17/06/2026
Vun elo u gëtt et eng Broschür fir Liicht Sprooch am Lëtzebuergeschen!
Felicitatioun un den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS fir dëse bedeitende Projet! Mir freeën eis, dass Akzent sech dorunner bedeelegen dierft, a soe Merci fir déi flott Zesummenaarbecht.
👉 D’Broschür fannt Dir iwwer dëse Link:https://gouvernement.lu/dam-assets/publications/brochure-livre/zls/liicht-sprooch-ltzebuergesch-abrll-2026.pdf
Liicht Sprooch Lëtzebuergesch – Reegelen a Recommandatioune fir eng inklusiv Kommunikatioun op Lëtzebuergesch ✨
Vun haut u gëtt et eng Broschür iwwer d’Liicht Sprooch Lëtzebuergesch, déi den ZLS an enker Zesummenaarbecht mat engagéierten Experten an Expertinnen ausgeschafft huet.
An dëser Broschür fannt Dir d’Reegelen, déi musse respektéiert ginn, fir dass en Text de Krittäre vun der Liichter Sprooch entsprécht an esou vu méiglechst ville Lieserinnen a Lieser ka verstane ginn. Dozou gehéieren ënner anerem:
– einfach a geleefeg Wierder,
– kuerz Sätz mat nëmmen enger Informatioun,
– en einfache Sazbau an
– en iwwersiichtleche Layout.
ℹ️ Firwat Liicht Sprooch?
Administrativ Texter sinn am Allgemengen op engem Sproochniveau verfaasst, dee fir Leit mat Liesproblemer eng grouss Barriär duerstellt; ouni Hëllef hu si also dacks keen Accès op relevant Informatiounen. Et sinn awer net just Leit mat Liesproblemer oder intellektuelle Beanträchtegungen, déi vun der Liichter Sprooch profitéieren: Och eeler Leit, Leit mat Demenz oder enger Aphasie, mat enger Héier- resp. Séibeanträchtegung, funktional Analphabeten, Ufänger an der Sprooch a Persoune mat spezifesche Besoinen, wéi z. B. Leit mat Dyslexie, hunn doduerch d’Méiglechkeet, Texter besser ze verstoen.
👉 De ganze Guide fannt Dir um Site vum Ministère de la Culture, Luxembourg an iwwer dëse Link: http://gd.lu/9dvD97
Wann Dir Feedback zum Guide hutt, da kënnt Dir eis dee gäre per Mail zoukomme loossen. 📧