Naturpark Öewersauer

Naturpark Öewersauer D'Waasserregioun vu Lëtzebuerg Arbeit und Erholung ökologisch sinnvoll gestalten, heißt seit 1999 das Ziel des Naturparks Obersauer im Nordwesten Luxemburgs.

Er liegt inmitten der urwüchsigen Mittelgebirgslandschaft der Ardennen und zeichnet sich durch seine tief eingeschnittenen Täler, feuchten Wiesen, bewaldeten Steilhänge und die landwirtschaftlich genutzten Hochplateaus aus. Den Mittelpunkt bildet ein Stausee, der ca. 70% der Haushalte Luxemburgs mit Trinkwasser versorgt. Tourismus, Kultur, Umweltschutz und ökonomische sowie soziale Entwicklung werden gefördert und eng miteinander verknüpft. Der Erfolg dieses Konzepts wurde im Jahre 2010 mit der Verleihung des EDEN-Preises bestätigt.

Loscht de Vakanzefeeling e bëssen ze verlängeren⁉ ☀Mir bidden nach bis den 1. Oktober Solarboot-Touren un. Aktuell gëtt ...
16/09/2026

Loscht de Vakanzefeeling e bëssen ze verlängeren⁉ ☀

Mir bidden nach bis den 1. Oktober Solarboot-Touren un. Aktuell gëtt et just nach eng Fahrt pro Dag, déi jeeweils um 15 Auer zu Ënsber start.

👉 Reservéiert elo ären Tour iwwer eisen Online-Formulaire (Link an de Kommentarer). Mir fueren och sonndes. 😉

ℹ Ënnerwee erwaarden iech wonnerschéi Perspektiven op de Stauséi an eng Partie Informatioune ronderëm d'Geschicht, d'Déieren a Planzen. ☺️

15/09/2026

Insekteschounend méien⁉

👉Dat geet am Beschte wéi fréier mat der Séissel. Op wat een dobäi oppasse sollt a wéi genee dat geet erkläert de Frank Richarz aus eisem Naturpark. ☺️

Réckbléck op déi éischt Editioun vun eisem Textil Café 👀Viru Kuerzem hate mir op e kreative Nomëtteg an d'Duchfabrik inv...
14/09/2026

Réckbléck op déi éischt Editioun vun eisem Textil Café 👀

Viru Kuerzem hate mir op e kreative Nomëtteg an d'Duchfabrik invitéiert. Hei hat jiddereen d'Geleeënheet säin eegenen Textilprojet matzebrengen, nei Bekanntschaften ze maachen a sech mat Kënschtlerinne vu Filum66 auszetauschen. ☺

Fotoen: Caroline Martin

13/09/2026

Wann een den Insekten eppes Guddes doe wëll, da sollt een och beim Choix vun de Planzen op verschidde Saachen oppassen.🌿

👉Besonnesch insektefrëndlech si sougenannte Wëllstauden. Dobäi handelt et sech ëm Planzen, déi an eiser Géigend och vun Natur aus virkommen an un eis klimatesch Bedingungen ugepasst sinn. ☺️

Eis Partner: Alpakas aus dem Naturpark Obersauer🦙🦙👉 D'Famill Keiser vun Heischent këmmert sech mat vill Passioun ëm hir ...
12/09/2026

Eis Partner: Alpakas aus dem Naturpark Obersauer🦙🦙

👉 D'Famill Keiser vun Heischent këmmert sech mat vill Passioun ëm hir Alpaka'en. Aus der Woll maachen si verschidde Produiten, déi een och bei eis am Naturpark-Shop zu Esch-Sauer op 15, rue de Lultzhausen ze kafe kritt. 🥾

ℹ Doduerch datt d'Alpaka-Woll bannen huel ass kann si d'Kierperwäermt besser wéi all aner Woll späicheren. Genee dat Richtegt also fir all déi, deenen et den Hierscht a Wanter iwwer ze kaal ass.☺️

Aktivitéite vun der École du Goût 👀D'Schmaachschoul vun den 3 Lëtzebuerger Naturparke proposéiert nees Kachcoursen 👩‍🍳👨‍...
10/09/2026

Aktivitéite vun der École du Goût 👀

D'Schmaachschoul vun den 3 Lëtzebuerger Naturparke proposéiert nees Kachcoursen 👩‍🍳👨‍🍳 an aner Aktivitéiten zu Branebuerg.

👉Entdeckt de ganze Programm op ecoledugout.lu a mellt iech séier un, d'Plazen si staark limitéiert. 😉

Wousst dir schonn...⁉..datt zu Wooltz Müslirigele produzéiert ginn? Am therapeuteschen Atelier Hondsburen vun ATP a.s.b....
08/09/2026

Wousst dir schonn...⁉
..datt zu Wooltz Müslirigele produzéiert ginn? Am therapeuteschen Atelier Hondsburen vun ATP a.s.b.l. gi verschidde Geschmacksrichtunge produzéiert. Als Naturpark-Partner leeën si dobäi vill Wäert drop méiglechst vill op regional Ingredienten zréckzegräifen. ☺️

👉 Verschidde Müslirigele kritt ee bei eis am Naturpark-Shop zu Esch-Sauer ze kafen. Déi komplett Gamme fënnt een direkt bei hinnen op 21, rue du X Septembre zu Wooltz.

[Eis Partner] Gîte Al Scheier zu Tarchamps 👀Aus enger aler Scheier ass ee modernt, ekologescht Vakanzenhaus ginn. D’Haus...
06/09/2026

[Eis Partner] Gîte Al Scheier zu Tarchamps 👀

Aus enger aler Scheier ass ee modernt, ekologescht Vakanzenhaus ginn. D’Haus bitt Plaz fir bis zu 8 Persounen: eng grouss Kichen mat Stuff, 4 Schlofzëmmeren, 2 Buedzëmmer, eng gemittlech Terrass an e Balkon. Iwwregens ass de Gîte och komplett barrierefräi an Elektroautoen kënnen och hei opgeluede ginn. 🚗⚡

Donieft stinn zwee E-Mountainbikes stinn zur Verfügung, fir d’Géigend op eng nohalteg Aart a Weis ze entdecken! 🌳

👉Perfekt fir eng kleng Auszäit am Naturpark Öewersauer mat Famill oder Frënn. ☺

05/09/2026

Gedenkwee um Schumannseck 🥾

Entdeckt um Gedenkpad wéi d'Liewen am Krich fir déi däitsch an amerikanesch Zaldote war, a wéi d' Zivilisten ënnert dem Krich gelidden hunn.

👉Liewensgrouss Silhouetten, déi op Basis vun Original Fotoen aus der Regioun hiergestallt goufen, erënneren un dës grujeleg Zäit.

Dëse Samschdeg: Textil Café an der Duchfabrik 👀Du strécks, häkels, bitz oder realiséiers aner Projeten am Beräich Textil...
03/09/2026

Dëse Samschdeg: Textil Café an der Duchfabrik 👀

Du strécks, häkels, bitz oder realiséiers aner Projeten am Beräich Textil an hues Loscht dech mat anere Kreativen auszetauschen⁉

👋 Da komm dëse Samschdeg, 5. September tëscht 14 a 17:30 Auer an d'Duchfabrik op Esch-Sauer luussen a profitéier vun der Geleeënheet nei Bekanntschaften ze maachen an dech mat Kënschtlerinne vu Filum66 auszetauschen.

👉Bréng einfach däin eegene Projet mat, setzt dech bei eis a genéiss bei enger Taass Kaffi/Téi den Austausch. Jiddereen ass häerlech wëllkomm an d'Participatioun ass gratis. Du kanns einfach laanschtkommen oder dech am Virfeld iwwer eise Formulaire umellen.☺️

Foto: Unsplash

Adresse

15, Rue De Lultzhausen
Esch-sur-Sûre
9650

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Naturpark Öewersauer publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Naturpark Öewersauer:

Raccourcis

Partager