LTEtt - Lycée Technique d'Ettelbruck

LTEtt - Lycée Technique d'Ettelbruck Official page for the Lycée Technique d'Ettelbruck

19/06/2026

Hei fannt Dir den Aftermovie vum Ettelbréck wibbelt! Jiddereen konnt un den Atelieren deelhuelen an a verschidde Sportarten raschnupperen!

Kommt den 13. Juni 2026 op déi drëtt Editioun vum "Ettelbréck wibbelt", deen d'Stad Ettelbréck zesumme mam Lycée Techniq...
12/06/2026

Kommt den 13. Juni 2026 op déi drëtt Editioun vum "Ettelbréck wibbelt", deen d'Stad Ettelbréck zesumme mam Lycée Technique d'Ettelbruck an de lokale Sportsveräiner organiséiert. Vill verschidden Aktivitéiten gi proposéiert!

***

Venez nombreux le 13 juin à la troisième édition de "Ettelbréck wibbelt", organisé par la Ville d'Ettelbruck en collaboration avec le Lycée Technique d'Ettelbruck et les associations sportives locaux. Différentes activités sont proposées !

Kommt den 13. Juni 2026 op den Ettelbréck Wibbelt am Lycée Technique vun Ettelbréck! Entdeckt ënner anerem mam CAPA d’Di...
12/06/2026

Kommt den 13. Juni 2026 op den Ettelbréck Wibbelt am Lycée Technique vun Ettelbréck!

Entdeckt ënner anerem mam CAPA d’Disziplin Sprint, léiert déi brasilianesch Kampfsportaart Capoeira kennen, probéiert den Dëschtennis a schnuppert eran, ob d’Bouschéissen eppes fir Iech ass!

***
Venez nombreux le 13 juin 2026 pour le « Ettelbréck Wibbelt » au Lycée Technique d’Ettelbruck ! Découvrez notamment le sprint avec le CAPA, initiez-vous à la capoeira, l’art martial brésilien, testez le tennis de table et venez découvrir si le tir à l’arc pourrait devenir votre nouveau hobby !

Den 13. Juni heescht et nees "Ettelbréck wibbelt" am LTEtt - Lycée Technique d'Ettelbruck! Lass geet et um 14.00 Auer.
12/06/2026

Den 13. Juni heescht et nees "Ettelbréck wibbelt" am LTEtt - Lycée Technique d'Ettelbruck! Lass geet et um 14.00 Auer.

10/06/2026
04/06/2026

Norderney : entdecken, fuerschen, verstoen! 🦀🐚🌾 🔬

Op eiser Studierees op Norderney entdecke Schüler:innen déi faszinéierend Welt vum Watt, vun den Dünen an der Nordsee. Si maachen eegestänneg wëssenschaftlech Analysen, observéieren Déieren an hirem natierleche Liewensraum a sammelen onvergiesslech Erfarungen an der Natur. 🔍✨

🌊 Natur entdecken
🧪 Fuerschen an experimentéieren
👣 Léieren dobaussen
🤝 Als Team Erfarunge sammelen

📚 Du wëlls d’Natur wierklech erliewen an och bei esou spannende Projeten a Reesen dobäi sinn?

➡️ Dann informéier dech iwwer eis Sektiounen GPS an GSN am LTEtt a gëff Deel vun dësen eenzegaartegen Erfarungen!

outdoorlearning

Am Kader vum S-Team haten eis engagéiert Schülerinnen a Schüler sech d’Fro gestallt, wéi d’Wäerter vun eiser Schoul méi ...
02/06/2026

Am Kader vum S-Team haten eis engagéiert Schülerinnen a Schüler sech d’Fro gestallt, wéi d’Wäerter vun eiser Schoul méi siichtbar am Alldag kéinte ginn.

Doraus ass d’Iddi entstanen, datt all Klass e Puzzlestéck kreativ gestalt, inspiréiert vun de Wäerter, déi eis Schoulgemeinschaft ausmaachen: Respekt, Toleranz, Gesondheet, Solidaritéit, Nohaltegkeet an Diversitéit.

Déi vill eenzel Puzzlestécker goufen elo zesummegesat an zu engem gemeinsame Konschtwierk veraarbecht: „A Mirror of Values“. De Spigel symboliséiert, datt d’Wäerter vun eiser Schoul net nëmmen op Plakater oder an Texter festgehale ginn, mee sech och an eisem deegleche Mënsch- a Matenee spigele sollen.

De Spigel ass elo hei am Lycée ausgestallt a gouf am Kader vum Iwwergang vum S-Team op de Projet Jeunes Ambassadeurs nach eng Kéier opgegraff an opgewäert.

E grousse Merci un all d’Klassen, d’Enseignanten, de Service technique, d’Direktioun an un all d’Schülerinnen a Schüler, déi mat hirer Kreativitéit zu dësem flotte Gemeinschaftsprojet bäigedroen hunn!

Véronique Feltes, Mandy Schweig, Carole Schroeder, Max Rodenbourg

De 15. Mee huet d’Roadshow vun der «Take Off Science Show” vun RTL Statioun hei am LTEtt gemaach! Hei haten d’Schüler au...
22/05/2026

De 15. Mee huet d’Roadshow vun der «Take Off Science Show” vun RTL Statioun hei am LTEtt gemaach! Hei haten d’Schüler aus deene verschiddenste Klassen d’Geleeënheet ze entdecken wat «Science» iwwerhaapt bedeit 💡 Op e puer Statioune konnte si a flotten an interessanten Workshops an Atelieren hiert Wëssen testen an och a Gruppen géinteneen untrieden. Si hate vill Spaass an deen een oder aneren huet bestëmmt säin Talent an Interessi un deem Thema entdeckt a wee weess, vläicht gesi mir si jo eemol an der Science Show um Fernseh! 😊📺

20/05/2026

Flashmob dans le cadre de la Journée de l’Europe au Lycée Technique d'Ettelbruck 💙
Merci aux élèves de l’option « Be active, be creative in politics » pour cette belle initiative !

Adresse

71, Avenue Lucien Salentiny
Ettelbruck
L-9080

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00
Samedi 08:00 - 12:00

Téléphone

+3528192011

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LTEtt - Lycée Technique d'Ettelbruck publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager