Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil

Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil Offiziellen Account vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil

Dëse Site gëtt geréiert vum Familljeministère a soll d'Bierger iwwer seng Aarbecht informéieren. De Familljeministère garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. De Familljeministère kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. De Familljeministère kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun Informatiounen duerch aner Quellen. De Familljeministère kann net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun den Informatiounen duerch aner Persounen. D'Weblinken op dësem Site kënnen op aner Sitte weiderleeden, déi net vum Familljeministère administréiert ginn. De Familljeministère ass just fir säin eegene Contenu responsabel an net fir deen op anere Sitten, op déi eventuell weidergeleet gëtt. Cette page est gérée par le ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil et vise l'information du grand public sur ses activités. Le ministère assure au mieux l’exactitude des informations diffusées sur cette page. Cependant, sa responsabilité ne saurait être retenue notamment en cas d’omission d’une information, en cas d’erreurs ou en cas de lacunes dans les informations fournies. Le ministère ne saurait être tenu responsable de l'utilisation qui peut être faite par des tiers des informations fournies sur cette page. Les liens sur cette page peuvent conduire vers des sites qui ne sont pas gérés par le gouvernement luxembourgeois. Le ministère n’est pas responsable des informations ou services fournis par ces sites. This page is managed by the ministry of Family Affairs, Solidarity, Living Together and Reception of Refugees and aims to inform the general public about its activities. The ministry provides the best possible accuracy of information published on this page. However, liability can not be accepted especially in case of omission of information, in case of errors or if there are gaps in the information provided. The ministry can not be held responsible for any use which may be made by third parties of information provided on this page. Links on this page may lead to websites that are not managed by the ministry. It is not responsible for the information or services provided by these websites.

Am Kader vum Welt-Alzheimermount September huet de Familljeminister Max Hahn eng Visite mat der Ministesch Martine Depre...
17/09/2026

Am Kader vum Welt-Alzheimermount September huet de Familljeminister Max Hahn eng Visite mat der Ministesch Martine Deprez gemaach, fir hier den Info-Zenter Demenz virzestellen.

Den I-ZD sensibiliséiert, informéiert an orientéiert Persoune mat Demenz, hir Familljen an hiert Ëmfeld a bitt individuell Berodung an Ënnerstëtzung un.

Demenz verännert d’Liewen, awer ni de Wäert vum Mënsch. Dofir ass et wichteg, Virurteeler ofzebauen, doriwwer ze schwätzen an de Betraffenen an hire Familljen de Wee zu Informatioun an Ënnerstëtzung ze erliichteren. 🤝

Haut hunn de Minister Max Hahn an d’Gesondheetsministesch Martine Deprez de Pilotprojet „Out of Hospital“ virgestallt: e...
15/09/2026

Haut hunn de Minister Max Hahn an d’Gesondheetsministesch Martine Deprez de Pilotprojet „Out of Hospital“ virgestallt: eng nei Tëschenetapp fir eeler Leit no enger Hospitalisatioun.
De Projet bitt e séchert an encadréiert Ëmfeld fir Persounen, deenen hir Gesondheet stabiliséiert ass, déi awer nach net direkt kënnen heem oder an en Altersheem goen.
🔹Esou sollen déi betraffe Leit Zäit a Sécherheet kréien, fir a Rou eng iwwerluecht Decisioun ze huelen iwwer déi nächst Schrëtt, a sech besser kënnen op de Retour heem oder den Openthalt an enger Struktur virbereeden.
🔹Donieft sollen evitéierbar nei Spidolsopenthalter reduzéiert an d’Zesummenaarbecht tëscht de Spideeler, den Altersheemer an den Déngschter fir Fleeg doheem gestäerkt ginn.
Déi éischt 36 Unitéiten a véier Altersheemer kënnen ab dem 1. Oktober 2026 déi éischt Beneficiairen ophuelen. De Pilotprojet leeft vun 2026 bis 2029 a gëtt an dëser Zäit evaluéiert.

15/09/2026
🇫🇷 Envie de donner du sens à votre temps libre, de rencontrer des personnes engagées et de découvrir des associations qu...
14/09/2026

🇫🇷 Envie de donner du sens à votre temps libre, de rencontrer des personnes engagées et de découvrir des associations qui font vivre la solidarité au quotidien ?
👉 Alors rejoignez-nous le 26 septembre 2026 à la 🤝
🕙 10h–16h
📍 Abbaye de Neumünster
✅ Gratuit et ouvert à tous, sans inscription préalable
🤝 Associations 🎤 Ateliers thématiques 🌍 Engagement durable
Ensemble, créons du lien.🔗 Plus d’infos : foire-benevolat.lu

🇱🇺 Dir wëllt är Fräizäit sënnvoll gestalten, engagéiert Leit treffen an Associatiounen entdecken, déi d’Solidaritéit am Alldag liewen ?
👉 Da kommt de 26. September 2026 op 🤝
🕙 10h–16h
📍 Abtei neimënster
✅ Gratis an ouni Umeldung
🤝 Associatiounen 🎤 Thematesch Atelieren 🌍 Nohaltegt Engagement
Zesumme Verbindunge schafen! 🔗 Mei Informatiounen op foire-benevolat.lu

Ee Projet, zwou Säiten déi Hand an Hand ginn🤝 Am Centre de l’Oseraie gi Mënschen an enger prekärer Situatioun nees an e ...
09/09/2026

Ee Projet, zwou Säiten déi Hand an Hand ginn🤝 Am Centre de l’Oseraie gi Mënschen an enger prekärer Situatioun nees an e méi stabilt Liewen geféiert.

🏠 Am Centre d’Accueil kréien obdachlos Persoune mat soziale Rechter en Ënnerdaach am Kader vum Housing First an eng individuell Begleedung.
Si kréien Ënnerstëtzung bei hiren alldeeglechen an administrativen Demarchen an, wann néideg, och beim Iwwergang an eng nei Wunneng. D’Zil ass et, d’Bewunner Schrëtt fir Schrëtt dobäi ze ënnerstëtzen, méi autonom ze ginn an eng méi selbststänneg Wunnsituatioun ze erreechen.

🌱 Am Projet Wéidendall ginn déi betraffe Leit am Kader vun TUC-Mesuren (Travaux d’Utilité Collective) duerch verschidden Aktivitéiten un d’Aarbechtswelt erugefouert: vun der Geméisproduktioun an der Fleeg vun de Gréngflächen iwwer Ënnerhaltsaarbechte bis hin zum Splécken an Ausliwwere vu Brennholz.

Esou kréien si d’Méiglechkeet, nei Fäegkeeten ze entwéckelen, eng Struktur am Alldag ze fannen an hir sozial a berufflech Integratioun ze fërderen.
Esou verbënnt de Site Wunnen, Begleedung an Aktivatioun an ënnerstëtzt d’Persounen op hirem Wee a Richtung méi Autonomie. 🙏

Max Hahn HUT - Hëllef um Terrain

🇱🇺Felicitatioun un d’Gemenge vum Natur- & Geopark Mëllerdall, déi haut mam Minister Max Hahn a mam Syndicat des Villes e...
03/09/2026

🇱🇺Felicitatioun un d’Gemenge vum Natur- & Geopark Mëllerdall, déi haut mam Minister Max Hahn a mam Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen hunn.
👉 Domat engagéiere sech d’Gemengen Ärenzdall, Baërdref, Bech, Beefort, Fiels, Iechternach, Konsdref, Noumer, Reisdorf, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg verstäerkt fir d’Bedeelegung vun alle Persounen, déi an der Regioun liewen oder schaffen, esou wéi fir d’Bekämpfung vu Rassismus an all Form vun Diskriminatioun.
👉 Méi Informatiounen op www.gemengen.zesummeliewen.lu

🇫🇷 Félicitations aux communes du Natur- & Gepark Mëllerdall, qui ont signé aujourd’hui avec le ministre Max Hahn et le SYVICOL le Gemengepakt (pacte communal du vivre-ensemble interculturel).
👉 Avec cette signature, les communes de Beaufort, Bech, Berdorf, Consdorf, Echternach, Larochette, Nommern, Reisdorf, Rosport-Mompach, Vallée de l’Ernz et Waldbillig renforcent leur engagement en faveur de la participation de toutes les personnes qui résident ou travaillent dans la région, ainsi que pour la lutte contre le racisme et toute forme de discrimination.
👉 Plus d’information sur www.gemengen.zesummeliewen.lu

🇺🇲 Congratulations to the municipalities of the Natur- & Gepark Mëllerdall, which signed the Gemengepakt (municipal pact of intercultural living together) today with Minister Max Hahn and the SYVICOL.
👉 With this, the municipalities of Beaufort, Bech, Berdorf, Consdorf, Echternach, Larochette, Nommern, Reisdorf, Rosport-Mompach, Vallée de l’Ernz and Waldbillig strengthen their commitment to reinforce the participation of all people who reside or work in the region, as well as the fight against racism and all forms of discrimination.
👉 More information on www.gemengen.zesummeliewen.lu

Natur- & Geopark Mëllerdall Gemeng Beefort Gemeng Bech Ville d'Echternach Gemeng Fiels Gemeng Noumer Commune de Rosport-Mompach Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés asbl CEFIS

🧦„Feier a Flam“ ënnert dësem Motto stinn d'Strëmp, déi de Familljeminister Max Hahn bei senger Entrevue mat der FNEL ges...
14/08/2026

🧦„Feier a Flam“ ënnert dësem Motto stinn d'Strëmp, déi de Familljeminister Max Hahn bei senger Entrevue mat der FNEL geschenkt krut. Fir d’FNEL si se méi wéi nëmmen e Kleedungsstéck: Si sti fir Teamgeescht, Traditioun an d’Passioun, mat där sech esou vill Leit am Scoutismus engagéieren. An dësem Sënn soe mir net nëmmen der FNEL Merci fir dëse flotte Cadeau, mee virun allem och all deene ville Benevollen, déi mat all Schratt fir hier Passioun mat groussem Asaz brennen.🔥🧦

De Sheldon an den Uther kruten hir Medail iwwerreecht 🎖️ e wichtege Schrëtt fir hir Roll als Assistenzhënn offiziell unz...
11/08/2026

De Sheldon an den Uther kruten hir Medail iwwerreecht 🎖️ e wichtege Schrëtt fir hir Roll als Assistenzhënn offiziell unzëerkennen. De Sheldon ënnerstëtzt säi Meeschter am Alldag bei enger posttraumatescher Belaaschtungsstéierung (PTBS), wärend den Uther enger Persoun mat ageschränkter Mobilitéit zur Säit steet.
Zwee Hënn, zwou verschidde Missiounen, mee dat selwecht Zil: méi Onofhängegkeet, Sécherheet a Liewensqualitéit fir hir Meeschteren.🐾

🎶 Hues du dech och schon ëmmer gefroot wéi et hannert de Kulisse vun der Philharmonie ausgesäit?Mam Biergerpakt hues du ...
05/08/2026

🎶 Hues du dech och schon ëmmer gefroot wéi et hannert de Kulisse vun der Philharmonie ausgesäit?
Mam Biergerpakt hues du d'Méiglechkeet, esou Plazen an Erfarungen zu Lëtzebuerg ze entdecken. Nieft Blécker hannert d'Kulisse bitt de Biergerpakt vill weider Aktivitéiten, fir d'Land an d'Liewen zu Lëtzebuerg besser kennenzeléieren, egal obs du nei am Land bass oder schonn zënter Joren zu Lëtzebuerg wunns.
🔎 Schreif dech op Biergerpakt.lu an an entdecke Lëtzebuerg aus enger neier Perspektiv.

Adresse

13c, Rue De Bitbourg
Hamm
1273

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 17:00
Samedi 09:00 - 17:00
Dimanche 09:00 - 17:00

Téléphone

+35224786500

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil:

Partager