24/02/2026
+++ Übung INCSA & SAP +++
Geschter Owend huet et erem geheescht "Back to the Basics"
Zesummen hu mir eis wichteg Regelen ugekuckt wéi z.B d'AUTO Regel oder d'AIRBAG Regel déi eis bei éngem Verkéiersaccident hëllefen wichteg informatiounen opzehuelen an virun allem Sëcher kënnen ze schaffen.🚒🚑
Weiderhinn konnten dunn virun allem nei Memberen Geschier wéi Schéier a Spreizer, déi mir benotzen fir ageklemmt Persounen aus engem Gefier ze befreien, kennenléieren an och domadden Schaffen.🚒
Fir, virun allem eis SAP Leit, ass et niewebäi drëms gaangen eng Persoun, mat denen Moyenen déi eis zur Verfügung stinn, achsegerecht aus engem Gefier erauszehuelen.🚑