06/11/2025
Reaktioun Gewerkschaftsfront – D’Gewerkschaftsbosse si falsch op hirer Plaz.
An de leschte Méint hu mir mat Suerg zur Kenntnis geholl, a wéi eng Richtung sech d‘Aktiounen an d’Stellungname vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB, ugefouert vun hire gutt bezuelte Bossen, entwéckelen. Hire Bréif deen haut an der Press verëffentlecht ginn ass, ass u Respektlosegkeet a Selbstduerstellung net ze iwwerbidden. Grad beim OGBL schéngt d’Frustratioun grouss ze sinn, dass si kee Live-Ticker méi vun LSAP Ministeren aus dem Regierungsrot kréien.
Hir eigentlech Roll misst et sinn, déi schaffend Leit ze verteidegen, den Dialog ze sichen an zesumme Brécken ze bauen. Awer amplaz konstruktiv ze sinn, hu si sech fir permanent Provokatioun, extrem Politiséierung an enger Strategie vu reegelrechter Erpressung a Respektlosegkeet entscheet, fir déi ze diskreditéieren, déi hir Siicht net deelen.
Mir refuséieren dës Aart a Weis.
Fannt hei de ganze Communiqué👇🏻
https://csj.lu/wp-content/uploads/2025/11/CSJ-CdP-Gewerkschaften.pdf