Piraten Bezierk Süden

Piraten Bezierk Süden De Bezierk Süden vun der Piratepartei Lëtzebuerg

http://www.piraten.lu

14/09/2026

RTL: Eng kleng Diskussioun gouf et just mat Bléck op d'Gesetzgebung vun de Marchés publics. De Marc Goergen vun de Piraten huet kritiséiert, datt et quasi keng Suitten hätt, wa sech net un d'Gesetz gehale géing ginn, dat hätt ee rezent an der Gemeng Péiteng, méi genee zu Rodange, gesinn, wou ee Parking fir 8 bis 9 Milliounen Euro gebaut géing ginn, ouni datt e virdrun ausgeschriwwe gi wier.

"Dat eenzegt, wat den Inneminister do mécht, ass de béise Fanger weisen an ee Bréif schreiwen. Do hunn ech de Moien eng Question parlementaire mat enger dommer Äntwert zeréckkritt, sou wéi, 'kuckt net méi weider den Dossier'. An dat ass eben ee vun de Problemer hei zu Lëtzebuerg, wann esou Saache geschéien, muss och eng Suite do sinn an et kann net einfach sinn, datt dann einfach ewechgekuckt gëtt. An dat ass eng Diskussioun, déi mer de Moien haten, nodeems aner Parteie gemengt hunn, datt d'Marchés-publics-Gesetz vläicht ze streng wier, do si mir als Piraten natierlech anerer Meenung, och wann een aner Projete kuckt, ob dat lo d'Opfaart Féiz ass oder aner Projete ronderëm den Tram an de GRIDX."

https://www.rtl.lu/news/national/dei-laang-delaie-sinn-dee-greisste-problem-vum-letzebuerger-justizsystem-954877408

13/09/2026
10/09/2026

COMMUNIQUÉ:
Demokratie gehéiert de Bierger

D’Piratepartei wäert sech net un der sougenannter „Plattform fir Demokratie“ vu CSV, DP, LSAP an déi Gréng bedeelegen.

Fir eis ass d’Äntwert kloer: Nee.

Mir Piraten sti fir Demokratie, Rechtsstaatlechkeet a Meenungsfräiheet. Mee fir Internetzensur, ëmmer méi Kontroll vun Online-Plattformen an d’Aschränkung vu fräie Meenunge sti mir net zur Verfügung.

Strofrelevant Inhalter, Menacen oder Opriff zu Gewalt musse verfollegt ginn. Dofir hu mir Gesetzer an e Rechtsstaat. Mee Demokratie bedeit och, Kritik an onbequem Meenungen auszehalen.

CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn och kee Monopol op Demokratie.

Zu Lëtzebuerg ginn et weider demokratesch Parteien, wéi d’Piraten, Fokus oder déi Lénk. Um Enn ass et de Bierger, dee bei de Walen decidéiert, wie säi Vertraue kritt.

An genee dee Wielerwëlle muss respektéiert ginn.

An de leschte Joren hunn déi traditionell Parteien souwuel an der Chamber wéi och an eenzele Gemenge gewielte Piraten-Mandatsträger an hir Reien opgeholl. Dës Mandater goufen awer mat Piratenstëmme gewonnen.

Wann esou Mandater duerno benotzt ginn, fir déi eege Muecht ze erhalen oder ze stäerken, ass et schwéier, sech gläichzäiteg als besonnesche Verdeedeger vum Wielerwëllen duerzestellen.

D’Bierger hunn Piraten gewielt, net CSV, LSAP oder déi Gréng.

Datt déi véier traditionell Parteien elo ëmmer méi enk zesummeréckelen, iwwerrascht eis net. D’Piraten ginn op ville Plaze méi staark.

Zu Péiteng hu mir 2023 18,74 % an 4 vun 19 Sëtz erreecht. 2017 waren et nach 9,18 %. Gläichzäiteg ass d’CSV do vu 41,26 % op 29,28 % gefall.

Och zu Réimech mat 14,65 %, zu Suessem mat 8,27 % an zu Käl/Téiteng mat 8,01 % weisen d’Piraten, datt vill Bierger eng aner Politik wëllen.

Grad do, wou mir méi staark ginn, erliewe mir ëmmer nees, wéi déi véier traditionell Parteie versichen, hir al Muechtstrukturen ze verdeedegen an d’Piraten politesch kleng ze halen.

Dobäi sinn et genee CSV, DP, LSAP an déi Gréng, déi sech zanter Joerzéngten an der Regierungsverantwortung ofwiesselen. Si hunn d’Gesetzer gestëmmt, d’Regierunge gestallt an droen domat eng grouss Verantwortung fir déi aktuell Situatioun am Land.

Wann d’Bierger onzefridde sinn, ass d’Äntwert net méi Kontroll vum Internet an och net e politesche Block vu véier Parteien.

D’Äntwert ass, de Wielerwëllen ze respektéieren.
Demokratie gehéiert net 4 Parteien.

Demokratie gehéiert de Bierger!

Piratepartei Lëtzebuerg

06/09/2026
06/09/2026

🇧🇪🚗💶 Wann d’Belsch eng Autosvignette aféiert, soll Lëtzebuerg net einfach ofwaarden. Lëtzebuerger bezuelen da fir d’Infrastruktur an der Belsch mat. Gläichzäiteg notzen all Dag vill auslännesch Gefierer eis Stroossen, ouni dofir ze bezuehlen!

📎https://goergen.lu/afeierung-vun-der-autosvignette/

06/09/2026

05/09/2026

💸 D’Liewen zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi deier!

Am Verglach mam August 2025:

⚡ Energie: +5,8 %
🍅 Friichtgeméis: +12,5 %
🍓 Gefruerent Uebst: +6,3 %
🍫 Schockela: +5,6 %
✈️ Fluchbilljeeën: +3,6 %
🛠️ Servicer: +2,6 %
👶 Crèchen a Maison-relaisen: +1,8 %
🛒 Liewensmëttel, Alkohol an Tubak: +1,6 %

An dobäi gehéieren eis extrem héich Wunnkäschten nach ëmmer zu de gréisste Belaaschtunge fir d’Leit.

Egal ob beim Akafen, Wunnen, Tanken oder bei den alldeegleche Rechnungen: Um Enn vum Mount bleift ëmmer manner iwwreg. Jiddereen spiert mëttlerweil, datt d’Liewen zu Lëtzebuerg ze deier gëtt.

⚓ Mir Piraten wëllen d’Steieren op klengen a mëttleren Akommes reduzéieren an d’Kafkraaft vun de Leit konkret stäerken. Wie schafft, soll vu sengem Geld gutt liewe kënnen!

🔗 https://www.lessentiel.lu/de/story/luxemburg-1048-punkte-fehlen-noch-bis-zur-naechsten-indextranche-103627478

04/09/2026

Zënter dem Enn vum Nuetstransport vum TICE feelt a ville Südgemengen owes an nuets eng wichteg Verbindung. 🚌❌

🏠 Besonnesch Jugendlecher, Leit ouni Auto an Nuetsschaffender brauchen eng sécher an zouverlässeg Méiglechkeet, fir heemzekommen.

⚓ Sécher duerch d'Nuecht – och ouni Auto!

📎 https://goergen.lu/secher-nuechtsmobiliteit/


03/09/2026

Kurz vor den Ferien läuft der Führerschein ab und der neue ist noch unterwegs. Gibt es eine Übergangslösung oder fällt der Urlaub ins Wasser? Darauf antwortet das Verkehrsministerium auf Anfrage der Piraten.

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+352203337

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten Bezierk Süden publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L’organisation

Envoyer un message à Piraten Bezierk Süden:

Raccourcis

Partager