Ministère des Sports Luxembourg

Ministère des Sports Luxembourg Official account of Luxembourg's Ministry of Sport
(1)

Nuit du Sport 2026🤩56 Gemengen, iwwer 20.000 Participanten – a virun allem en Owend ganz am Zeeche vum Spaass u Sport a ...
08/06/2026

Nuit du Sport 2026🤩

56 Gemengen, iwwer 20.000 Participanten – a virun allem en Owend ganz am Zeeche vum Spaass u Sport a Beweegung 🤸🎉

E ganz grousse Merci un all d'Gemengen, Veräiner, Federatiounen, Benevollen a sportbegeeschtert Visiteuren, déi d'Nuit du Sport dëst Joer nees zu engem grousse Succès gemaach hunn👏



© standart / Marc Lazzarini / Michael Dias

Service national de la jeunesse | Martine Hansen

01/06/2026
Olympesch Wanterspiller Milano-Cortina 2026⛷️🎿Gëschter huet d'Sportsministesch, Martine Hansen, mam Comité Olympique et ...
20/05/2026

Olympesch Wanterspiller Milano-Cortina 2026⛷️🎿

Gëschter huet d'Sportsministesch, Martine Hansen, mam Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois, eis Olympioniken Gwyneth ten Raa a Matthieu Osch geéiert – zesumme mat der ganzer Delegatioun an alle Leit, déi si um Wee op Milano-Cortina 2026 ënnerstëtzt hunn 👏🇱🇺

E flotte Moment, fir op hir Leeschtungen zeréckzekucken a Merci ze soen ✨



Coque - Centre National Sportif et Culturel | Luxembourg Institute for High Performance in Sports | INAPS - Institut national de l'activité physique et des sports | Sportlycée Lëtzebuerg | Lëtzebuerger Arméi | Gouvernement luxembourgeois | LuXembourg - Let's Make It Happen | Fédération Luxembourgeoise de Ski

© COSL

Eng fonkel nei Sportshal an der Gemeng Contern🤩 Modern an accessibel Sportinfrastrukturen sinn eng vun de Viraussetzunge...
11/05/2026

Eng fonkel nei Sportshal an der Gemeng Contern🤩

Modern an accessibel Sportinfrastrukturen sinn eng vun de Viraussetzunge fir dass Sport a Beweegung och um kommunale Niveau kenne gelieft ginn🎯



Martine Hansen | Gemeng Conter | Gouvernement luxembourgeois

11/05/2026
Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Sport 🇱🇺🤝🇧🇪Beim Austausch mam Gregor Freches, Minister fir Kultur, Tourismus, S...
08/05/2026

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Sport 🇱🇺🤝🇧🇪

Beim Austausch mam Gregor Freches, Minister fir Kultur, Tourismus, Sport a Medien vun der däitschsproocheger Gemeinschaft an der Belsch, stounge virun allem d'Notzung vun de Sportinfrastrukturen an d'Synergien tëschent der Traineraus - a weiderbildung am Mëttelpunkt👥



Martine Hansen | Gouvernement luxembourgeois

👀Visitt vum Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS) am High Performance Training & Recovery Center (...
04/05/2026

👀Visitt vum Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS) am High Performance Training & Recovery Center (HPTRC) an der Coque!

De LIHPS an den HPTRC spillen eng zentral Roll am Héichleeschtungssport zu Lëtzebuerg 💪🇱🇺 Am HPTRC trainéieren eis Top-Athleten ënner optimale Konditiounen :

➡️modern Trainingsinfrastrukturen 🏋️
➡️präzis Technologien fir Diagnostik an Analys 📊
➡️ugepassten Raimlechkeeten fir Rehabilitatioun a Regeneratioun🧘‍♀️

D’Zil vum HPTRC a vun den Ekippe vum LIHPS ass et, eis Héichleeschtungsathleten ganzheetlech ze begleeden an hir Performancen esou nohalteg ze optiméieren 🎯



Martine Hansen | Luxembourg Institute for High Performance in Sports | Coque - Centre National Sportif et Culturel | Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois | INAPS - Institut national de l'activité physique et des sports | Gouvernement luxembourgeois | LuXembourg - Let's Make It Happen

🔈Mir sichen DECH als Moniteur beim Wibbel an Dribbel 2026!Du hues mindestens 15 Joer, schaffs gäere mat Kanner an hues t...
23/04/2026

🔈Mir sichen DECH als Moniteur beim Wibbel an Dribbel 2026!

Du hues mindestens 15 Joer, schaffs gäere mat Kanner an hues tëschent dem 6. an dem 13. Juli Zäit? Dann mell dech elo!⛹️‍♂️🏃‍♀️🤸‍♂️

👉All d'Informatioune fënns du hei: https://gd.lu/7F1P2G

Konstruktiven Echange mat der CGFP👥, ënnert anerem, am Kader vum Gesetzesprojet IPESS (Initiative pour la promotion de l...
21/04/2026

Konstruktiven Echange mat der CGFP👥, ënnert anerem, am Kader vum Gesetzesprojet IPESS (Initiative pour la promotion de l'emploi dans le secteur du sport).

👉 D'IPESS soll zukünfteg qualifizéiert Personal astellen fir de Federatiounen a Veräiner kënnen Servicer unzebidden - vu Coaching a Gestioun iwwer administrative Tâchen - deene si selwer, aus verschiddene Grënn, net kënne nogoen.



Martine Hansen | Gouvernement luxembourgeois

Adresse

Rue Des Trèves
Luxembourg
2630

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ministère des Sports Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Ministère des Sports Luxembourg:

Partager