Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité

Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité Official account of the Luxembourgish Ministry for Environment, Climate and Biodiversity 🇱🇺

13/09/2026

🇱🇺 🌍 De Klimawandel ass eng global Erausfuerderung. Dofir engagéiert Lëtzebuerg sech iwwert seng Grenzen eraus.

Mat der Strategie fir international Klimafinanzéierung verstäerkt Lëtzebuerg säin Engagement fir vulnerabel Communautéiten, de Schutz vun der Natur an d’Reduktioun vu Klimarisiken. Bis 2030 investéiert Lëtzebuerg 320 Milliounen Euro a konkret Mesuren op internationalem Niveau.

📖 Méi Informatioune fannt Dir op https://klima.lu/nos-strategies/notre-financement-international-pour-le-climat/
-
🇬🇧🌍 Climate change is a global challenge. That is why Luxembourg is taking action beyond its borders.

Through its international climate finance strategy, Luxembourg is strengthening its commitment to supporting vulnerable communities, protecting nature and reducing climate risks. By 2030, Luxembourg will invest €320 million in concrete measures at the international level.

📖 Find out more at https://klima.lu/nos-strategies/notre-financement-international-pour-le-climat/
-

🇱🇺 🎓🌍 Haut huet den Ëmwelt-, Klima- a Biodiversitéitsminister, de Serge Wilmes, déi nei Studentinnen a Studenten op der ...
08/09/2026

🇱🇺 🎓🌍 Haut huet den Ëmwelt-, Klima- a Biodiversitéitsminister, de Serge Wilmes, déi nei Studentinnen a Studenten op der Uni Lëtzebuerg begréisst an hinnen eng wichteg Botschaft mat op de Wee ginn: Nohaltegkeet ass eng gemeinsam Verantwortung.

Ob als Wëssenschaftler, Ingenieur, Enseignant, Jurist oder Entrepreneur: all Beruff kann en Deel vun der Léisung sinn. D’Studentinnen a Studente vun haut spillen eng wichteg Roll an der Gestaltung vu muer.

De Minister huet och un Ateliere vun der « Fresque du Climat » deelgeholl wou hien sech mat de Participanten iwwer d’Zesummenhäng tëscht Klimawandel, Biodiversitéit a gesellschaftlecher Entwécklung ausgetosch huet.

👏 Mir wënschen all de Studente vill Erfolleg fir dësen neie Liewensofschnëtt!
-
🇫🇷 🎓🌍 Aujourd’hui, le ministre de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité, Serge Wilmes, a souhaité la bienvenue aux nouvelles étudiantes et aux nouveaux étudiants de l’Université du Luxembourg en leur adressant un message essentiel : la durabilité est une responsabilité collective.

Qu’ils deviennent scientifiques, ingénieurs, enseignants, juristes ou entrepreneurs, chaque profession peut contribuer à faire partie de la solution. Les étudiantes et étudiants d’aujourd’hui ont un rôle clé à jouer dans la construction du monde de demain.

Le ministre a également participé à des ateliers de la « Fresque du Climat », au cours desquels il a échangé avec les participants sur les liens étroits entre changement climatique, biodiversité et développement de nos sociétés.

👏 Nous souhaitons à toutes les étudiantes et à tous les étudiants beaucoup de succès dans cette nouvelle étape de leur parcours de vie !
-
University of Luxembourg

🇱🇺 🌱 Restauratioun vun der Natur: D’EU Nature Restoration Regulation (NRR) setzt ambitiéis Ziler, fir degradéiert Ökosys...
03/09/2026

🇱🇺 🌱 Restauratioun vun der Natur: D’EU Nature Restoration Regulation (NRR) setzt ambitiéis Ziler, fir degradéiert Ökosystemer bis 2030, 2040 an 2050 nees ze stäerken.

Fir dës Ziler z'erreechen, muss all EU-Memberstaat an engem detailléierte Plang festleeën, wou, wéini a wéi Restauratiounsmoossname ëmgesat ginn.

Lëtzebuerg huet säin Entworf vum nationale Restauratiouns Plang (NRP) fristgerecht virun der Deadline vum 1. September bei der Europäescher Kommissioun agereecht.

De Projet gouf duerch de Bäitrag vun Expertinnen an Experten, Biergeratelieren an den enken Austausch tëscht de concernéierte Ministèrë ausgeschafft.

🍃Déi nächst Etapp ass elo fir d’Réckmeldung vun der Europäescher Kommissioun an de Projet afléissen ze loossen, fir de finale Plang bis den 1. September 2027 fäerdeg zestellen.
-
🇬🇧 🌱 Restoration of Nature: The EU Nature Restoration Regulation (NRR) sets ambitious targets to recover degraded ecosystems by 2030, 2040, and 2050.

To achieve these goals, every EU Member State must define in a detailed plan where, when, and how restoration will take place.

Luxembourg has submitted its draft National Restoration Plan (NRP) to the European Commission ahead of the 1 September deadline.

The draft was enriched through expert contributions, public workshops, and close interministerial exchanges.

🍃Feedback from the Commission will now help refine the document as we work towards the final plan, due by 1 September 2027

🇱🇺 🌍💬 Wousst Du schonn dass et Jonker ginn, déi d’Stëmm vun der lëtzebuergescher Jugend op den internationale Klimaverha...
27/08/2026

🇱🇺 🌍💬 Wousst Du schonn dass et Jonker ginn, déi d’Stëmm vun der lëtzebuergescher Jugend op den internationale Klimaverhandlunge vertrëtt?

🗣️ D’Climate Youth Delegates sammele Meenungen a Propositiounen a tauschen sech mat Youth Delegates aus anere Länner aus.
🌍 Si begleeden d’lëtzebuergesch Delegatioun op d‘COP31 an droen dozou bäi, dass d’Perspektive vun der Jugend an déi international Klimadiskussiounen afléisst.

Dëst Joer iwwerhuelen d‘Josephine Loschetter an den Alexander Feil dës wichteg Missioun.

👉 Méi Informatiounen op jugendrot.lu/cyd
-
🇫🇷 🌍💬 Saviez-vous que de jeunes Luxembourgeois représentent la voix de la jeunesse luxembourgeoise lors des négociations internationales sur le climat ?

🗣️ Les Climate Youth Delegates recueillent les avis et les propositions des jeunes et échangent avec les délégués de la jeunesse d'autres pays.
🌍 Ils accompagnent la délégation luxembourgeoise à la COP31 et contribuent à faire entendre les perspectives de la jeunesse dans les discussions internationales sur le climat.

Cette année, Josephine Loschetter et Alexander Feil assument cette importante mission.

👉 Plus d'informations sur : jugendrot.lu/cyd
-

🇱🇺🌳 E bemierkenswäerte Bam, e wäertvolle Liewensraum 🌳Zu Pëtschent steet eng imposant Lann (Tilia sp.), déi mat hirem St...
25/08/2026

🇱🇺🌳 E bemierkenswäerte Bam, e wäertvolle Liewensraum 🌳

Zu Pëtschent steet eng imposant Lann (Tilia sp.), déi mat hirem Stammduerchmiesser vun 2,54 Meter zu de bemierkenswäerte Beem vu Lëtzebuerg zielt.

🌱 Sou Beem si vill méi wéi nëmmen en Deel vun eiser Landschaft. Si erziele Geschicht, präge lokal Uertschaften a bidden wäertvoll Liewensraim fir vill Déieren- a Planzenaarten.

🌳 Bemierkenswäert Beem sinn e liewege Patrimoine, dee mir fir déi nächst Generatioune wëllen erhalen.

ℹ️ Dir kennt selwer dozou bäidroen, dass nach méi esou Beem unerkannt a geschützt ginn.

Weider Informatiounen fannt Dir op: 👉 arbresremarquables.lu
-
🇫🇷🌳 Un arbre remarquable, un habitat précieux 🌳

Au cœur de Putscheid se dresse un impressionnant tilleul (Tilia sp.) dont le diamètre de tronc atteint 2,54 mètres. Il fait partie des arbres remarquables du Luxembourg.

🌱 Ces arbres sont bien plus que de simples éléments du paysage. Ils racontent une histoire, façonnent l'identité des lieux et constituent des habitats précieux pour de nombreuses espèces animales et végétales.

🌳 Les arbres remarquables représentent un patrimoine vivant que nous souhaitons préserver pour les générations futures.

ℹ️ Vous aussi, vous pouvez contribuer à la reconnaissance et à la protection de ces arbres exceptionnels.

Plus d'informations sur : 👉 arbresremarquables.lu
-

🇱🇺 🌿 🌞 Sichs du no enger flotter Plaz an der Natur?D’Summervakanz ass déi perfekt Geleeënheet fir d’Natur zu Lëtzebuerg ...
23/08/2026

🇱🇺 🌿 🌞 Sichs du no enger flotter Plaz an der Natur?

D’Summervakanz ass déi perfekt Geleeënheet fir d’Natur zu Lëtzebuerg kennen ze léieren. An de 5 Naturschutzzentren zu Lëtzebuerg waarden Aktivitéiten, Ausstellungen an Ablécker an d’Natur op dech.

👉 Méi Informatiounen op: emwelt.lu
-
🇫🇷 🌿🌞 Vous cherchez un endroit agréable en pleine nature ?

Les vacances d’été sont l’occasion idéale pour découvrir la nature au Luxembourg. Dans les 5 centres nature et forêt du pays, de nombreuses activités, expositions et découvertes vous attendent pour explorer la nature sous toutes ses facettes.

👉 Plus d’informations sur : emwelt.lu
-

🇱🇺⁉️ Extrem Wieder gouf et dach nach ëmmer? Jo. Mee de Klimawandel mécht dës Evenementer méi heefeg a méi intensiv.🌍 Och...
21/08/2026

🇱🇺⁉️ Extrem Wieder gouf et dach nach ëmmer? Jo. Mee de Klimawandel mécht dës Evenementer méi heefeg a méi intensiv.

🌍 Och zu Lëtzebuerg gesi mir dat ëmmer méi däitlech: Hëtztrekorder, Dréchentperioden, Staarkreen an Iwwerschwemmunge weisen ëmmer nees, wéi vulnerabel eis Gesellschaft ass.

🌡️ E puer Beispiller:
👉 2019 gouf zu Steesel mam 40,8 °C en nationale Hëtztrekord gemooss.
👉 2021 hu schwéier Iwwerschwemmungen Deeler vum Land getraff.
🤝 Klimaschutz eleng geet net duer. Mir mussen eis un déi onvermeidbar Konsequenze vum Klimawandel upassen.

🌱 Dofir fërdere mir:
👉 d'Renaturéierung vu Baachen a Flëss,
👉 méi Gréngflächen an eise Gemengen,
👉 natierlech Léisungen, déi eis méi resilient maachen.

💚 Klimaadaptatioun ass eng Investitioun an d'Sécherheet, d'Liewensqualitéit an d'Zukunft vu Lëtzebuerg.
-
🇫🇷 ⁉️ Les phénomènes météorologiques extrêmes ont toujours existé ? Oui. Mais le changement climatique les rend plus fréquents et plus intenses.

🌍 Au Luxembourg aussi, nous en constatons de plus en plus les effets : records de chaleur, périodes de sécheresse, pluies torrentielles et inondations montrent à quel point notre société est vulnérable.

🌡️ Quelques exemples :
👉 En 2019, un record national de température de 40,8 °C a été enregistré à Steinsel.
👉 En 2021, de graves inondations ont touché plusieurs régions du pays.
🤝 La protection du climat à elle seule ne suffit pas. Nous devons également nous adapter aux conséquences inévitables du changement climatique.

🌱 C'est pourquoi nous soutenons :
👉 la renaturation des rivières et des cours d'eau,
👉 le développement de davantage d'espaces verts dans nos communes,
👉 des solutions fondées sur la nature qui renforcent notre résilience.

💚 L'adaptation au changement climatique est un investissement dans la sécurité, la qualité de vie et l'avenir du Luxembourg.
-

🇱🇺🌿💦 Mouere spillen eng wichteg Roll am Klimaschutz🌱 Si späichere grouss Quantitéite vun CO2🌱 Si bidde Liewensräim fir b...
19/08/2026

🇱🇺🌿💦 Mouere spillen eng wichteg Roll am Klimaschutz

🌱 Si späichere grouss Quantitéite vun CO2
🌱 Si bidde Liewensräim fir bedroten Aarte wéi z.B. Libellen
🌱 Si behalen d’Waasser an der Landschaft a schützen esou virun Héichwaasser an Dréchent

Fir dës wäertvoll Ökosystemer ze erhalen, ënnerstëtzt den Ëmweltministère zënter dem leschte Joer privat Proprietairë mam Klimabonus Mouer a Wiss.
-
🇫🇷🌿💧 Les marais jouent un rôle essentiel dans la protection du climat

🌱 Ils stockent de grandes quantités de CO₂
🌱 Ils offrent un habitat à des espèces menacées, comme les libellules
🌱 Ils retiennent l’eau dans le paysage et contribuent ainsi à limiter les inondations et les périodes de sécheresse

Afin de préserver ces précieux écosystèmes, le ministère de l’Environnement soutient depuis l’année dernière les propriétaires privés grâce au Klimabonus « Mouer a Wiss ».
-

🇱🇺 🌍 Maacht mat bei den European Sustainable Development Weeks! 🌱Organiséiert Dir an Ärer Schoul, Betrib, Organisatioun,...
17/08/2026

🇱🇺 🌍 Maacht mat bei den European Sustainable Development Weeks! 🌱

Organiséiert Dir an Ärer Schoul, Betrib, Organisatioun, Gemeng oder Verwaltung tëschent dem 18. September an 8. Oktober en Event am Beräich Nohaltegkeet?
Da mellt Iech elo un a gitt Deel vun den European Sustainable Development Weeks (ESDW)!

✅ Firwat matmaachen?
D’ESDW bitt eng flott Geleeënheet fir nohalteg Initiativen ze weisen – egal ob grouss oder kleng. All Aktioun zielt a kann aneren als Inspiratioun déngen. Mat Ärer Participatioun hëlleft Dir, déi villfälteg Engagementer zu Lëtzebuerg ze weisen.

👉 Mellt Äert Event un op: esdn.eu/esdw

Zesumme fir eng nohalteg Zukunft!
-
🇫🇷 🌍 Participez aux European Sustainable Development Weeks ! 🌱

Votre école, organisation, entreprise, commune ou administration organise-t-elle un événement entre le 18 septembre et le 8 octobre autour du développement durable ?
Alors inscrivez-vous dès maintenant et devenez acteur des European Sustainable Development Weeks (ESDW) !

✅ Pourquoi participer ?
Les ESDW offrent une belle opportunité de mettre en valeur vos initiatives durables – qu’elles soient grandes ou petites. Chaque action compte et peut inspirer d’autres. En participant, vous contribuez à montrer la diversité des engagements durables au Luxembourg.

👉 Inscrivez votre événement sur : esdn.eu/esdw

Ensemble pour un avenir durable !
-

🇱🇺🌱 E klenge Geste, e groussen ImpaktZënter 2004, huet d‘Öko-Tut et erméiglecht, zu Lëtzebuerg bal 1,9 Milliarde Plastik...
15/08/2026

🇱🇺🌱 E klenge Geste, e groussen Impakt

Zënter 2004, huet d‘Öko-Tut et erméiglecht, zu Lëtzebuerg bal 1,9 Milliarde Plastikstute fir den Eenzelgebrauch ze vermeiden. Dat entsprécht méi wéi 13.000 Tonnen agespuerte Plastik an dem Equivalent vun 29 Millioune Liter agespuerte Pëtrol.

🤝 Dëse Succès geet weider. Mat der Ënnerschrëft vum 6. Ëmweltofkommes stäerken de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, Valorlux an d'Luxembourg Confederation hiert Engagement fir d'Preventioun vu Verpakungsoffäll.

Zu de Prioritéite gehéieren:
🛍️ De weideren Asaz vun den Öko-Tuten an de Superbags;
♻️ De Réemploi als éischte Reflex ze etabléieren. Déi meecht vun eis kafen nach emmer all Joer zwëschtent 1 an 5 nei Öko-Tuten. Duerch Sensibiliséierungsmoossname fänkt sech dës Gewunnechten awer schonn un z'änneren, mat engem Réckgang vun 10 % bei den Öko-Tuten-Verkeef am Joer 2025;
💡 Nei geziilt Initiativen z'entwéckelen, fir Verpakungsoffäll weider ze reduzéieren.

All Tut, déi nei benotzt gëtt, zielt. Loosst eis weider déi richteg Reflexer fërderen, fir Offall ze vermeiden an eis Ressourcen ze schounen.
-

Adresse

4, Place De L'Europe
Kirchberg
1499

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 17:00
Mardi 08:30 - 17:00
Mercredi 08:30 - 17:00
Jeudi 08:30 - 17:00
Vendredi 08:30 - 17:00

Téléphone

+35224786824

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager