30/04/2026
E ganz gelongenen Owend um Gala-Concert vun der Harmonie Äischen!
Mat vill Passioun an Engagement hunn d’Museker gewisen, wéi staark a lieweg eist Veräinsliewen an der Gemeng Habscht ass. Genee dat mécht eis aus.
Fir eis ass kloer: esou Initiativen solle weider gestäerkt a gefërdert ginn!
E grousse Merci un all d’Musikanten an d’Organisateuren fir hiren Asaz. Déi vill Nolauschterer - iwwer 200 - hunn déi flott Ambiance vum Owend ënnerstrach.