GovJobs Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de GovJobs, Site web gouvernemental, 10, Rue J. F. Kennedy, Luxembourg.

🇱🇺 GovJobs.lu proposéiert Iech all nëtzlech Informatiounen zu de Beruffer an dem Rekrutement an der Fonction publique.
🇫🇷 GovJobs.lu vous propose toutes les informations utiles sur les métiers et le recrutement dans la Fonction publique.

Nei Rentrée, neien Job ? ✨Entdeckt eis aktuell Offeren a start dës Rentrée Är nei Karriär an der Fonction publique! 👉 ht...
15/09/2026

Nei Rentrée, neien Job ? ✨
Entdeckt eis aktuell Offeren a start dës Rentrée Är nei Karriär an der Fonction publique! 👉 https://www.govjobs.lu

12/09/2026

Hutt Dir schonn eng Kéier en Éischt-Hëllef-Cours gemaach? Am Hannergrond vun dëse Coursë stécht eng ganz Ekipp, déi dofir suergt datt esou Formatiounen iwwerhaapt méiglech sinn.

Am Kader vum Weltdag vun der Éischter Hëllef erzielt d’Joanne, Cheffe vum Service formation du public beim CGDIS eis, wéi dës Aarbecht hannert de Kulissen ausgesäit.

👉 Entdeckt säin Temoignage an eisem Video - a firwat en Éischt-Hëllef-Cours den Ënnerscheed maache kann.

Besicht eis op engem Stand! 👋Mir sinn deemnächst op verschiddene Rekrutementsfoirë präsent. Dir hutt eng Fro zu engem Be...
10/09/2026

Besicht eis op engem Stand! 👋
Mir sinn deemnächst op verschiddene Rekrutementsfoirë präsent. Dir hutt eng Fro zu engem Beruff, zu enger Kandidatur oder zur Carrière beim Staat? Eis Ekipp op der Plaz beréit Iech gär.
Iwwer 120 Administratiounen a Servicer, 23 Aktivitéitsberäicher: do ass sécher eppes dobäi, wat bei Iech passt.
📍 Wéini a wou? All d'Informatioune fannt Dir am Visuell.
All eis aktuell Offeren och op https://www.govjobs.lu

🇱🇺🤓📚 Am Kader vum internationalen Dag vun der Alphabetiséierung stellt GovJobs Iech de Beruff vun der Bibliothecaire méi...
08/09/2026

🇱🇺🤓📚 Am Kader vum internationalen Dag vun der Alphabetiséierung stellt GovJobs Iech de Beruff vun der Bibliothecaire méi genau vir.
An der Nationalbibliothéik spillt d'Daphné eng wichteg Roll bei dem Opbau vu grondleeënde Kompetenzen, déi wichteg si fir aktiv um gesellschaftleche Liewen Deel ze huelen.
Genau wéi d'Daphné, kënnt och Dir Är Kompetenzen an den Déngscht vun der Fonction publique stellen. Entdeckt all eis Posten op GovJobs.
https://utm.guru/hpHLs

Bibliothèque nationale du Luxembourg

03/09/2026

Nei Saison, nei Projeten? 👔 Wann Dir e beruffleche Wiessel ustrieft, fänkt Dir am beschte mat enger gudder Basis un: Ärem CV.
Dofir deele mir dëse Video nach eng Kéier: 5 konkret Tipps vun eiser Consultante RH, fir en CV ze schreiwen, deen opfält. Einfach, direkt a séier ëmzesetzen.
💼 All eis aktuell Offere fannt Dir op www.govjobs.lu

🇱🇺 Ab dem 15. September 2026 ännert d'Rekrutementsprozedur bei der Fonction publique.D’Kandidatur gëtt dann zum Ausgangs...
01/09/2026

🇱🇺 Ab dem 15. September 2026 ännert d'Rekrutementsprozedur bei der Fonction publique.
D’Kandidatur gëtt dann zum Ausgangspunkt vum gesamte Prozess, onofhängeg vum uviséierte Statut. An d‘Épreuve d’aptitude générale (EAG) ass direkt an d'Rekrutementsprozedur integréiert ginn.
👉 5 Froen, fir Iech déi wichtegst Neierungen ze erklären: Swipet fir z'entdecke wat genee ännere wäert.
📌 Fannt och all d’Äntwerten esou wéi weider praktesch Informatiounen an eisem FAQ: https://utm.guru/cH2Py

🇱🇺 🌍✍ Weltdag vu BlogWie sinn d’Fraen an d‘Männer hannert de Missioune vum ëffentlechen Déngscht? 🤔De Jeff, d’Heloïse, d...
31/08/2026

🇱🇺 🌍✍ Weltdag vu Blog
Wie sinn d’Fraen an d‘Männer hannert de Missioune vum ëffentlechen Déngscht? 🤔
De Jeff, d’Heloïse, d‘Julie an de Laurent schaffen an ënnerschiddleche Beruffer mä si hunn eng Gemeinsamkeet: hiren Engagement am Déngscht vum Bierger. Hir Parcourse weisen d’Villfalt vun de Méiglechkeeten, déi d’Fonction publique bitt.
📖 Entdeckt hir Temoignagen a vill weider inspiréierend Geschichten um GovJobs Blog.
https://utm.guru/Ybsme

🇱🇺👥 Blind Date tëschent zwee Beruffer🧑‍💼Gilles, Chef d'agence bei der ADEM 🧩Jean-Paul, Consultant RH beim CGPOZwee Beruf...
27/08/2026

🇱🇺👥 Blind Date tëschent zwee Beruffer
🧑‍💼Gilles, Chef d'agence bei der ADEM 🧩Jean-Paul, Consultant RH beim CGPO
Zwee Beruffer, déi ganz verschidde schéngen.
🤝An awer hu si am Alldag eng grouss Gemeinsamkeet: den Ëmgang mat Mënschen. All Situatioun verstoen. D'Begleedung upassen. Ni de Mënsch hannert dem Dossier vergiessen.
Egal ob vis-avis vun enger Persoun op der Sich no enger Aarbecht oder an Zesummenaarbecht mat engem Agent vum Staat, et ass ëmmer de Mënsch, deen an hirer Aarbecht am Mëttelpunkt steet.
👀Entdeckt hiren Austausch an eisem Artikel - https://utm.guru/u5bZf

26/08/2026

🇱🇺 Am Kader vum Weltdag vum Hond huele mir Iech mat bei e ganz besonnechen Duo an der Fonction publique.🐾
D'Manon, Psychotherapeutin, an d'Hazel, hiren Therapiehond, leeschte wäertvoll Aarbecht. Si begleeden an ënnerstëtze Leit, déi bei de Service psychosocial vun der Fonction publique kommen. Ee Beweis fir d'Villfalt vun den heiansdo och ganz onerwaartene Beruffer am ëffentlechen Déngscht.
Kuckt de Video a léiert si an hir Aarbecht kennen 🎥
Entdeckt nach weider Parcoursen op https://www.govjobs.lu

🇱🇺 Wousst Dir schonn? 💡D'Aarbechtsoffere vun der Fonction publique zu Lëtzebuerg sinn net just op govjobs.lu!Entdeckt dé...
25/08/2026

🇱🇺 Wousst Dir schonn? 💡
D'Aarbechtsoffere vun der Fonction publique zu Lëtzebuerg sinn net just op govjobs.lu!
Entdeckt déi oppe Plazen och op eise Partnersäiten zu Lëtzebuerg:
🔹 Moovijob – generell all Zort vu Joboffere zu Lëtzebuerg
🔹 MediNation – spezialiséiert op Gesondheets- a Sozialberuffer
🔹 All Eyes on Me – generell Jobofferen zu Lëtzebuerg
An Dir, op wéi enger Plattform sicht Dir normalerweis no enger neier Aarbecht? Schreift eis dat an de Kommentaren 👇

Moovijob.com
MediNation.lu
Alleyesonme.jobs

Adresse

10, Rue J. F. Kennedy
Luxembourg
1855

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00

Téléphone

+35224783200

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque GovJobs publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à GovJobs:

Raccourcis

Partager