Gemeng Käl

Gemeng Käl Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Gemeng Käl, Hôtel de Ville, 4, Rue de l'Hôtel de Ville, Kayl.

ESCHER KULTURLAF🇱🇺 Dëse Samschdeg huet d’Gemeng Käl mat enger Ekipp vu méi wéi 30 Mataarbechterinnen a Mataarbechter un ...
07/09/2026

ESCHER KULTURLAF

🇱🇺 Dëse Samschdeg huet d’Gemeng Käl mat enger Ekipp vu méi wéi 30 Mataarbechterinnen a Mataarbechter un der 20. Editioun vum Escher Kulturlaf deelgeholl! 🏃‍➡️

Nieft der sportlecher Erausfuerderung war et virun allem eng flott Geleeënheet, sech och ausserhalb vum berufflechen Alldag ze begéinen an den Zesummenhalt tëscht de verschiddene Gemengeservicer ze stäerken. 💪
D’Gemeng Käl setzt sech fir d’Wuelbefannen an dem Zesummenhalt vun hirem Personal an, an esou gemeinsam Momenter droen dozou bäi, gutt Relatiounen am Alldag opzebauen.

Bravo un eis ganz Ekipp fir dëse flotte sportleche Moment an deem staarken Teamgeescht! 👏

🇫🇷 Ce samedi, la Commune de Kayl a participé à la 20e édition du Escher Kulturlaf avec une belle équipe de plus de 30 collaborateurs ! 🏃‍➡️

Au-delà du défi sportif, c’était surtout une belle occasion de se retrouver en dehors du cadre professionnel et de renforcer les liens entre les collègues et les différents services communaux. 💪
La Commune de Kayl tient à investir dans le bien-être, l’esprit d’équipe et la cohésion de son personnel, car ces moments contribuent également à créer et à renforcer de belles relations au quotidien.

Bravo à toute notre équipe pour ce beau moment sportif et cet excellent esprit collectif ! 👏

DAG VUN DER LETZËBUERGER SPROOCH🇱🇺 D’Gemeng Kayl an d’Kommissioun vum Zesummeliewen invitéieren Iech op e flotten Dag ro...
04/09/2026

DAG VUN DER LETZËBUERGER SPROOCH
🇱🇺 D’Gemeng Kayl an d’Kommissioun vum Zesummeliewen invitéieren Iech op e flotten Dag ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur. 🗣️🇱🇺
📅 Datum: 26.09.2026 ab 11:00 Auer
📍 Schungfabrik
Um Programm stinn eng Konferenz iwwer d'Geschichte vun der Lëtzebuerger Sprooch, e gemeinsaamt Mëttegiessen, en Theaterstéck an e Cours d’Initiatioun an d’Lëtzebuergescht.
📞 Umeldung obligatoresch: 56 66 66 280
📧 [email protected]
Mir freeën eis op Iech! 💙

🇫🇷 Journée de la langue luxembourgeoise 🇱🇺
La commune de Kayl et la Commission du vivre-ensemble interculturel vous invitent à une journée conviviale autour de la langue et de la culture luxembourgeoises. 🗣️🇱🇺
📅 Date : 26.09.2026 à partir de 11h00
📍 Schungfabrik
Au programme : une conférence sur l'histoire de la langue luxembourgeoise, un repas, un spectacle de théâtre et un cours d’initiation à la langue luxembourgeoise.
📞 Inscription obligatoire: 56 66 66 280
📧 [email protected]
Au plaisir de vous accueillir ! 💙

TRAVAUX PC8🇱🇺 Informatioun iwwer Aarbechten zu TéitengVum 7. September bis den 23. Oktober 2026 inclus ass d’PC8 tëscht ...
03/09/2026

TRAVAUX PC8
🇱🇺 Informatioun iwwer Aarbechten zu Téiteng
Vum 7. September bis den 23. Oktober 2026 inclus ass d’PC8 tëscht der rue Neuve an dem Parking Schungfabrik wéinst Erneierungsaarbechte gespaart.🚶‍♀️🚲
Foussgänger, Cyclisten an de Pedibus ginn iwwert eng markéiert Deviatioun ëmgeleet. 🏫
Den Accès zur PC8 ass wärend dëser Zäit vun der Alexandra-Schoul, dem Zwergeland an der Cité Neiwiss aus komplett gespaart.
👉 Mir bieden all betraffe Persounen, d’Beschëlderung an déi ugewisen Deviatiounen ze respektéieren a soe Merci fir är Versteesdemech.

🇫🇷 Chantier à Tétange
Du 7 septembre au 23 octobre 2026 inclus la PC8 entre la rue Neuve et le parking Schungfabrik sera barré afin de réaliser des travaux de réfection.🚶‍♀️🚲 Les piétons, cyclistes et le Pedibus seront déviés par un itinéraire signalé.🏫
L’accès à la PC8 sera également complètement fermé depuis l’école Alexandra, le Zwergeland et la Cité Neiwiss.
👉 Nous vous remercions de respecter la signalisation et les déviations mises en place durant toute la durée des travaux.

POUTTY FRUTTI🇱🇺 E Spektakel voller Humor a Musek! 🎭🎶D’Gemeng Käl invitéiert Iech den 2. Oktober 2026 um 20:00 Auer an d’...
02/09/2026

POUTTY FRUTTI
🇱🇺 E Spektakel voller Humor a Musek! 🎭🎶
D’Gemeng Käl invitéiert Iech den 2. Oktober 2026 um 20:00 Auer an d’Schungfabrik zu Téiteng op e besonnesche Spektakel am Kader vum 70. Doudesdag vum Poutty Stein.
🎤 Yännchen Hoffmann & Carlo Hartmann bréngen dem Poutty Stein seng bescht Lidder a Gedichter op d’Bühn – mat vill Humor an Ironie! 😄
🎟️ Virverkaf: 15 € | Oweskeess: 20 €
🚪 Dieren: 19:00 Auer | Virstellung: 20:00 Auer
https://schungfabrik.lu/events/poutty-frutti/

🇫🇷 Poutty Frutti – un spectacle plein d’humour et de musique ! 🎭🎶
La commune de Kayl vous invite le 2 octobre 2026 à 20h00 à la Schungfabrik à Tétange pour un spectacle dans le cadre du 70e anniversaire de la mort de Poutty Stein.
🎤 Yännchen Hoffmann & Carlo Hartmann vous feront découvrir ses meilleurs poèmes et chansons, avec beaucoup d’humour et d’ironie ! 😄
🎟️ Prévente : 15 € | Caisse du soir : 20 €
🚪 Ouverture des portes : 19h00 | Spectacle : 20h00
✨ Le spectacle se tiendra en langue luxembourgeoise.
https://schungfabrik.lu/events/poutty-frutti/

STROOSSEFESTIVAL🇱🇺 Dir wësst net, wat dir dëse Sonndeg mat äre Kanner ënnerhuele sollt? 👀👧🧒 Da kommt laanscht! 🎉De Stroo...
01/09/2026

STROOSSEFESTIVAL

🇱🇺 Dir wësst net, wat dir dëse Sonndeg mat äre Kanner ënnerhuele sollt? 👀👧🧒 Da kommt laanscht! 🎉
De Stroossefestival zu Käl waart op Iech! 😍
📅 Sonndeg, 6. September 2026
⏰ 11:00 – 18:00 Auer
📍 Park Hummerland zu Téiteng
E gratis Festival fir jiddereen, mat villen Animatiounen an Aktivitéiten – a virun allem vill Spaass fir déi Kleng! 🥳
👉 Fir Famillje mat Kanner ab 4 Joer.

🇫🇷 Vous cherchez une sortie divertissante à faire avec vos enfants ? 👀👧🧒 Alors, venez faire un tour ! 🎉
Le festival de rue à Kayl vous attend ! 😍
📅 Dimanche 6 septembre 2026
⏰ 11h00 – 18h00
📍 Parc Hummerland à Tétange
Un festival gratuit pour tous, avec plein d’animations et d’activités pour passer un super moment en famille ! 🥳
👉 Pour les familles avec enfants à partir de 4 ans.

📸BLACK MAGIC TEA

ACTION "GIELT BAND"🇱🇺 Gielt Band – Friichte plécken, amplaz verschwenden! 🍎🍐Vill Uebst geet all Joer verluer. Mat engem ...
31/08/2026

ACTION "GIELT BAND"

🇱🇺 Gielt Band – Friichte plécken, amplaz verschwenden! 🍎🍐
Vill Uebst geet all Joer verluer. Mat engem giele Band ginn Uebstbeem gekennzeechent, wou d’Friichte vum Public gepléckt kënne ginn. 🌳💛

👉 Kuckt d’Lëscht vun den Uebstbeem an eiser Gemeng ! https://www.kayl.lu/action-gielt-band-cueillez-les-fruits/

🇫🇷 Ruban jaune – Cueillez plutôt que gaspiller ! 🍎🍐
Chaque année, beaucoup de fruits sont gaspillés. Un ruban jaune indique les arbres fruitiers dont les fruits peuvent être récoltés par le public. 🌳💛

👉 Consultez la liste des arbres fruitiers dans notre commune ! https://www.kayl.lu/action-gielt-band-cueillez-les-fruits/

GoGo VELO🇱🇺 GoGo VELO lanceiert eng nei Missioun: „Loosst eis 1.000 Mol ronderëm Lëtzebuerg fueren!“ 🚴‍♀️🚴‍♂️Vum 7. Sept...
27/08/2026

GoGo VELO
🇱🇺 GoGo VELO lanceiert eng nei Missioun: „Loosst eis 1.000 Mol ronderëm Lëtzebuerg fueren!“ 🚴‍♀️🚴‍♂️
Vum 7. September bis den 18. Oktober: Kilometer fueren, matmaachen a flott Präisser gewannen! 🎁
👉 Plus d’Info: https://ohkayl.lu/gogovelo

🇫🇷 GoGo VELO lance une nouvelle mission : « Faisons 1 000 fois le tour du Luxembourg ! » 🚴‍♀️🚴‍♂️
Du 7 septembre au 18 octobre : pédalez, participez et tentez de gagner de beaux prix ! 🎁
👉 Plus d’infos : https://ohkayl.lu/gogovelo

SCHLËSSEL / CLÉ🇱🇺 E Schlëssel gouf um Wochëmart zu Käl leschten Dënschdeg fonnt.De Schlëssel läit elo bei der Réceptioun...
27/08/2026

SCHLËSSEL / CLÉ

🇱🇺 E Schlëssel gouf um Wochëmart zu Käl leschten Dënschdeg fonnt.
De Schlëssel läit elo bei der Réceptioun am Atelier zu Téiteng. Wann en Iech gehéiert, kënnt Dir en do ofhuelen. 🔑

🇫🇷 Une clé a été trouvée au marché hebdomadaire à Kayl mardi dernier.
La clé se trouve désormais à l’accueil de l’Atelier à Tétange. Si elle vous appartient, vous pouvez venir la récupérer. 🔑

MARCHE DÉCOUVERTE🇱🇺 Entdeckt d’Gemeng Käl bei enger flotter 10 km Wanderung mat Animatiounen, Projetspresentatiounen an ...
25/08/2026

MARCHE DÉCOUVERTE
🇱🇺 Entdeckt d’Gemeng Käl bei enger flotter 10 km Wanderung mat Animatiounen, Projetspresentatiounen an enger Degustatioun vu lokale, regionale a Fairtrade-Produkter. 🚶‍♀️🌿
📅 Sonndeg, 13. September 2026
📍 Schungfabrik, Käl
⏰ Depart tëscht 8:30 an 10:00 Auer
🥐 Kaffi & Croissante offerts
📌 Umeldung bis de 7. September 2026
📧 [email protected] | 📞 56 66 66 342
👉 Denkt un passend Schong!

🇫🇷 Découvrez la commune de Kayl lors d’une randonnée de 10 km avec animations, présentations de projets et dégustation de produits locaux, régionaux et Fairtrade. 🚶‍♀️🌿
📅 Dimanche 13 septembre 2026
📍 Schungfabrik, Kayl
⏰ Départ entre 8h30 et 10h00
🥐 Café & croissants offerts
📌 Inscription avant le 7 septembre 2026
📧 [email protected] | 📞 56 66 66 342
👉 Pensez à porter des chaussures adaptées !

Sensibiliséierungsaktioun am Park Ouerbett🚲🇱🇺 D’Police Lëtzebuerg an d’Gemeng Kayl hunn am Park Ouerbett eng Sensibilisé...
21/08/2026

Sensibiliséierungsaktioun am Park Ouerbett🚲
🇱🇺 D’Police Lëtzebuerg an d’Gemeng Kayl hunn am Park Ouerbett eng Sensibiliséierungsaktioun zum Thema E-Trottinetten duerchgefouert.
Am Fokus stoungen Preventioun, Respekt a Sécherheet am ëffentleche Raum. D’Präsenz am Park huet et erméiglecht, direkt mat de Benotzer ze schwätzen an op e verantwortungsvollen Ëmgang mat E-Trottinetten opmierksam ze maachen.
D’Aktioun war e positive Succès a soll dozou bäidroen, datt de Park Ouerbett eng sécher an agreabel Plaz fir jiddereen bleift. 🙌

Action de sensibilisation au parc Ouerbett🚲
🇫🇷 La Police Lëtzebuerg et la Commune de Kayl ont mené une action de sensibilisation au parc Ouerbett autour de l’utilisation responsable des trottinettes électriques.
L’accent a été mis sur la prévention, le respect et la sécurité dans l’espace public. Cette présence sur le terrain a permis d’échanger directement avec les usagers et de les sensibiliser à un comportement responsable lors de l’utilisation des trottinettes électriques.
Une action positive qui contribue à faire du parc Ouerbett un lieu sûr, agréable et accessible à toutes et tous. 🙌

Adresse

4, Rue De L'Hôtel De Ville
Kayl
L-3674

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Mardi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Mercredi 07:30 - 11:30
13:30 - 18:00
Jeudi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30
Vendredi 08:00 - 11:30
13:30 - 16:30

Téléphone

566666- 1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Käl publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gemeng Käl:

Raccourcis

Partager