Commune de Putscheid

Commune de Putscheid Putscheid est une localité luxembourgeoise et une commune dont elle est le chef-lieu située dans le canton de Vianden.

🇱🇺 Wéinst Erneierungsaarbechten ass de Beachvolleyballterrain op der Plaz fir All vum 07.09.2026 bis den 09.09.2026 gesp...
07/09/2026

🇱🇺 Wéinst Erneierungsaarbechten ass de Beachvolleyballterrain op der Plaz fir All vum 07.09.2026 bis den 09.09.2026 gespaart.

🇫🇷 En raison de travaux de rénovation, le terrain de beach-volley sur la "Plaz fir All" restera fermé du 07.09.2026 jusqu'au 09.09.2026.

🇱🇺 Sonndes, de 6. September 2026 passéiert déi 36ten Editioun vun der Vëloscourse "Charly Gaul" eis Gemeng. 👇 Hei drënne...
04/09/2026

🇱🇺 Sonndes, de 6. September 2026 passéiert déi 36ten Editioun vun der Vëloscourse "Charly Gaul" eis Gemeng.
👇 Hei drënner fannt Dir de genaue Parcours. Mir bieden Iech, op d'Vëlosfuerer opzepassen.
Weider Informatiounen an Detailer fannt Dir op www.lacharlygaul.lu

🇫🇷 Le dimanche 6 septembre 2026 aura lieu la 36e édition de la cyclosportive « Charly Gaul », qui traversera notre commune.
👇 Vous trouverez ci-dessous le parcours détaillé. Nous vous prions de faire attention aux cyclistes.
Vous trouverez davantage d’informations et de détails sur www.lacharlygaul.lu.

🇱🇺 De 17. September 2026 fënnt um 19:00 Auer zu Pëtschent am Festsall "Plaz fir All" eng Info-Sessioun zum dem Thema "Re...
03/09/2026

🇱🇺 De 17. September 2026 fënnt um 19:00 Auer zu Pëtschent am Festsall "Plaz fir All" eng Info-Sessioun zum dem Thema "Ressource Waasser" statt.

Dësen Informatiounsowend steet am Zeeche vun der Nohaltegkeet a gëtt als Green Event organiséiert. An dësem Kader probéiere mir den Ressourcëverbrauch op ee Minimum ze reduzéieren a mir leeë grousse Wäert op d’Trenne vum Offall.
Iess- a Gedrénksproduite sinn aus lokaler, regionaler oder Bio-Produktioun, resp. Fairtrade-Produiten.

De Festsall “Plaz fir All” läit direkt beim Busarrêt Pëtschent, Gemeng an ass deemno gutt mam ëffentlechen Transport ze ereechen. Och sinn Vëlosstänner op der Plaz.

All Infoen iwwert den ëffentlechen Transport fannt Dir hei: www.mobilitéit.lu

Méi Informatiounen iwwert Green Events fannt Dir op www.greenevents.lu

🇱🇺 🚧Route barrée🚧👉Ponts & Chaussées informéiert, dat wéinst Aarbechten d'Bréck op der N10 op der Héicht vun der Maschinn...
02/09/2026

🇱🇺 🚧Route barrée🚧
👉Ponts & Chaussées informéiert, dat wéinst Aarbechten d'Bréck op der N10 op der Héicht vun der Maschinn N°10 vun der SEO de 8. September 2026 an de 15. September 2026 gespaart ass. Eng Deviatioun gëtt ageriicht.
🚌 Dëst huet och Auswierkungen op de Busreseau:
👉 De Bus 181 fiert just bis op den Arrêt Veianen-Gare. Heiduerch ginn d'Arrête Veianen-Bréck an -Aale Moart, souwéi d'Uertschafte Bivels, Stolzebuerg, Ënnereesbech an Uewereesbech net ugefuer.
👉 De Bus 182 fiert vum Arrêt Bivels-Bei der Kiirch aus. Heiduerch gëtt den Arrêt Bivels-Op der Millen, souwéi d'Uertschaft Veianen net ugefuer.

🇫🇷 🚧 Route barrée 🚧
👉 L'Administration des Ponts et Chaussées informe qu'en raison de travaux le pont situé sur la N10, à hauteur de la machine n°10 de la SEO, sera fermé le 8 septembre 2026 et le 15 septembre 2026. Une déviation sera mise en place.
🚌 Ces travaux auront également des répercussions sur le réseau de bus:
👉 La ligne de bus 181 aura son origine et son terminus à l'arrêt Vianden-Gare. Par conséquent, les arrêts Vianden-Bréck et Vianden-Aale Moart, ainsi que les localités de Bivels, Stolzembourg, Untereisenbach et Obereisenbach, ne seront pas desservis.
👉 La ligne de bus 182 aura son origine et son terminus à l'arrêt Bivels-Bei der Kiirch. Par conséquent, l'arrêt Bivels-Op der Millen et la localité de Vianden ne seront pas desservis.

🇱🇺 De Naturpark Our invitéiert op seng Klimapakt-Assises ronderëm d'Thema Energiewend mam Titel "Wir kriegen die Kurve!?...
31/08/2026

🇱🇺 De Naturpark Our invitéiert op seng Klimapakt-Assises ronderëm d'Thema Energiewend mam Titel "Wir kriegen die Kurve!?"

D'Veranstaltung riicht sech un all Interesséiert a kann ouni Basiskenntnisser besicht ginn.

De Prof. Dr. Christian Stöcker ass Psycholog, Journalist, Auteur a Professer fir Digital Kommunikatioun op der HAW Hamburg. Virdru war hie méi wéi eelef Joer fir SPIEGEL ONLINE täteg. Haut beschäftegt hien sech intensiv mat de groussen Transformatiounsprozesser vun eiser Zäit an domat, wéi technologesch Entwécklungen, gesellschaftleche Wandel an Energiewend zesummespillen. Als Auteur vu verschiddene Sachbicher a laangjäregen SPIEGEL-Kolumnist versteet hien et, komplex Zesummenhäng verständlech, fundéiert a pointéiert ze vermëttelen.

A sengem Virtrag hëlt de Prof. Dr. Stöcker Iech mat op eng spannend an anschaulech Rees duerch d'Energiewend a weist, mat wéi engem beandrockenden Tempo den Ëmbau hin zu erneierbaren Energien haut scho virugeet – a wéi eng Erausfuerderungen nach virun eis leien.

Well d'Zuel vun de Participante limitéiert ass, biede mir Iech, Iech iwwer de QR-Code um Flyer respektiv ënnert follgendem Ling unzemellen: https://forms.cloud.microsoft/e/i5bLiemxec?origin=lprLink

Vum 7. September bis den 18. Oktober 2026 leeft déi 5. Editioun vun der nationaler Vëloscampagne GoGo VELO. 🚲Den Naturpa...
28/08/2026

Vum 7. September bis den 18. Oktober 2026 leeft déi 5. Editioun vun der nationaler Vëloscampagne GoGo VELO. 🚲

Den Naturpark Our ass dëst Joer fir d’éischte Kéier als Sponsor dobäi a stellt fir d’Participanten aus eiser Regioun verschidde Präisser zur Verfügung:
👉 25 km mam Vëlo → Naturpark Our Strëmp
👉 50 km mam Vëlo → Naturpark Our Buff
👉 100 km mam Vëlo → Naturpark Our Prabbeli
👉 Op 18 vun de 42 Campagnendeeg mam Vëlo fuere → Chance op en 0-km-Teller am Wäert vun 100 €

Wéi kann ee matmaachen?
D’Participatioun leeft iwwer d’Radbonus II App. De Prinzip ass ganz einfach:
1⃣ Radbonus II App eroflueden
2⃣ Bei der Registréierung den Zougangscode GOGOVELO aginn
3⃣ Duerno an der App d’Welt „Naturpark“ auswielen
4⃣ Mam Vëlo op d’Aarbecht, an d’Schoul oder an der Fräizäit fueren
5⃣ D’Touren iwwer d’App opzeechnen, Kilometer sammelen an d’Challengen erreechen

ℹ Fir datt déi gefuere Kilometer korrekt erfaasst ginn, muss d’Standuert-Erlaabnis fir d’App um Smartphone aktivéiert sinn. D’Donnéeë ginn dobäi no den däitschen Dateschutzbestëmmunge verschafft.

⚠️ WICHTEG INFORMATIOUN – DAMP A GEROCH DUERCH VEGETATIOUNSBRÄNN AN DER BELSCH 🔥Wéinst de groussen Vegetatiounsbränn an ...
16/08/2026

⚠️ WICHTEG INFORMATIOUN – DAMP A GEROCH DUERCH VEGETATIOUNSBRÄNN AN DER BELSCH 🔥

Wéinst de groussen Vegetatiounsbränn an den Héije Venn an der Belsch kënnen den Damp an de Geroch vum Feier aktuell och bis an eis Regioun gedroe ginn. D’Auswierkunge vum Brand si mëttlerweil och bei eis ukomm.

👉 Mir bieden eis Awunner dofir, Fënsteren an Dieren zou ze halen an aktuell wa méiglech net ze lëften, besonnesch wann Damp oder e staarke Brandgeroch festgestallt gëtt.

🔥 Weiderhin héich Vegetatiounsbrandgefor

Duerch déi aktuell Wieder- an Dréchentkonditioune bleift och bei eis eng erhéicht Gefor vu Vegetatiouns- a Bëschbränn bestoen. Mir bieden dofir ëm besonnesch Virsiicht an der fräier Natur:

• keng Zi******en oder aner glousend Géigestänn ewechgeheien;
• kee Feier an der Natur maachen;
• all Aktivitéit vermeiden, déi Funken oder eng Entzündung verursaache kéint;
• bei enger Feier- oder Dampentwécklung direkt den 112 alarméieren.

🙏 Merci fir Är Virsiicht an Äert verantwortungsbewosst Verhalen.

⚠️ INFORMATION IMPORTANTE – FUMÉES ET ODEURS LIÉES AUX FEUX DE VÉGÉTATION EN BELGIQUE 🔥

En raison des importants feux de végétation dans les Hautes Fagnes en Belgique, des fumées ainsi qu’une odeur de brûlé peuvent actuellement être transportées jusque dans notre région. Les effets de l’incendie sont désormais également perceptibles dans notre région.

👉 Nous invitons dès lors nos habitants à garder les fenêtres et les portes fermées et à éviter, dans la mesure du possible, d’aérer les habitations, notamment en présence de fumées ou d’une forte odeur de brûlé.

🔥 Risque toujours élevé de feux de végétation

Compte tenu des conditions météorologiques et de la sécheresse actuelles, le risque de feux de végétation et de forêt reste également accru dans notre région. Nous appelons donc chacun à faire preuve d’une vigilance particulière dans la nature :

• ne pas jeter de ci******es ou d’objets incandescents ;
• ne pas allumer de feu en pleine nature ;
• éviter toute activité susceptible de produire des étincelles ou de provoquer un départ de feu ;
• en cas de départ de feu ou de dégagement de fumée, alerter immédiatement le 112.

🙏 Merci à toutes et à tous pour votre vigilance et votre comportement responsable.

🇱🇺 🚧Route barrée🚧👉Wéinst der Manifestation "4 Stonne Velo Grooljen" ass d'Haaptstrooss zu Grooljen de 15. August 2026 fi...
13/08/2026

🇱🇺 🚧Route barrée🚧
👉Wéinst der Manifestation "4 Stonne Velo Grooljen" ass d'Haaptstrooss zu Grooljen de 15. August 2026 fir den Traffic gespaart.
🚌 Dëst huet och Auswierkungen op de Busreseau. D'Uertschafte Grooljen a Mierschent, sou wéi de Busarrêt Weller, Gemengebau ginn de15. August 2026 vun 13:00 bis 18:00 Auer net vun der Buslinn 138 ugefuer.

🇫🇷 🚧 Route barrée 🚧
👉 En raison de la manifestation "4 Stonne Velo Grooljen", la rue principale à Gralingen sera fermée à la circulation le 15 août 2026.
🚌 Cette fermeture aura également des répercussions sur le réseau de bus. Les localités de Gralingen et Marscheid, ainsi que l'arrêt "Weiler, Gemengebau" ne seront pas desservis par la ligne 138 le 15 août 2026 de 13h00 à 18h00.

❗ Fermeture exceptionnelle ❗🇱🇺 D'Bureaue vun der Gemengeverwaltung bleiwen e Freideg, 14. August 2026 vun 14:00 bis 17:0...
13/08/2026

❗ Fermeture exceptionnelle ❗
🇱🇺 D'Bureaue vun der Gemengeverwaltung bleiwen e Freideg, 14. August 2026 vun 14:00 bis 17:00 Auer ausnamsweis zou.
Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.
🇫🇷 Les bureaux de l'administration communale resteront exceptionnellement fermés le vendredi, 14 août 2026 de 14h00 à 17h00.
Nous vous remercions pour votre compréhension.

⚠️ INFORMATIOUN – INCIDENT AM PARC HOUSENUm Donneschdegowend, de 6. August 2026, koum et am Parc Housen zu engem gréisse...
07/08/2026

⚠️ INFORMATIOUN – INCIDENT AM PARC HOUSEN

Um Donneschdegowend, de 6. August 2026, koum et am Parc Housen zu engem gréisseren Asaz vum CGDIS, nodeems verschidde Kanner an Educateuren aus enger Vakanzekolonie en Hautausschlag mat staarkem Juckreiz entwéckelt haten.

Déi betraffe Persoune goufe medezinesch kontrolléiert a behandelt. Si konnten alleguer nach an der Nuecht erëm heem respektiv zeréck an d’Kolonie goen.

Als Ursaach goufen Näschter vum Eichenprozessiounsspënner op der Spillplaz beim „Centre écologique“ identifizéiert. Ronderëm déi betraffe Plaz gouf direkt e Sécherheetsperimeter mat Beschëlderung ageriicht. D’Näschter gi vun der ANF an enger Spezialfirma fachgerecht ewechgeholl.

Mir bieden d’Ëffentlechkeet, de Sécherheetsperimeter an d’Beschëlderung op der Plaz strikt ze respektéieren.

De komplette Communiqué vun der Gemeng Parc Housen an dem SISPOLO fannt Dir an der Annexe.

Adresse

Putscheid

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 12:00
14:00 - 19:00
Vendredi 08:00 - 12:00
14:00 - 17:00

Téléphone

+352285593

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Commune de Putscheid publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Commune de Putscheid:

Raccourcis

Partager