Piraten Gemeng Esch/Uelzecht

Piraten Gemeng Esch/Uelzecht Piraten Sektioun Esch/Uelzecht Piratepartei Sektioun Esch/Uelzecht

06/09/2026
06/09/2026

🇧đŸ‡ȘđŸš—đŸ’¶ Wann d’Belsch eng Autosvignette afĂ©iert, soll LĂ«tzebuerg net einfach ofwaarden. LĂ«tzebuerger bezuelen da fir d’Infrastruktur an der Belsch mat. GlĂ€ichzĂ€iteg notzen all Dag vill auslĂ€nnesch Gefierer eis Stroossen, ouni dofir ze bezuehlen!

📎https://goergen.lu/afeierung-vun-der-autosvignette/

05/09/2026

💾 D’Liewen zu LĂ«tzebuerg gĂ«tt Ă«mmer mĂ©i deier!

Am Verglach mam August 2025:

⚡ Energie: +5,8 %
🍅 FriichtgemĂ©is: +12,5 %
🍓 Gefruerent Uebst: +6,3 %
đŸ« Schockela: +5,6 %
✈ FluchbilljeeĂ«n: +3,6 %
đŸ› ïž Servicer: +2,6 %
đŸ‘¶ CrĂšchen a Maison-relaisen: +1,8 %
🛒 LiewensmĂ«ttel, Alkohol an Tubak: +1,6 %

An dobĂ€i gehĂ©ieren eis extrem hĂ©ich WunnkĂ€schten nach Ă«mmer zu de grĂ©isste Belaaschtunge fir d’Leit.

Egal ob beim Akafen, Wunnen, Tanken oder bei den alldeegleche Rechnungen: Um Enn vum Mount bleift Ă«mmer manner iwwreg. Jiddereen spiert mĂ«ttlerweil, datt d’Liewen zu LĂ«tzebuerg ze deier gĂ«tt.

⚓ Mir Piraten wĂ«llen d’Steieren op klengen a mĂ«ttleren Akommes reduzĂ©ieren an d’Kafkraaft vun de Leit konkret stĂ€erken. Wie schafft, soll vu sengem Geld gutt liewe kĂ«nnen!

🔗 https://www.lessentiel.lu/de/story/luxemburg-1048-punkte-fehlen-noch-bis-zur-naechsten-indextranche-103627478

04/09/2026

ZĂ«nter dem Enn vum Nuetstransport vum TICE feelt a ville SĂŒdgemengen owes an nuets eng wichteg Verbindung. 🚌❌

🏠 Besonnesch Jugendlecher, Leit ouni Auto an Nuetsschaffender brauchen eng sĂ©cher an zouverlĂ€sseg MĂ©iglechkeet, fir heemzekommen.

⚓ SĂ©cher duerch d'Nuecht – och ouni Auto!

📎 https://goergen.lu/secher-nuechtsmobiliteit/


03/09/2026

🚒🧑‍🚒 Den CGDIS soll onofhĂ€ngeg a politesch neutral sinn. Trotzdem gesĂ€it een Ă«mmer nees Politiker mat CGDIS-Personal, Uniformen, Gefierer oder a Gebaier vum RettungsdĂ©ngscht.

❓ WĂ©i eng Reegele gĂ«llen ? A wou ass d'Grenz tĂ«scht engem offiziellen OptrĂ«tt an der Notzung vum CGDIS fir politesch Kommunikatioun?

📎 https://goergen.lu/notzung-vun-cgdis-uniformen-fir-politesch-zwecker/

01/09/2026

đŸŽâ€â˜ ïž Mir Piraten sinn dĂ©i eenzeg Partei zu LĂ«tzebuerg, dĂ©i sech konsequent fir Dateschutz, VerschlĂ«sselung an digital Biergerrechter asetzt. đŸ’ȘđŸ‡±đŸ‡ș

đŸ“± De Smartphone ass lĂ€ngst zu engem stĂ€nnege Begleeder ginn, mee och zu dem Iwwerwaachungsinstrument.

An de leschten 10 Joer gouf d’Iwwerwaachung zu LĂ«tzebuerg đŸ‡±đŸ‡ș massiv ausgebaut. Ëmmer mĂ©i DonnĂ©eĂ« ginn erfaasst, Trojaner, gespĂ€ichert an ausgewĂ€ert. GlĂ€ichzĂ€iteg gĂ«tt de Schutz vun eiser PrivatsphĂ€r Ă«mmer weider zerĂ©ckgedrĂ©ckt vu de 4 Regierungsparteien.

Sécherheet ass wichteg. Mee e frÀie Staat dÀerf seng Bierger net ënner Generalverdacht stellen.

29/08/2026

🚌 4,4 Milliarden Euro fir den RGTR – mee bis zu 32 Grad am Bus? đŸŒĄïžđŸ”„

đŸ’¶ Bei esou vill Steiergelder fir de privaten Ă«ffentlechen Transport ass eng funktionĂ©ierend Klimaanlag e Muss! ❄

📎 https://goergen.lu/ee-waarme-bus-trotz-4-milliarden

25/08/2026

đŸ’‰đŸ—‘ïž 🚆 An de Waggone vun den CFL sollen am Kader vun engem Pilotprojet SammelbehĂ€lter fir gebrauchte SprĂ«tzen installĂ©iert ginn.

đŸ‘· CFL-Mataarbechter sinn net fir dĂ©i sozial Begleedung vun DrogenofhĂ€ngegen ausgebilt.

Mir stellen eis Froen zu dësem Pilotprojet:
💉WĂ©i vill SprĂ«tze ginn iwwerhaapt an den Zich fonnt?
📊 Wien mĂ©cht d'BehĂ€lter eidel ?
đŸ§€ WĂ©i ginn d’Personal an d’PassagĂ©ier geschĂŒtzt?
🚆 Ass den Zuch dĂ©i richteg Plaz, fir den Drogenkonsum?!

📎 https://goergen.lu/spretzen-am-zuch

10/08/2026
09/08/2026

🏩 D’Problemer bei POST Finance sinn nach Ă«mmer net gelĂ©ist.

Vill Leit hunn eis Problemer mat KontostÀnn, Iwwerweisungen, Kontoauszich a laange WaardezÀite gemellt.

Elo confirméiert POST Finance, datt et nom EBOO-Update nach ëmmer AschrÀnkunge gëtt. Den Normalbetrib soll Ufank nÀchster Woch nees erreecht ginn.

⚓ D’Piraten bleiwen um Dossier drun. ⚓

📎https://goergen.lu/problemer-bei-eboo-vun-der-post/

Adresse

1a, Rue De
Kopstal
8184

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten Gemeng Esch/Uelzecht publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message Ă  Piraten Gemeng Esch/Uelzecht:

Raccourcis

Partager