MeteoLux Official page of the meteorological department within the Air Navigation Administration (Ministry of Mobility and Public Works).

📈 Den Summer 2026 war um Fluchhafen Findel (WMO 06590) deen wäermsten säit 1947 (Ofwäichungen zur Referenz 1991-2020 a K...
01/09/2026

📈 Den Summer 2026 war um Fluchhafen Findel (WMO 06590) deen wäermsten säit 1947 (Ofwäichungen zur Referenz 1991-2020 a Klammeren)!

🌡️ 20,6 °C (+ 2,7 °C)
☔️ 137,7 l/m² (- 79,3 l/m²)
☀️ 880,3 h (+ 144,4 h)

Detailléierten Bilan:
https://swll.to/prV8e (🇨🇵)
https://swll.to/0HYqma (🇩🇪)

/LM

27/08/2026

⛈️ℹ️ Aktuell deiten d'Modeller dorobber hin, dass den Schwéierpunkt vun der Donnerwiederaktivitéit haut den Owend an wärend der Nuecht méi Richtung Belsch an Nordostfrankräich läit. D'Labilitéit iwwert dem Land ass staark "gedeckelt". Aktuell Satellittebildanimatioun 👇 /LM

⛈️ ℹ️ Fir muer den Owend besteet e Potential fir organiséiert a kräfteg Donnerwiederen wéinst der Iwwerlappung vun enger...
26/08/2026

⛈️ ℹ️ Fir muer den Owend besteet e Potential fir organiséiert a kräfteg Donnerwiederen wéinst der Iwwerlappung vun enger markanter Dynamik mat vill Instabilitéit. Onsécherheeten ginn et nach a punkto geographesch Lokaliséierung an Timing. Updaten kommen no! Aktuell Ensemble-Guidance 👇 /LM

19/08/2026

⚠️ℹ️⛈️ En zolitt bouförmegt Donnerwieder zitt vun Südwesten erfort op! Stuermstéiss an Staarkreen sinn méiglech! Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM

⚠️⛈️   Am Laf vum Owend besteet den Risiko fir déi eng oder aner kräfteg an organiséiert Donnerwiederzell. Mam Passage v...
19/08/2026

⚠️⛈️ Am Laf vum Owend besteet den Risiko fir déi eng oder aner kräfteg an organiséiert Donnerwiederzell. Mam Passage vun der Perturbatioun sinn innerhalb vun e puer Stonnen Reequantitéiten vun 15-30 l/m² méiglech. Weider Updaten kommen no! /LM

🌧️❓ En Mëttwoch den Owend kéint e kräftegt Reegebitt mat gréisseren Quantitéiten (15-30 l/m²) iwwert d'Land zéien. D'Ons...
18/08/2026

🌧️❓ En Mëttwoch den Owend kéint e kräftegt Reegebitt mat gréisseren Quantitéiten (15-30 l/m²) iwwert d'Land zéien. D'Onsécherheeten sinn aktuell nach grouss (👇🏻), dowéinst gëlt et ofzewaarden wéi d'Modellberechnungen weider evoluéieren wäerten. /LM

ℹ️🌧️ Haut de Mueren huet et mol no laanger Zäit nees flächendeckend am Land gereent. Vill koum awer net erof: 0,5-2 l/m²...
17/08/2026

ℹ️🌧️ Haut de Mueren huet et mol no laanger Zäit nees flächendeckend am Land gereent. Vill koum awer net erof: 0,5-2 l/m², un der Nordspëtzt vum Land bis 3 l/m² 👇🏻 /LM

16/08/2026

🛰️ 🔥 Op den aktuellen Satellittebiller ass déi diffus Verbreedung vum Damp vum Bëschbrand an der Belsch gutt zu erkennen (gréngelzeg Faarf lénks um Bild). Iwwert dem Éislek ass och en Dampschleier ze gesinn. /LM

15/08/2026

🛰️🔥 Um neien Feierkomposit vum MTG-Satellit (aktuell Animatioun 👇) erkent een d'Intensitéit vum Bëschbrand an den Ardennen. Och bei der belsch-franséischer Grenz war e Feier ugaangen. Mat enger Nordkomponent vum Wand wärend der Nuecht wäert och méi Damp an eis Richtung zéien. /LM

15/08/2026

ℹ️🔥Den Bëschbrand an den Ardennen un der däitscher Grenz ass och op den Donnéeën vum belschen Wiederradar zu Wideumont ze erkennen. Déi héich Densitéit u Partikelen an der Dampwollek suergt fir schwaach Reflektivitéiten. Animatioun vun gëschter 16h00 bis haut 14h20 👇/LM

Adresse

4. Rue De Trèves
Luxembourg
2632

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque MeteoLux publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager