Gemeng Biwer

Gemeng Biwer Allgemeng an aktuell Informatioune fir d'Awunner
aus der Gemeng Biwer

* Offizielle Seite der Gemeinde Biwer * City Hall

❗Heimat informéiere mir Iech, datt de Rallye „Luxembourg-Classic“ dëse Samschdeg, den 12. September 2026, géint 15 Auer ...
10/09/2026

❗Heimat informéiere mir Iech, datt de Rallye „Luxembourg-Classic“ dëse Samschdeg, den 12. September 2026, géint 15 Auer duerch eis Gemeng fiert. Déi genee Streck fannt Dir um Bild hei ënnendrënner. 🚘

🚴🚴‍♀ Donneschdes, de 17. September 2026, passéiert déi 2. Etapp vun der Vëloscourse „Škoda Tour de Luxembourg“ duerch eis Gemeng. Wärend dem Passage vun der Course ass den CR136 tëschent der Buddelerbaach a Brouch nëmmen an eng Richtung befuerbar.

INFO RGTR 🚌‼
03/09/2026

INFO RGTR 🚌‼

De biwer Schoulbuet ass gëschter an der Gemeng verdeelt ginn! Hei kënnt Dir en och online liesen: https://biwer.lu/wp-co...
03/09/2026

De biwer Schoulbuet ass gëschter an der Gemeng verdeelt ginn! Hei kënnt Dir en och online liesen:

https://biwer.lu/wp-content/uploads/2026/06/2026.03-de-biwer-Schoulbuet.pdf

Mir wëllen an dësem Kontext och drop hiweisen, dass d'Chargée de Direction vun der Crèche "Bei de Biberen" Annick Nuss viru Kuerzem verstuerwen ass.

Mir soen hir Merci fir hiren Engagement am Déngscht vun der Gemeng an eise Kanner.

Mir wäerte si a respektvoller an dankbarer Erënnerung behalen.

Hirer Famill drécke mir eist déifste Matgefill aus.

INFO CFL 🚄▶🚌
18/08/2026

INFO CFL 🚄▶🚌

Babysitter Cours zu Biwer 🍼🧸Et sinn nach e puer Plaze fräi an eisem Babysitter Cours am September 🤩Mell dech iwwert dëse...
07/08/2026

Babysitter Cours zu Biwer 🍼🧸

Et sinn nach e puer Plaze fräi an eisem Babysitter Cours am September 🤩

Mell dech iwwert dëse Link un:
https://forms.gle/uyyNvpvzhALJiL3V8

Falls du dech schonn ugemellt hues, awer nach keng Confirmatioun per E-Mail krut hues, da kontaktéiert eis wgl. per Telefon.

☎️ 710 008 65

Du bass tëschent 15 an 28 Joer al a wëlls Babysitter ginn? 👶🍼

Am September offréiere mir e Babysitter Cours fir Jonker aus eiser Gemeng.

Ënnert dësem Link kanns du dech umellen:
https://forms.gle/uyyNvpvzhALJiL3V8

🇱🇺 Joyeuse Entrée zu Éinen - 5 Plaze fir déi groussherzoglech Koppel ze begréissen 👑E Freideg, den 2. Oktober 2026 ëm 15...
06/08/2026

🇱🇺 Joyeuse Entrée zu Éinen - 5 Plaze fir déi groussherzoglech Koppel ze begréissen 👑

E Freideg, den 2. Oktober 2026 ëm 15 Auer kommen de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse op hir Joyeuse Entrée op Éinen an der Gemeng Wormer, wou si mat der MS « Princesse Marie-Astrid » ukommen. 🚢

Fir dës Geleeënheet dierf all Gemeng aus dem Bezierk Oste 5 Awunner auswielen, déi un der Begréissung vun der groussherzoglecher Koppel dierfen deelhuelen.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse huelen d'Schëff zu Wormer a fueren nom Accueil zesumme mat den Invitéen aus de verschidde Gemenge bis op Éinen.

➡️ Wann Dir bei dësem Evenement wëllt dobäi sinn, fir d‘Gemeng Biwer ze representéieren, da mellt Iech wgl. bis spéitstens den 11. August 2026 per E-Mail un op [email protected].

Am Fall, wou méi wéi 5 Persoune sech umellen, ginn d’Plaze per Auslousung verginn.

Alleguer d'Awunner an d'Awunnerinnen aus der Gemeng Biwer sinn häerzlech invitéiert fir zu Éinen bei der Joyeuse Entrée vun der groussherzoglecher Koppel mat dobäi ze sinn.

🇫🇷 Joyeuse Entrée à Ehnen – 5 places pour accueillir le couple grand-ducal 👑

Le vendredi 2 octobre 2026 à 15 heures, le Grand-Duc et la Grande-Duchesse feront leur Joyeuse Entrée à Ehnen dans la commune de Wormeldange, en arrivant à bord du bâteau MS « Princesse Marie-Astrid ». 🚢

À cette occasion, chaque commune de la circonscription Est peut désigner 5 habitants pour accueillir le couple grand-ducal à son arrivée.

Le Grand-Duc et la Grande-Duchesse embarqueront le bâteau à Wormeldange et, après l'accueil, navigueront avec les invités des différentes communes jusqu'à Ehnen.

➡️ Si vous souhaitez représenter la commune de Biwer à cet événement, veuillez envoyer votre candidature par courriel à [email protected] pour le 11 août 2026 au plus t**d.

Si le nombre d'inscriptions dépasse cinq personnes, l'attribution des places se fera par tirage au sort.

Tous les habitants et toutes les habitantes de la commune de Biwer sont cordialement invités à se joindre à la Joyeuse Entrée du couple grand-ducal à Ehnen.

Foto: © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Du bass tëschent 15 an 28 Joer al a wëlls Babysitter ginn? 👶🍼Am September offréiere mir e Babysitter Cours fir Jonker au...
20/07/2026

Du bass tëschent 15 an 28 Joer al a wëlls Babysitter ginn? 👶🍼

Am September offréiere mir e Babysitter Cours fir Jonker aus eiser Gemeng.

Ënnert dësem Link kanns du dech umellen:
https://forms.gle/uyyNvpvzhALJiL3V8

PROUD TO PRESENT 🤩Säit dem 1. Juli ass de Mario Miranda am Gemengenatelier a wäert d'Ekipp an den nächste Méint ënnerstë...
17/07/2026

PROUD TO PRESENT 🤩

Säit dem 1. Juli ass de Mario Miranda am Gemengenatelier a wäert d'Ekipp an den nächste Méint ënnerstëtzten.

Mir heeschen hie bei eis häerzlech wëllkomm!

Modification ponctuelle du PAG et du PAP-QE - ERRATUM
16/07/2026

Modification ponctuelle du PAG et du PAP-QE - ERRATUM

💧 Wärend dëser Dréchephase ass jiddereen invitéiert fir Drénkwaasser ze spueren.Hei fannt Dir e puer Recommandatioune vu...
15/07/2026

💧 Wärend dëser Dréchephase ass jiddereen invitéiert fir Drénkwaasser ze spueren.
Hei fannt Dir e puer Recommandatioune vum Waasserwirtschaftsamt AGE fir e spuersamen Ëmgang mam Drénkwaasser.

Och mir als Gemeng setzen eis dofir an, eis Waasserressourcen verantwortungsvoll ze notzen, besonnesch bei der Bewässerung vun eise Gréngflächen. Mir probéieren, esou wäit wéi méiglech op eis eege Ressourcen zeréckzegräifen a bewässeren haaptsächlech wärend de killsten Zäite vum Dag.

Eis Zil ass et, de Verbrauch vum Drénkwaasser op e Minimum an op dat Noutwendegst ze reduzéieren a gläichzäiteg eis Grénganlagen an nei Uplanzungen (z.B. Beeter an den deels nei ugeluechte Wues um Fussballsterrain) bewosst ze bewässeren an nohalteg ze erhalen.

🌿 En cette période de sécheresse, chacun est invité à économiser l'eau potable. Vous trouverez ci-dessous les recommandations de l'AGE.

La commune applique également une gestion raisonnée de ses ressources en eau. Les arrosages sont limités au strict nécessaire, privilégiant autant que possible nos propres ressources et les périodes les plus fraîches de la journée.

Ils sont réservés aux plantations et aménagements qui en ont besoin pour assurer leur implantation et préserver durablement les investissements réalisés par la collectivité, notamment les nouvelles plantations et les pelouses récemment aménagées des terrains de football.

Adresse

6 Kiirchestrooss
Biwer
6834

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 11:30
13:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 11:30
Mercredi 08:00 - 11:30
Jeudi 08:00 - 11:30
Vendredi 08:00 - 11:30

Téléphone

+352710008

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Biwer publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Gemeng Biwer:

Raccourcis

Partager