14/09/2026
RTL: Eng kleng Diskussioun gouf et just mat Bléck op d'Gesetzgebung vun de Marchés publics. De Marc Goergen vun de Piraten huet kritiséiert, datt et quasi keng Suitten hätt, wa sech net un d'Gesetz gehale géing ginn, dat hätt ee rezent an der Gemeng Péiteng, méi genee zu Rodange, gesinn, wou ee Parking fir 8 bis 9 Milliounen Euro gebaut géing ginn, ouni datt e virdrun ausgeschriwwe gi wier.
"Dat eenzegt, wat den Inneminister do mécht, ass de béise Fanger weisen an ee Bréif schreiwen. Do hunn ech de Moien eng Question parlementaire mat enger dommer Äntwert zeréckkritt, sou wéi, 'kuckt net méi weider den Dossier'. An dat ass eben ee vun de Problemer hei zu Lëtzebuerg, wann esou Saache geschéien, muss och eng Suite do sinn an et kann net einfach sinn, datt dann einfach ewechgekuckt gëtt. An dat ass eng Diskussioun, déi mer de Moien haten, nodeems aner Parteie gemengt hunn, datt d'Marchés-publics-Gesetz vläicht ze streng wier, do si mir als Piraten natierlech anerer Meenung, och wann een aner Projete kuckt, ob dat lo d'Opfaart Féiz ass oder aner Projete ronderëm den Tram an de GRIDX."
https://www.rtl.lu/news/national/dei-laang-delaie-sinn-dee-greisste-problem-vum-letzebuerger-justizsystem-954877408