Frënn vun de Fielser Pompjeeën

Frënn vun de Fielser Pompjeeën Häerzlech wëllkomm op der Säit vun de Frënn vun de Fielser Pompjeeën. D’Amicale vum CIS Fiels

1.Mee-Feier 2026 bei beschtem Wierder☀️😎.Nierft dem Här Buergermeeschter kruut d’Gemeng Fiels selwer och ee Meekranz vun...
01/05/2026

1.Mee-Feier 2026 bei beschtem Wierder☀️😎.
Nierft dem Här Buergermeeschter kruut d’Gemeng Fiels selwer och ee Meekranz vun eis gebonnen.🚒💪🏻

Mir wënschen iech ee schéinen Feierdaag.

Jugendpompjeeën CIS Fiels Gemeng Fiels

Assemblée générale fir d’Joër 2025.Nierwt der grousser Botz Moies, haate mir leschte Samsdegowend eis Assemblée générale...
17/03/2026

Assemblée générale fir d’Joër 2025.

Nierwt der grousser Botz Moies, haate mir leschte Samsdegowend eis Assemblée générale fir d’Joër 2025.

Nierwt de Neiwahlen vum Comité fir de Wiessel zu enger Asbl duerchféieren ze kënnen, hun mir awer och 2 Memberen geéiert.

Den Francisco huet zwar schon puer Asätz um Compteur an awer kruut heen an der Versammlung vum Gemengenvertrieder Luc Clemen an dem Zenterchef Patrick Fisch offiziell säin Helm iwwereegt!

De Marc huet no laangen Joëren aktiv am Jugendberäich entscheed seng Schung als Jugendleeder un de Nol ze hänken an d’Zepter un eng jonk motivéiert Moniteurséquipe weiderzegin.

Marc mir soën dir Merci fir deng vill Arbecht déiste fir eis Jugend geleescht hues!

Mir wënschen dir eng wuelverdengten Jugendleeder-Pensioun!👌🏻

Leschte Samsdeg hu mir zesummen mat den Jugendpompjeeën CIS Fiels un der Grousser Botz, organiséiert vun der Gemeng Fiel...
17/03/2026

Leschte Samsdeg hu mir zesummen mat den Jugendpompjeeën CIS Fiels un der Grousser Botz, organiséiert vun der Gemeng Fiels deelgeholl.

D’Jugendpompjeeën hu sech un der Sammlung vum Ooffall bedeelegt an déi Grouss hun de Grill geschmass fir dass no gedoëner Arbecht keen huet mussen hongrëg heemgoën!🌭🌭

Merci un d’Gemeng Fiels fir déi gudd Zesummenarbecht!👌🏻

CGDIS Run 2026🏃‍♀️🏃‍♂️🚒Leschte Sonndeg hunn och Membere vun eis um CGDIS Run 2026 deelgeholl. Op grouss oder kleng hunn ...
03/03/2026

CGDIS Run 2026🏃‍♀️🏃‍♂️🚒

Leschte Sonndeg hunn och Membere vun eis um CGDIS Run 2026 deelgeholl. Op grouss oder kleng hunn si bei beschtem Wierder gewise wat an hinne stécht! 💪🏻💪🏻

Centre d'incendie et de secours Larochette
Jugendpompjeeën CIS Fiels

Wéi all Joër hu mir den Owend virum Buergbrennen eist Kräiz gebonnen. Fir Haut stin just nach déi lescht Préparatiounen ...
21/02/2026

Wéi all Joër hu mir den Owend virum Buergbrennen eist Kräiz gebonnen.

Fir Haut stin just nach déi lescht Préparatiounen un.

Géint de Reen a Keelt ass virgesuergt.

Och fir Iessen a Gedrenks ass beschtens gesuergt!

Dofir kommt eis Haut ab 18:00 besichen a verbrengt ee flotten Owend bei eis um Buergbrennen an der Fiels um Parking vun der Sportshal. (Plateau Birkelt)

D‘Buerg gett um 19:30 ugefaang.🔥

Mir freeën eis op Iech,

Bis den Owend!🚒🔥🚒

Adresse

Rue D’Ernzen
Larochette
7615

Téléphone

+497714375

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Frënn vun de Fielser Pompjeeën publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Frënn vun de Fielser Pompjeeën:

Raccourcis

Partager