Juli 2018 ass de Corps grand-ducal d’incendie et de secours, kuerz CGDIS, a Kraaft getrueden. Dës komplett Ëmstrukturatioun vum Pompjeeswiesen huet sou munch Ännerunge mat sech bruecht. Sou koum et, datt aus de Pompjee Angelduerf de « Centre d’incendie et de secours Ingeldorf » (CIS Angelduerf) ginn ass. Den Asazzenter krut net nëmmen een neien Numm mee och eng nei Aufgabeverdeelung. Sou ass de CIS Angelduerf do fir Mënschen an Déieren an Nout ze retten. Duerch stänneg Formatioune ginn d’Pompjeeën ëmmer op de lëschte Stand gesat, fir am Noutfall sou séier a professionell wéi méiglech handelen ze kënnen. De CIS Angelduerf besteet nach komplett aus fräiwëllege Pompjee, déi fir den Déngscht um Bierger selbstlos an ouni Entschiedegung hir Fräizäit hierginn, fir den Awunner vun der Gemeng an och vun den Nopeschgemengen zu all Dageszäit ze hëllefen. D’Reform vun de Rettungsdéngschter huet awer och mat sech bruecht datt all Asazzenter eng Amicale grënne muss. Dës Amicale ass do fir senge Memberen deen een oder anere Moment ënner Frënn z’erméiglechen. Dëst ass immens wichteg fir déi schéin a manner schéi Momenter aus dem Rettungsdéngscht mat Kolleegen ze beschwätzen an awer och eng Frëndschaft ze stäerken, déi ee brauch fir sech am Asaz op deen anere verloossen ze kënnen. Doduerch ass d’Amicale „Pompjëesfrënn Angelduerf a.s.b.l“ gegrënnt ginn. Dës Amicale steet ënnert der Leedung vun hirer Präsidentin dem Lis Lourenco. An dëser Amicale sinn awer net nëmme Pompjeeë vum CIS Angelduerf dran, mee och sou munch Pompjëesfrënn, déi sëlwer net am aktiven Déngscht dobäi sinn. Zu de gréisste Manifestatioun déi d’Pompjëesfrënn organiséieren, gehéiere ënner anerem d’Buergbrennen, Buergsonndeg an de Fakelzuch op national Feierdag. Et ass wichteg den Ënnerscheed tëschent dem CIS Angelduerf an de Pompjëesfrënn Angelduerf a.s.b.l ze maachen. De CIS Angelduerf ass een noutwennege Service, deen all Gemeng garantéiere muss. D’Pompjëesfrënn Angelduerf a.s.b.l sinn e Veräin, dee probéiert senge Membere e Merci fir hiert fräiwëllegt Engagement ze ginn. Wann’s och du interesséiert bass fir an de CIS Angelduerf oder an d'Pompjëesfrënn Angelduerf a.s.b.l ze kommen, dann zéck net an huel Kontakt iwwert eis Säit op.