Femmes Socialistes Dudelange

Femmes Socialistes Dudelange Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Femmes Socialistes Dudelange, Organisation politique, Dudelange.

Gelongenen Afterwork mat enger flotter Ambiance
31/07/2026

Gelongenen Afterwork mat enger flotter Ambiance

Kommt an verbrengt mat ons Muer den After-WorkFS Diddeleng ass mat hierer neier Popcorn-Maschin présentDrinks-Food-Music...
30/07/2026

Kommt an verbrengt mat ons Muer den After-Work
FS Diddeleng ass mat hierer neier Popcorn-Maschin présent
Drinks-Food-Music 🧋🍉🎼

1ten FS National Afterwork bei ons zu Diddeleng an der Kantin bei guddem Wierder, Drinks and Food.
27/06/2026

1ten FS National Afterwork bei ons zu Diddeleng an der Kantin bei guddem Wierder, Drinks and Food.

23/06/2026

🇱🇺 Schéinen Nationalfeierdag 🇱🇺

Haut feiere mir eist Land, eis Geschicht an all déi Mënschen, déi Lëtzebuerg mat hirem Engagement geprägt hunn.

Besonnesch um Nationalfeierdag denke mir och un déi vill Fraen, déi fir méi Gerechtegkeet, Bildung a Gläichberechtegung gekämpft hunn. Hir Aarbecht erënnert eis drun, datt Fortschrëtt ni selbstverständlech ass, mee ëmmer duerch Courage, Engagement a Solidaritéit entsteet.

Als Sozialistinnen stinn mir och haut fir e Lëtzebuerg, dat sozial gerecht, oppen a gläichberechtegt ass, e Land, an deem jidderee seng Plaz huet.

❤️🤍🩵 Schéinen Nationalfeierdag a Vive Lëtzebuerg 🇱🇺

FS wenscht en Scheinen Nationalfeierdag
22/06/2026

FS wenscht en Scheinen Nationalfeierdag

16/06/2026

Haut ass e wichtegen Dag fir d’Rechter vun de Fraen zu Lëtzebuerg.

Mam zweete Vott an der Chamber gëtt e Grondrecht gestäerkt: d’Recht vu Fraen, selwer iwwer hiren eegene Kierper an hir Zukunft ze decidéieren. Dat ass keng Fro vu enger Meenung oder vu Zäitgeescht, mee eng Fro vu Selbstbestëmmung, Gläichstellung a Mënscherechter.

Als Feministinne sinn mir iwwerzeegt datt eng demokratesch a progressiv Gesellschaft de Fraen zoutrauen muss, hir eegestänneg Entscheedungen ze treffen. Keen Staat, keng Institutioun an och keen anere Mënsch däerf dëst Recht a Fro stellen!

Datt d’Recht op e fräiwëlleg Schwangerschaftsofbroch elo an der Verfassung verankert gëtt, ass e staarkt Zeechen. Et weist, datt mir net bereet sinn, schwéier erkämpfte Rechter erëm aus der Hand ze ginn. Wat Generatioune vu Frae virun eis erstridden hunn, muss och fir déi nächst Generatioune geséchert bleiwen.

Gläichzäiteg däerfe mir eis net mat dësem Schrëtt zefridde ginn. Als Femmes Socialistes hu mir eis och fir eng Verlängerung vum Délais vun 12 ob 14 Wochen ausgeschwaat an d’Aféierung vum „délit d’entrave“ agesat. Well e Recht huet nëmmen da Wäert, wann et och tatsächlech accessibel ass an d’Fraen net duerch Drock vu Baussen dovun ofgehale ginn.

Fraerechter sinn a bleiwen keng ‘droits acquis’. Mir gesinn iwwerall op der Welt, wéi séier Fortschrëtter kënnen mat Féiss getreppelt gin. Genau dofir musse mir eis Rechter weider verdeedegen.

💜✊🏻🌹

Scheinen Mammendag 🌹🌹🌹
14/06/2026

Scheinen Mammendag 🌹🌹🌹

Rexkbleck op eis Mammendag Aktioun den Moien um Maart.  Et wuar eis eng Freed iech eng Freed ze machen 🌹
11/06/2026

Rexkbleck op eis Mammendag Aktioun den Moien um Maart. Et wuar eis eng Freed iech eng Freed ze machen 🌹

FS aktiv um Muart : Ab 10h deelen mir eng kleng Iwwerraschung aus vir Mammendag.🎁🍫
10/06/2026

FS aktiv um Muart :
Ab 10h deelen mir eng kleng Iwwerraschung aus vir Mammendag.🎁🍫

06/06/2026

Adresse

Dudelange

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Femmes Socialistes Dudelange publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager