11/05/2026
Haut, op dem 11. Mee 2026, stoung fir déi chineesesch Delegatioun vu Lokalpolitiker aus 6 Stied a Vertrieder vun der Association du peuple chinois pour l’amitié avec les pays étrangers (APCAE), déi op Invitatioun vum SYVICOL fir 3 Deeg hei am Land war, um leschten Dag vun hirer Visitte d’Ënnerschreiwe vun engem Memorandum of Understanding um Belval um Programm.
Dobäi hunn sech de Gemengesyndikat Pro-Sud, vertrueden duerch de President an Escher Buergermeeschter Christian Weis, an d’Agora Group sàrl, vertrueden duerch de Vize-President vum Conseil de gérance Bruno Théret, an d'Directrice générale Yannick Quevedo, mat der chineesescher Milliounestad Zhenghzou, vertrueden duerch de Vize-Buergermeeschter Zhifeng Ma, dozou engagéiert, an Zukunft méi enk zesummenzeschaffen an sech e.a. am Beräich Klimawandel, energetesch Transitioun, Rekoversioun vun industrielle Frichen an zum Thema SmartCities auszetauschen.
No der Signature vum Accord huet eng Visitt um Site Belval stattfond, do wou joerzéngtelaang dausende Leit hiert deeglech Brout an der Stolindustrie verdéngt hunn an haut ee Wunn- a Kommerzquartier entstanen ass an Institutioune wéi d’Uni.lu hiert Doheem fonnt hunn. An deem Kontext hunn och de LIST an d'Luxinnovation, vertrueden duerch den Deputy-CEO Juergen Joossen an den CEO Mario Grotz de chineesesche Gäscht Abléck an hier Aarbecht ginn.
Zum Ofschloss ass et dunn op de Kierchbierg an d‘Chambre de Commerce gaange, wou ee Matchmaking-Event stattfonnt huet, un deem méi wéi 100 Entreprisen deelgeholl hunn, déi well um chineesesche Marché aktiv sinn oder do wëlle Fouss faasse.
No eppes méi wéi 50 Stonnen hunn déi 26 Gäscht aus China eist Land dunn no engem ofwiesslungsräichem Programm erëm verlooss.
©️SYVICOL/Laurent Blum
Chinese Embassy in Luxembourg