CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg

CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg

++ NEVER FORGET ++Haut viru 25 Joer, um 11. September 2001, koum et an Amerika zou den déidlechsten Terror-Uschléi an de...
11/09/2026

++ NEVER FORGET ++

Haut viru 25 Joer, um 11. September 2001, koum et an Amerika zou den déidlechsten Terror-Uschléi an der jénkster Geschicht. 2.977 Mënschen hunn deen Dag hiert liewe verluer, dorënner och 343 Pompjeeë vum New York City Fire Department (NYFD).

Op dësem Joresdag denke mir besonnesch un all déi Leit, déi probéiert hunn, villen aanere Leit d'Liewen ze retten, an dëst selwer mat hirem Liewen hu misste bezuelen.

21/08/2026

++ Gëff Jugendpompjee ++

Du hues Loscht op eng spannend Erfarung, en Abléck an d'Welt vun de Rettungsdéngschter ze kréien, an theoreteschen a prakteschen Übunge villes fir d'Liewe léieren an dech an enger flotter Equipe ze entwéckelen? Du wëlls däin éischte Schrëtt maachen, fir mat 16 bei déi "grouss" Pompjeeën ze goen?

Da gëff Jugendpompjee zu Beetebuerg. D'Übungen si Samschdes vun 09h30-11h30 a riichten sech u Kanner a Jugendlech tëscht 8 a 16 Joer.

Intresséiert oder Froen? Da mell dech op [email protected] oder um 49771-6444.

Rappel!
16/08/2026

Rappel!

++ ℹ🇱🇺 Méiglech Gerochsbelästegung duerch Brand an der Belsch ++

Bedéngt duerch de grousse Vegetatiounsbrand an den Hautes Fagnes (B) an der aktueller Wandrichtung besteet iwwert déi nächst Stonnen d'Méiglechkeet vun enger Gerochsbelästegung an och vun Damp an der Loft. Dës steet an direktem Zesummenhang mam Brand an der Belsch a net mat engem Feier zu Lëtzebuerg.

Sollt dëst de Fall sinn, ass et d'Recommandatioun, d'Fënsteren an d'Dieren zouzehalen an d'Belëftung auszeschalten.

++ ℹ🇫🇷 Possibilité d'odeur de fumée suite à incendie en Belgique ++

En raison du feu de végétation actuellement en cours dans les Hautes Fagnes (B) et compte tenu de la direction actuelle du vent, des odeurs de feu ainsi que la présence de fumée dans l’air pourraient être constatées au cours des prochaines heures.
Cette situation est directement liée à l’incendie en Belgique et non à un incendie au Luxembourg.

Si vous constatez une odeur de fumée ou de la fumée dans l’air, il est recommandé de maintenir les fenêtres et les portes fermées et de couper les systèmes de ventilation.

Bettembourg

++ ℹ🇱🇺 Méiglech Gerochsbelästegung duerch Brand an der Belsch ++Bedéngt duerch de grousse Vegetatiounsbrand an den Haute...
15/08/2026

++ ℹ🇱🇺 Méiglech Gerochsbelästegung duerch Brand an der Belsch ++

Bedéngt duerch de grousse Vegetatiounsbrand an den Hautes Fagnes (B) an der aktueller Wandrichtung besteet iwwert déi nächst Stonnen d'Méiglechkeet vun enger Gerochsbelästegung an och vun Damp an der Loft. Dës steet an direktem Zesummenhang mam Brand an der Belsch a net mat engem Feier zu Lëtzebuerg.

Sollt dëst de Fall sinn, ass et d'Recommandatioun, d'Fënsteren an d'Dieren zouzehalen an d'Belëftung auszeschalten.

++ ℹ🇫🇷 Possibilité d'odeur de fumée suite à incendie en Belgique ++

En raison du feu de végétation actuellement en cours dans les Hautes Fagnes (B) et compte tenu de la direction actuelle du vent, des odeurs de feu ainsi que la présence de fumée dans l’air pourraient être constatées au cours des prochaines heures.
Cette situation est directement liée à l’incendie en Belgique et non à un incendie au Luxembourg.

Si vous constatez une odeur de fumée ou de la fumée dans l’air, il est recommandé de maintenir les fenêtres et les portes fermées et de couper les systèmes de ventilation.

Bettembourg

++ First Aid Course in Bettembourg ++The Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) is organizing a free first a...
11/08/2026

++ First Aid Course in Bettembourg ++

The Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) is organizing a free first aid course in english in Bettembourg.

Learn how to respond to accidents and medical emergencies, how to make a standardized emergency call, and how you can help save lives!

The course takes place over 16 hours:
31.08.2026: 08:00–17:00
01.09.2026: 08:00–17:00

Register now:
https://cours.cgdis.lu/page/module/3864/DEU/index.html?cache=no

17/07/2026

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën invitéiert op den 3. Pompjeesquiz, Samschdes den 21. November 2026. Mell deng Equipe elo un!

++ Erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn ++Mat den unhalend héijen Temperaturen an der domat verbonnener Drëchent ass de...
13/07/2026

++ Erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn ++

Mat den unhalend héijen Temperaturen an der domat verbonnener Drëchent ass de Risiko vu Vegetatiounsbränn aktuell op engem ganz héije Niveau. Heiduerch kënne scho kleng Brandquellen zu engem gréissere Vegetatiounsbrand féieren.

Dofir ass et wichteg, opzepassen, fir eventuell Bränn ze vermeiden!

- Maacht kee Feier am Fräien! Wann dir a kontrolléierte Beräicher grillt, denkt dru Waasser oder e Feierläscher prett ze hunn.
- Geheit keng Zi******en oder Äsche vum Grill an d'Natur.
- Geheit keng Glasfläschen an d'Natur.
- Stellt är Gefierer net an d'Wiss oder op Felder

Fir dass d'Rettungsdéngschter séier op hier Plaz kommen, ass et wichteg, dass dir just op virgesinne Plaze parkt an net op Bëschweeër oder Accès'en an d'Bëscher.

Wann et zu engem Feier kënnt ass et wichteg, direkt den 112 unzeruffen!

++ Eischt Hëllef Cours zu Beetebuerg ++De CGDIS organiséiert vum 5. op de 6. September 2026 e gratis Eischt Hëllef Cours...
26/06/2026

++ Eischt Hëllef Cours zu Beetebuerg ++

De CGDIS organiséiert vum 5. op de 6. September 2026 e gratis Eischt Hëllef Cours zu Beetebuerg am Asazzenter.

Dir kënnt iech vun elo un umellen ënnert: https://cours.cgdis.lu/page/module/3847/DEU/index.html?cache=no

Léier Liewe retten - maach en 1. Hëllef Cours

++ Erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn ++Mat den unhalend héijen Temperature klëmmt de Risiko vu Vegetatiounsbränn kon...
24/06/2026

++ Erhéichte Risiko vu Vegetatiounsbränn ++

Mat den unhalend héijen Temperature klëmmt de Risiko vu Vegetatiounsbränn kontinuéierlech a wäert Enn der Woch e ganz héije Niveau erreechen. Scho kleng Brandquelle kënnen dann duergoen, fir e Brand auszeléisen.

Dofir ass et wichteg, opzepassen, fir eventuell Bränn ze vermeiden!

- Maacht kee Feier am Fräien! Wann dir a kontrolléierte Beräicher grillt, denkt dru Waasser oder e Feierläscher prett ze hunn.
- Geheit keng Zi******en oder Äsche vum Grill fort.
- Geheit keng Glasfläschen an d'Natur.
- Stellt är Gefierer net an d'Wiss oder op Felder

Wann et zu engem Feier kënnt ass et wichteg, direkt den 112 unzeruffen!

++ Virowend Nationalfeierdag 🇱🇺 ++Wéi all Joers war den CIS Bettembourg och dëst Joer nees um Virowend Nationalfeierdag ...
23/06/2026

++ Virowend Nationalfeierdag 🇱🇺 ++

Wéi all Joers war den CIS Bettembourg och dëst Joer nees um Virowend Nationalfeierdag zu Beetebuerg dobäi, dëst esou wuel mat de Jugendpompjeeën ewéi och mat eisen aktive Memberen.

Mir wënschen iech all e schéine Nationalfeierdag.

🇱🇺 Vive de Grand-Duc 🇱🇺 Vive Lëtzebuerg 🇱🇺

Adresse

2-4, Rue J./H. Polk
Bettembourg
3275

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CIS Bettembourg - Centre d'Incendie et de Secours Bettembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager