour am Schwarzwald!Gëschter de Moien hu mir den Dag mat engem ganz besonnesche Moment ugefaangen. Mir hunn...
03/09/2026

🌲 SERVIOR on Tour am Schwarzwald!

Gëschter de Moien hu mir den Dag mat engem ganz besonnesche Moment ugefaangen. Mir hunn en 92. Gebuertsdag gefeiert! 🎂🥳

Duerno si mir op Sankt Blasien gefuer. Bei enger interessanter Visite guidée duerch den imposanten Dom hu mir vill iwwer seng eenzegaarteg Geschicht gewuer. ⛪

No dëse spannenden Andréck hu mir eis mat leckere Schwarzwälder Spezialitéite gestäerkt. Dono stoungen eng Shoppingtour an e gemittleche Spadséiergang duerch d’Uertschaft um Programm. 🛍️🚶

Owes hu mir den Dag bei enger flotter Partie Gesellschaftsspiller a gudder Stëmmung ausklénge gelooss. 🎲😊

Mat dobäi: Op der Rhum, Grand Duc Jean, Belle Vue, Bei der Sauer, Beim Klouschter a Jousefshaus.

-
--
---
WEB: servior.lu
---
--
-

🚌 SERVIOR nees op Tour!Dës Kéier si mir mat de Bewunner aus eisen Haiser (Maisons des aînés) Op der Rhum, Grand-Duc Jean...
02/09/2026

🚌 SERVIOR nees op Tour!

Dës Kéier si mir mat de Bewunner aus eisen Haiser (Maisons des aînés) Op der Rhum, Grand-Duc Jean, Belle-Vue, Bei der Sauer, Beim Klouschter a Josefshaus an de Schwarzwald gereest. 🌲

Gëschter de Moien ass eis Rees voller Virfreed lassgaangen. No enger gudder Stäerkung hu mir eis op d’Blackforestline getraut: eng 450 Meter laang Hängebréck, 150 Meter héich iwwer dem Todtnauer Waasserfall! Eng zimlech wackeleg Geschicht, awer en onvergiesslecht Erliefnis. 😄🌉

Eisen Hotel läit um Feldberg, wou mir den Dag gemittlech ausklénge gelooss hunn. Mir freeën eis op déi nächst Aventuren!

-
--
---
WEB: servior.lu
---
--
-


🏡 Portes ouvertes chez SERVIOR « Op der Rhum »Découvrez nos appartements et studios, les services associés et bien plus ...
31/08/2026

🏡 Portes ouvertes chez SERVIOR « Op der Rhum »

Découvrez nos appartements et studios, les services associés et bien plus encore !

📅 Dimanche 27 septembre 2026
📍 SERVIOR Op der Rhum
1, Plateau du Rham
L-2427 Luxembourg

Nous proposons des visites guidées avec présentation aux horaires suivants :
🕙 10h00
🕦 11h30
🕑 14h00
🕞 15h30

📌 Inscription :
📞 +352 47 20 21-1
📧 [email protected]

🍽️ Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

⚠Plus d’informations sur servior.lu

Déiere brénge Freed an eisen Alldag 🐾💚Bei SERVIOR spillen Déieren eng wichteg Roll, well de Kontakt mat hinne Freed, Ofw...
31/08/2026

Déiere brénge Freed an eisen Alldag 🐾💚

Bei SERVIOR spillen Déieren eng wichteg Roll, well de Kontakt mat hinne Freed, Ofwiesslung a wäertvoll Momenter an den Alldag bréngt. Aus dësem Grond ass et fir d’Bewunner vun eiser Maison des Aînés „Sanatorium“ op en Ausfluch an den Zoo gaangen. 🐑

Ausflich op en therapeutesche Bauerenhaff oder an den Zoo bidden eise Bewunner d’Méiglechkeet, Déiere vu ganz no ze erliewen a schéi Momenter zesummen ze verbréngen. 🐐

D’Freed war grouss: Mat vill Interessi goufen déi verschidden Déiere beobacht an entdeckt. E ganz besonnesche Moment war d’Fidderen aus der Hand. Eselen, Geessen a Schof hu sech iwwer déi kleng Schneekereie gefreet, an eise Bewunner natierlech och! 😊

Esou Ausflich schafen onvergiesslech Erfarungen a vill schéin Erënnerungen. ✨💛

-
--
---
WEB: servior.lu
---
--
-

🎉 Kiermes an eiser Maison des aînés „Beim Klouschter“ 🎠Haut gouf an eiser Maison des aînés „Beim Klouschter“ Kiermes gef...
28/08/2026

🎉 Kiermes an eiser Maison des aînés „Beim Klouschter“ 🎠

Haut gouf an eiser Maison des aînés „Beim Klouschter“ Kiermes gefeiert. 😊

Ob bei klenge Schneekereien, flotte Spiller oder einfach beim gemittlechen Zesummesinn, eis Bewunner konnten e schéinen Dag an enger geselleger Atmosphär verbréngen. 🍭🎯

Esou Momenter suerge fir vill Freed, flott Gespréicher a virun allem fir eng schéin Zäit zesummen. ❤️

Mir freeën eis schonn op déi nächst gemeinsam Aktivitéit!

🌞 Eise gemittlechen Eisekuchmëtten op der Rhum 🧇🎶Gëschter huet eis Maison des aînés Op der Rhum seng Bewunner op e flott...
21/08/2026

🌞 Eise gemittlechen Eisekuchmëtten op der Rhum 🧇🎶

Gëschter huet eis Maison des aînés Op der Rhum seng Bewunner op e flotte gemeinsame Mëtten am Park invitéiert. Bei angeneemen Temperaturen, leckerem Eisekuch a Musek fir matzesange koum séier eng gemittlech a frëndlech Atmosphär op. 😊

Esou Momenter bidden net nëmme Geleeënheet fir zesummenzesinn, mee och fir ze laachen, ze schwätzen an déi schéin Deeg am Fräien ze genéissen. 🌿☀️

-----

Méi Informatiounen iwwer eis Haiser a Servicer fannt Dir op servior.lu.

🌿 **De Krautwësch zu Maria Himmelfaart** 🌿Och bei SERVIOR ginn Traditiounen a Brauchtum mat vill Freed an Engagement wei...
20/08/2026

🌿 **De Krautwësch zu Maria Himmelfaart** 🌿

Och bei SERVIOR ginn Traditiounen a Brauchtum mat vill Freed an Engagement weidergelieft. 💚

Zu Maria Himmelfaart gouf an eiser Maison des aînés (Sanatorium) zu Veianen zesumme mat de Bewunner de Krautwësch gebonnen. Eng schéin Traditioun, déi bei ville Bewunner Erënnerungen un hir Kandheet a fréier Zäite waakreg gemaach huet. 🌼

Beim Zesummebanne goufe vill Geschichten an Erfarunge gedeelt. D’Bewunner hunn erzielt, wéi dës Traditioun fréier gefeiert a gelieft gouf. 😊

Esou entstinn net nëmme schéi Momenter zesummen, mee och eng Verbindung tëscht Vergaangenheet a Géigewaart. 💫

Mir freeën eis, dës Traditiounen zesumme mat eise Bewunner weiderzeliewen an hiert Wëssen un déi nächst Generatioun weiderzeginn. 🌿❤️

-
--
---
WEB: servior.lu
---
--
-

Adresse

Direction Générale BP 1413
Luxembourg
1014

Téléphone

+3524670131

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque SERVIOR publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à SERVIOR:

Raccourcis

Partager