03/09/2026
De BD-Kënschtler a Schrëftsteller Pe’l Schlechter ass am Alter vun 105 Joer gestuerwen.
Hie gëllt als ee vun de Pionéier vun der Comic-Zeechnung zu Lëtzebuerg, huet joerzéngtelaang als Grafiker d’Affiche vun der Lotterie Nationale an der Foire entworf a krut mat 92 Joer de Buchpräis fir „De Pol muss an de Krich“.
Mam Pe’l Schlechter verléiert Lëtzebuerg ee vun de kreatiivste Käpp, dee sech a sengem laange Liewen souwuel als Auteur, Zeechner a Grafiker en Numm gemaach huet. Besonnesch bleiwen säi klore Bléck op d’Gesellschaft an d’Liewen, säin Humor, réng Ironie a säin Optimissem an Erënnerung.
Ville d'Esch
explore esch