Zesumme fir Leideleng

Zesumme fir Leideleng Zesumme fir Leideleng ass eng Beweegung déi sech forméiert huet, mam Zil eng nei a besser Politik fir Leideleng ze maachen. Pour le français, voir ci-dessous.

For English, please see below. Eis 4 Vertrieder am Gemengerot lancéiere reegelméisseg Iddien a fillen dem Buergermeeschter- a Schäfferot mat kritesche Froen op den Zant. Op dëser Säit an op eisem Site informéiere mir iwwert eis Aarbecht. Hutt Dir Virschléi oder wëllt Iech bei eis engagéieren? Dann zéckt net a kontaktéiert eis! Zesumme fir Leideleng (Ensemble pour Leudelange) est un mouvement qui s

'est formé avec le but de faire une nouvelle et meilleure politique pour Leudelange. Nos 4 représentants au sein du conseil communal lancent régulièrement des idées et posent des questions critiques au collège des bourgmestre et échevins. Sur cette page nous informons sur notre travail. Vous avez des suggestions ou désirez-vous vous engager dans notre équipe? Alors n'hésitez-pas et contactez-nous! Zesumme fir Leideleng (Together for Leudelange) is a movement that has been created with the aim of making a new and better policy for Leudelange. Our 4 representatives in the local council regularly put forward ideas and ask critical questions to the college of mayor and aldermen. On this page we inform about our work. Do you have any suggestions or want to join our team? Then don't hesitate and contact us! www.zesummefirleideleng.lu

De Pop Up Bistro K.zwee huet haut den Owend seng Dieren opgemaach 🍻 Donneschdes, Freides a Sonndes ass op, direkt nieft ...
19/03/2026

De Pop Up Bistro K.zwee huet haut den Owend seng Dieren opgemaach 🍻 Donneschdes, Freides a Sonndes ass op, direkt nieft der Leidelenger Kierch, kommt bis laanscht! E grousse Merci un de Ralph Pletsch fir dës Initiativ ergraff ze hunn a vill Erfolleg gewënscht!

Um Quiz vun der Leidelenger Musek 🤓
09/02/2026

Um Quiz vun der Leidelenger Musek 🤓

Eng wichteg Etapp fir eis Gemeng!Gëschter hu mir zesumme mat de Ministere Claude Meisch an Léon Gloden d’Faarwekëscht II...
18/10/2025

Eng wichteg Etapp fir eis Gemeng!
Gëschter hu mir zesumme mat de Ministere Claude Meisch an Léon Gloden d’Faarwekëscht II an den neie Schoulhaff offiziell ageweit – eng modern, nohalteg a funktionell Schoul- a Maison-Relais-Struktur am Häerz vu Leideleng.
De Wee bis heihinner war laang a net ëmmer einfach, mee d’Resultat kann sech gesinn loossen.
E grousse Merci un all déi, déi iwwer d’Joren um Projet geschafft hunn – vun de Planer iwwer d’Gemengentechniker bis bei d’Enseignanten an Educateuren. Dir hutt dozou bäigedroen, datt eise Kanner elo esou eng flott Schoul zur Verfügung steet. 💛🎒

Fotoen: (c) WW+ & Gemeng Leideleng

De Lët’z Rides zu Leideleng um Europadag war mat wäit iwwer 300 Young- an Oldtimeren e vollen Erfolleg. E grousse Merci ...
10/05/2025

De Lët’z Rides zu Leideleng um Europadag war mat wäit iwwer 300 Young- an Oldtimeren e vollen Erfolleg. E grousse Merci un Old Rides fir d’Organisatioun an de Gemengeservicer fir d’Ënnerstëtzung. Mir freeën eis schonn op d’nächst Joer!

Dës Woch hu mir den Avant-Projet sommaire vum neie Leidelenger Duerfkär der Ëffentlechkeet virgestallt, deen zu engem Sh...
02/02/2025

Dës Woch hu mir den Avant-Projet sommaire vum neie Leidelenger Duerfkär der Ëffentlechkeet virgestallt, deen zu engem Shared Space ëmgebaut wäert ginn. Eng Apdikt e Supermarché, e Centre médical, e Restaurant a reamenagéiert Duerfplaze solle fir méi Liewen am Leidelenger Duerfkär suergen. Et freet eis, dass d'Leidelenger Biergerinnen a Bierger de Projet positiv opgeholl hunn, d'Kriticken an Ureegungen wäerte mir mat afléisse loossen. 2026 soll et lass goen, stay tuned!
(c) STDM, Ernst + Partner a Gemeng Leideleng

E puer Hecke gesat um Dag vum Bam 🌳🌱
15/11/2024

E puer Hecke gesat um Dag vum Bam 🌳🌱

Leideleng stoung haut am Zeeche vun den Old- a Youngtimers mam mëttlerweilen traditionnellen Lët’z Rides-Treff 🚗 Merci d...
23/06/2024

Leideleng stoung haut am Zeeche vun den Old- a Youngtimers mam mëttlerweilen traditionnellen Lët’z Rides-Treff 🚗 Merci dem Old Rides fir d’Organisatioun an dem Club des Jeunes an dem Jugendhaus déi gutt gehollef hunn!

🇱🇺 Eng gelongen Nuit du sport gëschter Owend zu Leideleng mat bal 300 Leit! Merci alleguerten de Veräiner an dem Gemenge...
09/06/2024

🇱🇺 Eng gelongen Nuit du sport gëschter Owend zu Leideleng mat bal 300 Leit! Merci alleguerten de Veräiner an dem Gemengepersonal, déi eng Hand mat ugepak hunn!
🇫🇷 Une nuit du sport réussie hier soir à Leudelange avec presque 300 visiteurs! Un grand Merci à tous les clubs et le personnel communal pour l’organisation!

Dës Woch huet d’Gemeng Leideleng als eng vun den 13 éischte Gemengen de Pakt vum Zesummeliewen mam Familljeminister Max ...
30/03/2024

Dës Woch huet d’Gemeng Leideleng als eng vun den 13 éischte Gemengen de Pakt vum Zesummeliewen mam Familljeminister Max Hahn ënnerschriwwen. Dëse Pakt gëtt eis nei Outilen an och finanziell Moyenne fir d’Zesummeliewen zu Leideleng weider ze verbesseren 💪🇱🇺🇫🇷🇩🇪🇬🇧🇧🇪🇵🇹🇳🇪🇺🇦

E gutt besichtene Leidelenger Wanterlaf mat ëm déi 700 Participanten 🏃🏽‍♀️🏃🏼 E grousse Merci un d’Sportskommissioun, den...
28/01/2024

E gutt besichtene Leidelenger Wanterlaf mat ëm déi 700 Participanten 🏃🏽‍♀️🏃🏼 E grousse Merci un d’Sportskommissioun, den DT Leideleng an natierlech eist Gemengepersonal fir d’Organisatioun a mir hoffen dass et de Leeferinnen a Leefer gefall huet!

Adresse

Leudelange

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Zesumme fir Leideleng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Zesumme fir Leideleng:

Partager